Editorial: Koalitiounsgespréicher si kee Wonschconcert
Um Mëtternuecht war et zu Berlin endlech esouwäit: d‘Sondéierungsgespréicher sinn
Um Mëtternuecht war et zu Berlin endlech esouwäit: d‘Sondéierungsgespréicher sinn
Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net
Nodeems ee Sonndeg déi belsch Inneministesch Annelies Verlinden een neit
1979 – d’Joer, un deem den OGBL gegrënnt ginn ass – war den Armand als Employé bei enger Bank ee vun de Grënnungsmembere vum OGBL-Syndikat Banken a Versécherungen (SBA), wou hien d’Presidentschaft 1983 iwwerholl huet.
Schonn 1981 ass den Armand Member vum OGBL-Nationalvirstand ginn, ee Mandat, dat hie bis 2005 hat.
1983 ass hien och als SBA-President der OGBL-Exekutiv bäigetrueden. Hien ass do bis 2004 Member bliwwen, bis hin d’Presidentschaft vum SBA opginn huet.
Doriwwer hannenaus war den Armand Drews Member vun der OGBL-Iwwerwaachungskommissioun, wou hien och zënter 2015 de Virsëtzende war.
Hie war eng Stäip vum Gewerkschaftswiesen vun de privaten Employéen am OGBL a vu senger Sektioun. Esou gouf hien 1986 zum OGBL-Vizepresident gewielt, eng Positioun, déi hie bis 2004 wouer geholl huet.
Den Armand war och Member vun der Kummer fir privat Salariéen (CEPL), an där hien 1988 eng éischt Kéier gewielt ginn ass. Bis 2008 ass hien hire gewielte Member bliwwen. Tëscht 1999 an 2008 war hie souguer Member vum CEPL-Virstand.
Dobäi kënnt, datt den Armand Member vum Virstand vun der Krankekeess fir privat Salariéen (CMEP) war a bis 2018 Member vum Virstand vun der Nationaler Gesondheetskeess (CNS).
Wéi 2006 d’ONG OGBL Solidarité syndicale, zesumme mat der Internationaler Aarbechtsorganisatioun (ILO) de Projet Ghana-Luxembourg Social trust an d’Liewe geruff huet, hat den Armand d’Koordinatioun iwwerholl a war uschléissend déi dreiwend Kraaft vun der ONG.
Den Armand wäert eis als Beispill an Erënnerung bleiwen. Hien huet déi vum OGBL gedroe Saache vum gewerkschaftlechen Asaz virugedriwwen.
Mat sengem Dout verléiere mir net nëmmen een éierlechen an engagéierte Kolleg, mee och een opriichtegen, unerkannten a geschate Frënd vun eis all.
Arm, mir vermëssen dech elo schonn.
Rou a Fridden.
Matgedeelt vum OGBL