Search

You may also like

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!
Neiegkeeten

Et geet duer! – Schluss mam organisatoresche Chaos!

Eng Woch no der Reprise am Fondamental schéckt de MENJE

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…
Neiegkeeten

Et ass Fréijoer d‘Petitioune spréissen…

Zanter dem leschte Mëttwoch sinn 14 nei an 11 al

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren
Neiegkeeten

Lues awer sécher: Kanada um gudde Wee de rekreative Cannabis ze legaliséieren

Kanada huet e weidere Schratt a Richtung Legaliséierung vum rekreative

Homicide zu Schëffleng: Si huet hire Brudder mam Messer erstach

Homicide zu Schëffleng: Si huet hire Brudder mam Messer erstach

Gëschter Owend koum et zu Schëffleng zu enger déidlecher Messerattack. Den Noutdokter konnt d’Affer vu 44 Joer net retten, de Mann ass nach op der Plaz u senge Blessure gestuerwen.

Zur Waff gegraff huet seng eege Schwëster vu 36 Joer. Si konnt kuerz no der Dot verhaft ginn a gouf haut de Mëtteg dem Riichter virgefouert. Wisou et zu dëser grujeleger Attack komm konnt, ass bis ewell net gewosst.

D’Sektioun „Homicide“ vun der technescher Police vun der Kriminalpolice hunn eng Enquête opgemaach. Op der Plaz waren och en Ënnersichungsriichter, sou wéi de Parquet.

Et geet virun am Mordfall vu Bouneweg

Dës weidere gouf säitens der Justiz matgedeelt, datt am Fall vum Mord, deen um 26. Januar 2021 un engem 18 järege Schüler zu Bouneweg stattfonnt huet, gëschter zesumme mat de Beschëllegten an hiren Affekoten d’Dot viru Geriicht nogestallt gouf, fir esou an dësem Fall e bessere Verständnis ze kréien.

Deelgeholl un dëser Sitzung hunn och Representante vun der technescher Police , der Kriminalpolice an der Police aus dem Zentrum, sou wéi ee Magistrat vum Lëtzebuerger Parquet.

Opmaacherbild: © Hamed Mohtashami / unsplash

Related topics 18 järegt Affer, Bouneweg, Dout, Homicide, Kriminalpolice, Messerattack, Mord, Parquet, Schëffleng, Schwëster erstach
Next post Previous post