Search

You may also like

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht
Neiegkeeten

Iwwert 600 Persoune waren 2017 ouni Führerschäi mam Auto ënnerweess a goufen erwéscht

Dobäi sinn dës Zuele méi niddreg, wéi nach am Joer

Eng Ried an der Isolatiounskummer
Neiegkeeten

Eng Ried an der Isolatiounskummer

Säit Joeren scho gëtt sech déi lokal an international ICT-Szen

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen
Neiegkeeten

COVID-19: Wann Natur an Ëmwelt sech erhuelen

Endlech kann d’Natur nees opootmen. Datt de Mënsch sech duerch

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon

En Hommage un d’Anne-Marie von Arx-Vernon

D’Associatioun Stand Speak Rise Up!, eng Initiative sou S.A.R. der Groussherzogin, erweist der Madamm Anne-Marie von Arx-Vernon, Member vum wëssenschaftleche Comité, eng lescht Éier. Um Donneschdeg, de 4. Juni 2020 ass si verstuerwen.

D’Anne-Marie von Arx-Vernon, Deputéiert beim héije Rot vu Genf, huet hiren Deel zu de Rechter am Beräich vun der haislecher Gewalt an Reglementer zur Prostitutioun bäigedroen. Besonnesch engagéiert war si am Kampf géint de Mënschenhandel a Gewalt géint Fraen. Wärend 20 Joer war si stellvertriedend Direktesch vun der Fondatioun „Au Coeur des Grottes“, en Opnamezentrum fir Fraen a Kanner a schwierege Situatiounen.

Anne-Marie von Arx-Vernon

Als Expertin op hirem Gebitt gouf d’Anne-Marie von Arx-Vernon perséinlech vu S.A.R. der Groussherzogin op de Forum Stand Speak Rise Up! am Mäerz 2019 invitéiert. Virun allem beim Workshop zur Inclusioun vu Kanner, déi duerch Vergewaltegungen entstane sinn, huet si konkret Fäll vu Persounen, deene si gehollef huet, ervir bruecht. Uschléissend ass si am September 2019 dem wëssenschaftleche Comité vun der Associatioun bäigetrueden.

D’Anne-Marie von Arx-Vernon huet sech bei Projeten engagéiert, un déi si gegleeft huet. Si war eng Fra mat Éier, mat Asaz a mat Engagement fir zukünfteg Generatiounen.

Opmaacherbild: © SSRU / SIPA Press

Related topics Anne-Marie von Arx-Vernon, Engagement, haislech Gewalt, Hommage, lescht Éier, Mënschenhandel, Prostitutioun, Stand Speak Rise Up
Next post Previous post