Search

You may also like

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?
International Neiegkeeten

Italien: Kann sech d‘Lega Nord an de Regionalwahlen duerchsetzen?

Et war nees där Optrëtter een, deen un däischter Zäiten

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz
International Neiegkeeten

FSC: Eng Analys zum Lëtzebuerger Holz

No enger nationaler Risikoanalys (NRA), déi vum Forest Stewardship Council

Raiffeisen gëtt offizielle Partner vun der Lëtzebuerger Esport Federatioun
International Neiegkeeten

Raiffeisen gëtt offizielle Partner vun der Lëtzebuerger Esport Federatioun

D’Lëtzebuerger Esports Federatioun (LESF) freet sech matdeelen ze kënnen, dass

Eng weider Hongersnout am Jemen?

Dem Welternierungsprogramm (WFP) geet de Goss aus a muss seng Hëllef ëm d‘Hallschent kierzen

Eng weider Hongersnout am Jemen?

Am Biergerkrichsland Jemen ass „Honger“ den Alldag, an et dreet elo op en Neits eng mäerderesch Hongersnout, wëll de Welternierungsprogramm (WFP) vun de Vereenten Natiounen (UNO) huet aus Geldnout seng Hëllef drastesch misse kierzen. Zanter Mëtt-Abrëll, esou de WFP, géif nëmmen nach all zwee Méint noutleidende Familljen Hëllef zoukommen, statt bis ewell 1 mol de Mount.

Dat sinn denkbar schlecht Nouvelle fir d‘Mënschen, déi elo zanter fënnef Joer op der arabescher Hallefinsel an engem Biergerkrich gefaange sinn. Hei stinn sech d‘Houthi-Rebellen, déi vum Iran gestäipt ginn, de Regierungstruppe géinteniwwer, déi vun enger saudescher „Koalitioun“ mat de Waffen aus den USA, ënnerstëtzt ginn. An dësem Stellvertrieder-Krich huet d‘UN wéineg Afloss.

Schonn am Juli 2019, nodeems den UN-Welternährungsprogramm sech huet missen aus Sanaa, der Haaptstad vum Jemen zréckzéien, waren eng 850.000 Awunner direkt impaktéiert. Insgesamt vun der Hongersnout betraff, sinn eng 20 Millioune Jemenitten, déi allergréisste Majoritéit si Kanner. Haut muss ee feststellen, datt dat onvirstellbart Leed, vun deem mir 2018 bericht hunn, nees dreet.

JemenElo am Abrëll 2020, wou nach ëmmer – esou d‘Zuele vum WFP – sinn nach ëmmer 80% vun de Jemenitten, also eng 24 Millioune Mënschen, op d‘Hëllef aus dem Welternierungsprogramm vun der UNO ugewisen. Déi meescht hunn och trotzt dëser massiver Hëllef zolidd Honger gelidden, an elo wou d‘Geld ausgeet, dreet dem Jemen eng nei humanitär Kris… an der Welt ass et grad egal.

Zum Honger nach ee Virus

Wann een da muss unhuelen, datt déi involvéiert „Groussmuechten“ de „Konflikt aushéngere“ wëllen, esou sollt een net vergiessen, datt d‘Welt zur Stonn der Pandemie mam Coronavirus Covid19 ausgesat ass. Déi lescht Woch gouf den „éischten“ Infektiounsfall gemellt. Woubäi aus ersiichtleche Grënn kaum, wann iwwerhaapt, getest gëtt. Den Dout huet ebe vill Gesiichter…

JemenDéi vu Saudiarabien geleete Koalitioun huet wuel leschte Mëttwoch eng Wafferou fir zwou Woche verkënnt, an d‘Houthi-Rebelle waren dem Appell vun de Vereenten Natioune Rechnung nokomm… also eigentlech. Waffe bréngt een net esou séier zum schweigen, an egal aus wéi engem Wénkel een et betruecht „et sinn ëmmer déi aner déi ugefaangen hunn“. An esou gëtt lëschteg weider geschoss.

Woubäi et wichteg ass drop hinzeweisen, datt zanter Joren am Jemen méi Leit un de Folge vun Honger an Ënnerernierung, wéi duerch Kampfhandlunge stierwen. An elo ass do de Covid19, deen dem Dout „zur Hand geet“… Näischt z‘Iessen, keng Medikamenter an eng UNO déi ëmmer méi u Bedeitung verléiert, och esou kann een d‘Bevëlkerung vun engem Land zum Dout verurteelen.

mat indymedia/tlv/rom

Foto: © WFP Yemen

Related topics Biergerkrich, Coronavirus, Covid19, Jemen, Vereenten Natiounen, Welternierungsprogramm, WFO
Next post Previous post