Search

You may also like

Mord u Paschtouer an der Vendée
International Neiegkeeten Stories

Mord u Paschtouer an der Vendée

Gëschter huet sech ee Mann der Gendarmerie gestallt an dëser

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden
International Neiegkeeten Stories

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden,

Mëttelmier: Wann d‘Liewen un engem Fuedem hänkt
International Neiegkeeten Stories

Mëttelmier: Wann d‘Liewen un engem Fuedem hänkt

Berécksiichtegt een de Standpunkt vum „Rouden Hallefmound“, da kéinte bis

Hong Kong schaaft d‘Pressefräiheet of

Fënnef Dirigente vun der Zeitung „Apple Daily“ sinn op Grondlag vum neie Sécherheetsgesetz festgeholl ginn

Hong Kong schaaft d‘Pressefräiheet of

Fir eis Kolleege vun der prodemokratescher Zeitung Apple Daily geet et ëm méi wéi just nëmmen d‘Iwwerliewen an engem politesch autokratesche Kontext, et geet ëm Mënscherechter, Demokratie a Meenungsfräiheet. Um Donneschdeg ass d‘Redaktioun vun der Police gestiermt ginn.

Et ass eng Moossnam déi sech an éischter Linn géint de Mediemogul a prodemokrateschen Aktivist Jimmy Lai riicht, deen am August d‘Lescht Joer festgeholl gouf an aktuell eng Prisongsstrof vun 20 Méint verbéisst. Wéi deemools goufen och dës Kéier nees d‘Raimlechkeeten op d‘Kopp gestallt, et ass nieft Computeren a Smartphonen och journalistescht Material vun der Police confisquéiert ginn.

Ënnert de fënnef vun der Police verhaften Dirigente vun der Zeitung sinn nieft den Chan Pui-man(¹) och de Verlagschef Cheung Kim-hung an de Chefredakter Ryan Law. Déi ganz Aktioun justifiéiert sech am Kontext vum neie Sécherheetsgesetz, datt de kommunistesche Regime fir Hong Kong huet beschléisse missen. An der fréierer brittescher Krounkolonie, wollte Bierger demokratesch Rechter.

Am Kontext vun dësem Gesetz gëtt Apple Daily virgeworf: engersäits Kontakter zu auslännesche Kräften ze ënnerhalen, separatistesch Aktiounen ze fërderen, den Ëmstuerz vun der Regierung an aner terroristesch Aktivitéiten ze ënnerstëtzen. Peking huet sech zudeem, dank dëser Legislatioun vu ville „Kregéiler“ befreit. Dosende Bierger sinn ugeklot, de Joshua Wong sëtzt schonn am Bing.

Eppes Reaktiounen

De Sécherheetssekretär fir den Territoire vun Hong Kong, John Lee, huet d‘Redaktioun als Zeen vum Verbrieche bezeechent an erkläert: „Dës Operatioun huet sech géint Elementer vun der Gesellschaft geriicht, déi hir Presseaarbecht als Instrument géint déi national Sécherheet asetzen“. Eppes méi däitlech: „Déi fënnef vun der Police verhafte Mataarbechter hu sech der Verschwierung higinn an hir Publikatioun genotzt fir friem Muechten zu Sanktioune géint China ze ermonteren“.

Normal Journaliste wieren anescht wéi dës Leit, a géifen sech och net mat dësen identifizéieren, esou den John Lee weider, deen nach emol verdäitlecht, datt jidderee wou sech un d‘Gesetz hält – also entspriechend den Erwaardunge vum kommunisteschen Zentralcomité d‘Linn vu Peking vertrëtt – ganz entspaant a fräi senger Aarbecht nogoe kann. All déi aner si kriminell, heescht et.

Zu Bréissel, London a Washington ass een – aus Grënn – natierlech nees aktivistesch alarméiert. Peking a säi rout Gesocks geet dësen net nëmme wéinst Hong Kong (demokratesch Rechter), den Uiguren (Mënscherechter) oder drolege Geschäftspraktiken (Déifstall vun intellektuellem Besëtz) fatzeg op de Geescht, mee niewebäi och nach well sech China definitiv emanzipéiert huet. Si fléien an de Weltraum (Mars & Mound), bauen eng Weltraumstatioun an expandéieren och terrestresch.

De Positionnement

Bréissel a London hunn eng gemeinsam Siicht, firwat aus den elitäre Kreesser heescht, datt China dat nationaalt Sécherheetsgesetz als Maulkuerf asetzt. Et wier eng däitlech Zensur a géif géint all Grondsaz vun der Presse- a Meenungsfräiheet verstoussen. Den US-Ausseminister Ned Price huet sech déi betraff gewisen, a behaapt datt dëst Gesetz eenzeg an eleng politesch motivéiert ass.

Apple Daily

Stëmmt, genee dat ass et an d‘Kommuniste maachen net emol en Heel dorausser. Et dierf hei awer drop higewise ginn, dat den amerikanesche „Patriot Act“ (²) och net wierklech demokratesch ass an aus strikt politesche Motiver agefouert gouf. Interessant ass dann och, datt trotz de Sanktiounen an dem erkläerte Wëllen d‘Chinesen nees op de richtege Wee ze bréngen, weder d‘Amerikaner nach d‘Europäer op dee bëllege Produktiounsatelier verzichte wëllen. Ganz esou eescht ass et also net.

A jo et ass richteg, datt nodeems Hong Kong nees u China ugeschloss gouf (1. Juli 1997) sech drop verstännegt gi war: „Ee Land – Zwee Systemer“ anzeféieren. Bis 2047 sollten d‘Bierger vun Hong Kong en héicht Mooss un Autonomie genéissen, wéi si och sollte politesch Fräiheeten notzen dierfe wou et an Zentralchina net huet. D‘Kommuniste haten ni d‘Absicht esou laang waarden ze wëllen.

mat indymedia/tpe

Foto: Enger grousser Feindséilegkeet ausgesat, si mir eise Lieser dankbar. Apple Daily huet haut 5 vu sengen Dirigenten a ronn 18 Milliounen HK$ u Kapital verluer, mee et geet weider. Mir drécken fir muer (18. Juni) 500.000 Ausgaben. © Apple Daily

(¹) Clampdown on Apple Daily|Interview with associate publisher Chan Pui-man

(²) USA PATRIOT ACT (2001 full text)

Related topics Apple Daily, China, Hong Kong, Kommunismus, Police, Presseaarbecht, Pressefräiheet, Sécherheetsgesetz
Next post Previous post