Search

You may also like

Spuenien confinéiert Ibiza
International Neiegkeeten

Spuenien confinéiert Ibiza

A ganz Europa deterioréiert sech d‘Situatioun an Europa. Vill Länner

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 10.08.2020)
International Neiegkeeten

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 10.08.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt den zweeten Tour vun den hallefjärege

Afrikanesch Schwéngspescht: D‘CSV kritiséiert d‘Arroganz vun der Muechtausübung
International Neiegkeeten

Afrikanesch Schwéngspescht: D‘CSV kritiséiert d‘Arroganz vun der Muechtausübung

Zanter dem 13. September 2018 grasséiert am belsche Grenzgebitt zu

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung

Déi kathoulesch Kierch ass a bleift dovunner iwwerzeegt, datt Homosexualitéit eng psychesch „Stéierung“ ass. Anescht léisst sech d‘Ausso vum Poopst François net erklären.

Déi héchst Instanz vun der kathoulescher Kierch huet e Sonndeg recommandéiert, datt wann Eltere bei hirer Kanner „en Hang zur Homosexualitéit“ entdecken, si op d‘Psychiatrie sollen zréckgräifen.

Esouvill zu der Äntwert, déi de Kierchemann engem Journalist, während der Pressekonferenz am Fliger ginn huet, deen de Poopst vun Irland zréck op Roum geflunn huet.

Dëse Journalist hat den hellege Mann gefrot, wat hien Eltere géif soen, déi eng homosexuell „Orientéierung“ bei hire Kanner feststellen. Eng ugesiichts der ofweisender Haltung vun der Kierch géintiwwer der LGBT-Communautéit, pertinent Fro.

An de Jorge Bergoglio dozou: „Ech géif hinnen als éischt soen datt se biede sollen, net veruerteele mee dialogéieren, verstoen an dem Bouf oder dem Meedchen eng Plaz maachen“. Am gläichen Ament huet de Poopst gemengt, datt een den Alter vun de Persoune berécksiichtege soll.

„Wann sech ‚dat‘ am jéngsten Alter manifestéiert, kann ee vill mat Hëllef vun der Psychiatrie erreechen, kucke wéi sech ‚d‘Saache‘ presentéieren. Et ass eng aner Saach, wann et sech no 20 Joer manifestéiert“.

„Ech géif ni behaapten datt de Silenz e Heelmëttel ass. Säi Bouf oder Meedchen ignoréiere just well d‘Kand homosexuell Tendenzen huet, ass e Paternitéit- oder Maternitéitsfeeler“, betount de Poopst.

mat AFP

Foto: De Poopst bei der Pressekonferenz am Fliger, deen hie vun Irland zréck op Roum geflunn huet. Hei hat e Journalist de Kierchemann gefrot, wat hien Eltere géif soen, déi feststellen, datt hiert Kand homosexuell Tendenzen opweist. Déi sollte virun allem emol bieden, an dann, falls et sech ëm e klengt Kand handelt, mat dësem bei de Psychiater goen, well „jonk Mënschen“ nach kéinte behandelt ginn. © Gregorio Borgia/pool/AFP

Related topics Behandlung, Homosexualitéit, kathoulesch Kierch, Poopst, Psychiatrie
Next post Previous post