Search

You may also like

Police beschlagnahmt Kokain am Wäert vu 600.000 Euro
Meenung Neiegkeeten

Police beschlagnahmt Kokain am Wäert vu 600.000 Euro

Ob déi „déidlech Fracht“ fir de Lëtzebuerger Marché bestëmmt war,

Bausecteur erzwéngt parlamentaresch Fro
Meenung Neiegkeeten

Bausecteur erzwéngt parlamentaresch Fro

D‘ULC hat et an engem Communiqué zimmlech däitlech duergestallt: Am

De Kleeschen war do: D’POST krut Fairtrade zertifiéiertert Tenuen
Meenung Neiegkeeten

De Kleeschen war do: D’POST krut Fairtrade zertifiéiertert Tenuen

Zënter November 2020 droen d’POST-Kollaborateuren an der Vente Fairtrade zertifiéiert

Editorial: Hongereg Kanner zu Lëtzebuerg

Editorial: Hongereg Kanner zu Lëtzebuerg

Et ass an et gëtt nach ëmmer vill iwwert den Inhalt vun deem ee Mëttwoch an der Chamber vun der Koalitioun modifizéierte Covid19-Gesetz geschwat. Dat dann awer bal ëmmer nëmme bezunn op déi esou mëssverständlech wéi inkoherent Artikelen. Et gëtt dann och déi Fraktioun, där d‘Mesuren net wäit genuch ginn, wéi et déi gëtt wou villes fir iwwerdriwwen, jo fräiheetsbeschneidend halen.

Vill Intervenanten haten sech um bäibehale vun de Schoulkantinne festgebass an direkt zwee vun hinnen, dozou gehéiert de LSAP-Fraktiounschef Georges Engel, hunn Argumentéiert, datt d‘Iessen an der Schoulkantin fir ganz vill Kanner am Land, déi eenzeg waarm Moolzecht vum Dag ass. Dat dierft bei deene Mannsten hänke bliwwe sinn, wat dem verbalen Tumult dierf zougestane ginn.

Elo wou d‘Leit dann nees eppes méi empfänglech fir Präzisioune sinn, muss een d‘Aussoen zur „eenzeger waarmer Moolzecht“ awer nach emol op de Leescht huelen. Huet de Sozialist Georges Engel nämlech Recht, stellen sech eng Rei Froen. Wéi laang weess d‘LSAP, datt Kanner nëmmen an der Schoul ee waarmt Mëttegiesse kréien, a firwat ënnerhëlt d‘Regierungspartei näischt?

Huet d‘LSAP-Fraktioun Zuelen, oder zumindest Rapporten a Berichter déi beleeën, datt Kanner an eisem Land ouni Schoulkantin géifen Honger leiden? Huet de Goerges Engel de Problem mat der DP-Familljeministesch Corinne Cahen beschwat a falls jo, firwat gëtt et dozou keng Informatioun? An dann déi wuel wichtegst Fro: Wéi vill Kanner sinn hei tatsächlech betraff? Wie wëll dat wëssen?

Natierlech gëtt et och zu Lëtzebuerg Kanner déi ënnert der Aarmut leiden, aus soziale Verhältnisser kommen, déi mat „schwiereg“ net zefriddestellen ëmschriwwe sinn. An natierlech ass all Kand, dat op d‘Schoulkantin ugewisen ass fir net ze erhéngeren, eent ze vill. Esou wéi sech de Goerges Engel unhéieren huet, sinn dës Kanner awer „Legioun“. Mee zanter wéini weess hien dovunner?

A wann den Häuptling vun der LSAP-Fraktioun weess dat Kanner Honger leiden, da sollt dat jo wuel och den – zumindest de sozialistesche – Memberen an der Regierung net entgaange sinn. An och d‘Gewerkschafte vun den Enseignante missten dovunner Wand kritt hunn. Déi awer hunn dëse Problem bis ewell och nach net opgeworf. Esou eng politesch Ausso mécht een net ouni Grond…

Illustratioun: Sollt et richteg sinn, datt zu Lëtzebuerg Kanner keng waarm Moolzecht kréien, wann et keng Schoulkantin géif ginn, dann huet d‘Land en zolitte gesellschaftleche Problem. © Thought Catalog / unsplash

Related topics Chamber, Georges Engel, Honger, LSAP, Schoulkantin, Soziales, Waarm Moolzecht
Next post Previous post