Search

You may also like

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado
Neiegkeeten

Benefizconcert fir d‘Affer vum Tornado

Organiséiert vun der Associatioun „Fir e gudden Zweck – Gemeng

Finanziell Hëllef fir privat Opluetstatiounen
Neiegkeeten

Finanziell Hëllef fir privat Opluetstatiounen

Am Kader vum Programm „Clever Lueden“, bei deem d’Regierung d’Zil

Lëtzebuerger Kultur a Kreatioun: PostTV wëll Artisten eng Bühn bidden
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Kultur a Kreatioun: PostTV wëll Artisten eng Bühn bidden

Fir de Lëtzebuerger Artisten a Kreateuren eng Plattform ze bidden,

Homosexualitéit an Tschetschenien: 5 héichrangeg Diplomaten schreiwen dem Lavrov

Homosexualitéit an Tschetschenien: 5 héichrangeg Diplomaten schreiwen dem Lavrov

Wéi säitens der AFP haut ze erfueren war hunn d‘Ausseminister aus Frankräich, Däitschland, Groussbritannien, Holland a Schweden hirem russeschen Homolog ee Bréif geschriwwen, an dem se him hir ausdrécklech Suerg betreffend d‘Schicksal vun den Homosexuellen an Tschetschenien ausspriechen.

Am Bréif, vun deem der AFP eng Kopie virläit, schreiwen den Jean-Marc Ayerault, de Sigmar Gabriel, de Boris Jophnson, de Bert Koenders an d‘Margot Wallstrom: „Léiwe Kolleg, mir sinn déifstens besuergt iwwert déi sëllech Rapporten vun internationalen Organisatiounen, betreffend d‘Schicksal vun den Homosexuellen an Tschetschenien.

Mir ruffen d‘russesch Regierung op hei eng Enquête iwwert déi terribel Undeitungen anzeleeden an d‘Sécherheet vun de Militanten an de Journalisten ze garantéieren, déi an dëser Saach recherchéieren“, war weider am Schreiwes ze liesen. Si fuerderen och vu Russland, hiren Afloss geltend ze maachen an d‘regional Autoritéiten an Tschetschenien derzou ze bewegen d‘Persecutioune direkt anzestellen. Och gëtt gefuerdert den Affer Ënnerstëtzung ze bidden an d‘Täter der Justiz zou ze féieren.

Dëse Bréif vum 28. Abrëll dierft dann och Ulass sinn fir déi däitsch Bundeskanzlerin Angela Merkel den russesche President Vladimir Putin op direktem Wee ze interpelléieren an dat am Kader vun enger gemeinsamer Pressekonferenz zu Sotchi.

Enn Mäerz hat eng Enquête vun der onofhängeger Zeitung „Novaïa Gazeta“ opgedeckt, datt déi Homosexuell d‘Zill vun den tschetscheneschen Autoritéiten gi sinn. Tschetschenien, wou eng iwwerméisseg konservativ Gesellschaft existéiert an haaptsächlech musulmanesch gepräägt ass, gesäit d‘Homosexualitéit als ee Crime, deen an de meeschte Familljen mam Doud bestrooft gëtt.

Der „Novaïa Gazeta“ no hunn d‘Autoritéiten iwwer 100 Homosexueller festgeholl an hir Familljen opgefuerdert se ëmzebréngen fir „hir Éier ze rengegen“. Tschetschenesch Homosexueller déi op Moskau konnten entfléien hunn der AFP bestätegt, datt si geschloe gi sinn an an engem net offizielle Prisong festgehale goufen. Revelatioune déi awer bei der russescher Regierung fir kengerlee Reaktioun gesuergt hunn.

No engem Treffen tëschent dem Putin an tschetschenesche President Kadyrov, war aus dem Kreml keng gréisser Stellungnam komm. Leedeglech de Spriecher Dmitri Peskov hat den 20.Abrëll ausgesot, datt et bis zu dësem Zäitpunkt keng konkret Bestätegunge fir dës Uschëllegunge géif ginn.

Next post Previous post