Search

You may also like

De Pedagogeschen Ëmgang mam 2. Weltkrich
Business Neiegkeeten

De Pedagogeschen Ëmgang mam 2. Weltkrich

Am Sennenger Schlass huet den Exekutivbüro vum „Comité fir d‘Memoire

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (17.-20.07.2020)
Business Neiegkeeten

Chantier op der Autobunn A1 Héicht Däitsch-Lëtzebuerger Grenz (17.-20.07.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, et duerch d’Ewechhuele vu Iwwerdaach op der

Eng Fusioun mat sozialem Sprengstoff
Business Neiegkeeten

Eng Fusioun mat sozialem Sprengstoff

Aus engem Communiqué vum OGBL geet ervir, datt déi zwee

Fir de klengen Honger an der Mëttegstonn

Fir de klengen Honger an der Mëttegstonn

Sponsored Story – Wann dovunner rieds ass, datt mir, esou wäit et méiglech ass, eis beim Kach vum Vertrauen emol eppes sollte bestellen, da sollt een dobäi bedenken, datt et fir déi wou schaffen an der Mëttegstonn oft heescht, sech ee Bréitche beim Bäcker, Metzeler oder am Supermarché ze besuergen. Kann een momentan schonn net an de Restaurant, esou hu mir awer eng gutt Alternativ géint den Honger.

Am Land gëtt villeruerts Frittebuden an déi meescht si gutt, wat sech esou jo och an de sozialen Netzwierker duerchaus bemierkbar mécht. Eng vun den allerbeschten, ass déi wou sech zu Luerenzweiler (Kreesverkéier – Total Tankstell direkt hannert dem Atelier Dostert) hannerwands verstoppt huet. An d‘Friterie beim Francis, huet zanter e Méindeg nees op, an dat ass richteg gutt.

Engersäits erhéngert an der Redaktioun elo kee méi, an eppes Waarmes ass bei dësem Wieder wuel och net vu Muttwëll. Op ee Wupp, ee Buerger oder eng vu senge vegetaresche Spezialitéiten, wien hei säi Gléck net fënnt, muss vun der Léift an der Loft liewen… An esou frëndlech wéi de Francis an d‘Louisa iech wäerten empfänken, och datt gëtt et esou net oft genuch am Land.

Wien schonn emol do war, fënnt dann och – an dat ass gutt esou – ëmmer nees de Wee zeréck. Dat kann ee esou deiten, datt iwwert de frëndleche Service eraus, och de Maufel vu grousser Qualitéit ass. A wann et also gutt ass, da sollt een, zumindest wann een an der Géigend ass, oder et um Wee läit, an sech de klengen Honger an der Mëttegstonn mellt, de Francis als Optioun am Navi hunn.

Et dierf nach confirméiert ginn, datt sech och eis Krapperten a Knetzele gutt mam Assortiment verdroen. Eng kleng Fritt an d‘Pouletsfangeren… d‘Glënneren an den Ae vun de Butzen ass iech Gewëss. Well een nach ëmmer net dierf op der Plaz um Dësch, dofir awer am Auto um Parking ka verschnabuléieren wat engem Kredenzt ginn ass, ass eng al Lomp als Accessoire net vu Muttwëll.

Bis Enn Januar ass d‘Friterie beim Francis dann awer just an der Mëttegstonn (vun 11.30 bis 14 Auer) op. Ob et Hoffnung gëtt am Februar nees dierfen op der Plaz, also net am Auto mee op enger Bänk oder engem Stull z‘iessen, weess keen. Sollt dat awer nees méiglech sinn, da kann nees bis an den Owend eran no Häerzensloscht vun dëser awer eppes exzeptioneller Frittebud profitéiert ginn.

Foto: Et ass den Ament eppes Moer, bezunn op d‘Clienten. Verständlech et ass kal an et weess jo och bal net méi wat nach wou, wéini zu wéi enger Auerzäit méiglech ass. An der Mëttegstonn sollt awer eppes giess ginn, eppes wat schmaacht a wourop ee Loscht huet. Hei an der Friterie beim Francis, läit een ëmmer richteg. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Friterie beim Francis, Fritten, Hamburger, Honger, Luerenzweiler, Sponsored Story, Vegetaresch
Next post Previous post