Search

You may also like

Kulturfabrik – De Programm vum 27. Juli bis den 1. August 2020
International Neiegkeeten

Kulturfabrik – De Programm vum 27. Juli bis den 1. August 2020

Och an dëser Woch huet d’Kulturfabrik zu Esch-Uelzecht nees e

dislike
American Football: Den Trump huet d‘Philadephia Eagles „ausgelueden“
International Neiegkeeten

American Football: Den Trump huet d‘Philadephia Eagles „ausgelueden“

Den Donald Trump huet um Méindeg seng Invitatioun an d‘Wäisst

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht
International Neiegkeeten

Italien: Euroskeptiker iwwerhuelen d‘Muecht

Italien, déi drëtt Wirtschaftskraaft an der Eurozon, wäert haut säi

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat

Bréissel kritt de Viktor Orban net an de Grëff, a versicht et elo iwwert d‘Finanzen

Ungarn: Homophoobt Gesetz a Kraaft gesat

D‘Ungarn haten zäiteg hir Demande agereecht, fir d‘Subventiounen aus dem europäesche Fonds fir d‘Relance vun der Wirtschaft ze erhalen. Et geet dobäi ëm ganzer siwe Milliarden Euro, déi dem Land aus dem sougenannten „Next Generation EU“ Programm sollten zougestane ginn. Et hätt och scho sollen eng symbolesch Scheckiwwerreechung ginn hunn, mee anzwousch klemmt et…

Et brauch en neien Termin fir d‘Ausbezuele vun den Zouschëss aus dem Opbaufonds. Begrënnt gëtt dat offiziell mat enger Iwwerpréiwung vun den Demanden. Den tatsächleche Grond ass der Fidesz hiert LGBTQI+ Gesetz dat elo Rechtskräfteg ass. Firwat een dat zu Bréissel net esou oppen op den Dësch Leet? Well Politik ëmmer den Uschäi vu „Konsens & Austausch“ muss oprecht erhalen.

Beim leschten EU-Sommet hat et zimmlech däitlech Wierder géintiwwer dem ungaresche Faschist ginn, deen sech natierlech nees vun alle mëssverstane gesäit. Dobäi ass d‘Gesetz zimmlech einfach ze verstoen: Partnerschafte vu Mënschen aus der LGBTQI-Communautéit dierfen elo net méi als gläichwäerteg zu heterosexuelle Partnerschaften duergestallt ginn. Dat géif zur Pedophilie féieren.

Esou eppes steet natierlech am Widdersproch zu de Wäerter, déi vun 13 Memberlänner gedeelt ginn, déi aner 13 stäipen do éischter d‘Argumenter vun der ungarescher Regierung oder wëllen sech net an den Dissens abréngen. Dat ass dann awer schonn ee Problem, ëmmerhin huet et Reegelen a Gesetzer, deenen sech d‘Memberlänner eigentlech ze béien hätten. Dat awer nëmmen theoretesch…

Interessant Entwécklung

Wann et sécher richteg ass, datt den Ament keen de Viktor Orban „oppen“ ënnerstëtzt, nodeems hie wéi scho bemierkt zu Bréissel beim Sommet zerluecht gouf, esou stellt sech elo d‘Fro: „Wéi geet et weider mat den Ungarn, wat ass mam Goss vum Familljekont?“. Ëmmerhin hunn sech d‘Ungarn – a si si mat de Polen a Slowenen a gudder Gesellschaft – déi lescht Joren näischt virschreiwe gelooss.

Et ass der EU-Kommissioun, a wuel méi speziell der europäescher Vollekspartei EPP vum Manfred Weber – deen dem Viktor Orban frëndschaftlech wéi ideologesch ganz no steet – ni eeschthaft dru geleeë gewiescht, Neel mat Käpp ze maachen. Si hunn den Ungarn gedreet an déi hu gelaacht, si hu Verfaren ageleet an Ungarn huet gelaacht… Net emol de Rechtsstaatsmechanissem huet beandrockt.

Déi ungaresch Regierung huet net nëmmen d‘Pressefräiheet ofgeschaaft an dofir Suerg gedroen, datt d‘Schoulen an d‘Universitéiten ënner hirer Kontroll stinn, de Staatsbesëtz ass a vun der Fidesz kontrolléiert Stëftungen iwwerdroe ginn. Subventiounen – wann se da fléissen – gi jo och direkt un dem Viktor Orban säi soziaalt a politescht Ëmfeld iwwerwisen. Dat spuert Zäit An ass konsequent.

Senge Leit gefält wuel, datt hien dem „Bréisseler Super-Staat“ – dee jo Ungarn kontrolléiere wëll – esou erfollegräich d‘Stir bitt. Eigentlech ee Paradox, sinn et dach d‘Ungarn déi zu de wierklech gréissten Notznéisser vun der europäescher Subventiounspolitik gehéieren. An et kann een hinnen och net d‘Geld aus dem groussen EU-Solidaritéitsdëppevirenthalen. Kléngt scho verréckt oder?

De Grond dofir ass einfach: déi 27 Partner hu sech gemeinsam op de Rettungspak an héicht vu bal 800 Milliarden Euro verstännegt. Dofir soll d‘Unioun esouguer Scholden ophuelen, ee Fait deen et nach ni ginn huet. Esouguer fir d‘Ausbezuelen huet et ee gemeinsamen Accord. D‘Länner musse just uginn, wéi si gedenken déi Milliarden Euro auszeginn. Dat bitt Spillraum an Opportunitéiten.

All Komma, all Punkt zielt

Wat mam Geld soll geschéien, dat gëtt an engem Dokument zesummegefaasst a vun der Unioun gepréift. D‘Ungarn, déi zwar hir Demande zäiteg agereecht haten, musse Gedold hunn, well nach gëtt gepréift, heescht vun offizieller Säit. Offiziell dierft dës Iwwerpréiwung net méi wéi 2 Méint daueren, sollt den 12. Juli ofgeschloss sinn. Léist sech dann d‘Ausbezuele guer net verhënneren?

Bei der Pressekonferenz mam EU-Wirtschaftskommissär Paolo Gentiloni (fréiere Premier vun Italien) gouf et aus et Grënn keng weiderféierend Erklärung, zu deem wat d‘EU-Kommissioun, bezunn op d‘Demande vun den Ungarn, géint d‘Land ënnerhuele kann. Den Italiener mat enger lénksradikaler Vergaangenheet, wollt guer net iwwer Ungarn schwätzen, huet dunn awer missen.

Eigentlech wollt sech de Paolo Gentiloni mat der Press iwwert déi gutt wirtschaftlech Aussiichte vun der Europäescher Unioun schwätzen. Déi sinn zwar nëmmen esou gutt wéi d‘Milliarden aus dem Fonds fir d‘Relance, an dës missten dann emol ufänken ze fléissen. Et war also méi interessant sech op dat ze konzentréieren, wat de Wirtschaftskommissär net konnt an/oder wollt beäntwerten.

Datt d‘Ausbezuele vum Geld un Ungarn kéint blockéiert ginn, dat dierf een ausschléissen. Wann d‘Kommissioun nämlech seng Kontroll gemaach huet, mussen d‘Länner hir Zoustëmmung ginn. Wann alles ganz gutt fir d‘EU leeft, da kritt Bréissel nach ee puer Oplagen duerchgesat kréien. Woubäi och dat alles anescht wéi ee Problem fir de Viktor Orban a seng Gesellen duerstelle géif.

Wat géif goen: well erwisen ass, datt et keng Transparenz am Bezuch op d‘Verwendung vun den EU-Subventiounen huet, kéint et zur Sträichung vu Subside kommen. Datt et Korruptioun an Ungarn huet, och dat gëllt als erwisen, a wier ee valabele Grond Iwwerweisungen zeréckzehalen. Mee gutt, dat kann, wäert an dierf wuel net sinn, firwat ee sech an Ungarn kaum Suerge mécht.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Jacob Campbell / unsplash

Related topics EU-Kommissioun, Faschist, Geld, Homophobie, Next Generation EU, Subventiounen, Ungarn, Viktor Orban
Next post Previous post