Search

You may also like

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun
Neiegkeeten

Moskau a Kiew hunn d‘Staatsbiergerschaft an der Promotioun

Mëtt leschter Woch hat de Vladimir Putin per Dekret entscheet,

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz
Neiegkeeten

Kanada: D‘Regierung bedreet Bréifdréier am Streik mat engem Gesetz

En Dënschdeg, huet déi kanadesch Regierung, d‘Bréifdréier vun der parastaatlecher

Covid19-Impfungen zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Covid19-Impfungen zu Lëtzebuerg

Nodeems e Freideg dat neit Covid19-Gesetz gestëmmt gouf, datt zanter

Hopitaux Robert Schuman: D’Situatioun ass méi wéi kritesch!

Hopitaux Robert Schuman: D’Situatioun ass méi wéi kritesch!

Den Dr. Gregor Baertz, Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman, äussert sech an engem erklärende Video zur aktueller Situatioun mam Coronavirus COVID-19 zu Lëtzebuerg. Heibäi geet hien op d’Evolutioun, d’Fleegepersonal an de weidere Verlaf vum Virus an.

Festzestellen ass een exponentielle Wuesstem vun 33% pro Dag. Hate mer um 29. Februar den éischten Infizéierten am Land, esou waren et den 12. Mäerz schonn 26, de 14. Mäerz 51 Fäll. De Virus verbreet sech immens schnell, a kéint jee no Verlaf de Gesondheetssystem u seng Grenze bréngen. Dokteren, Fleegepersonal, Better – d’Moyene si begrenzt.

Am Gesondheetssecteur gesinn d’Moossnamen zur Sécherheet vu Patient a Personal folgendermoossen aus:

  • Reegelméisseg Hänn wäschen
  • Physesche Kontakt vermeiden, 2 Meter Ofstand zur nächster Persoun halen
  • De Kontakt limitéieren, duerch Vermeide vu Reuniounen an Zesummekënft vun zuelräiche Persounen
  • Risikopersoune a Collaborateuren schützen
  • Den Accès zum Spidol limitéieren fir Eeschtfäll
  • Consultatiounen an Interventiounen ofsoen, wa si net urgent sinn
  • Ressourcen aplangen, fir d’Welt vun Erkrankungen opzefänken

Wéi geet et weider?

Beispiller a China weisen, datt d’Liewen no 2 Méint erëm eenegermoossen normal verlaf ass. Et kennt een de genaue Verlaf vum Virus net, wouduerch momentan just Hypotheesen kënnen opgestallt ginn. Unhuelen kann een awer, datt duerch de Summer den neiaartege Coronavirus kéint ofgeschwächt ginn.

Donieft geet een och dovunner aus, datt 2/3 vun der Bevëlkerung immun géint de Virus sinn. Natierlech ass et essentiell déi rapid Verbreedung ze limitéieren, respektiv ganz ze stoppen.

4 Zeenarioen, wéi et kéint weider goen

  • Epidemie fënnt een Enn, de Virus verschwënnt
  • Ee Vaccin gëtt entwéckelt a rott den neiaartege Coronavirus aus
  • De Virus verschwënnt net a kënnt ëmmer erëm a Form vun enger Gripp zeréck
  • An enger gewësser geographescher Zon wäert de Virus bleiwen

D’Situatioun ass méi wéi kritesch

Nodeems gëschter dëse Video eropgeluede ginn ass, hu sech schliisslech den Dr. Emile Bock, Urgentiste am HRS, an den Dr. Cyril Thix, Anesthesist a Reanimateur am HRS, iwwert déi sozial Medien zu Wuert gemellt. „D’SITUATIOUN ASS MÉI WÉI KRITESCH!“, schreiwe si a maachen drop opmierksam, datt d’Analysen an Informatiounen aus Spideeler an der Géigend dramatesch Resultater opweisen.

Sollt ee groussen Deel vun der Populatioun uerg erkranken, sou datt eng Villzuel u Leit intensiv betreit misst ginn, da géifen eis Infrastrukturen zesummebriechen. Och d’Ekippen aus dem Secteur kéinten dann net méi handelen.

Fir dëse Worst-Case-Zeenario ze verhënneren, appelléieren béid Dokteren un d’Bevëlkerung a bieden all eenzel Persoun doheem ze bleiwen. „All Dag, deen net agehale gëtt, ass ee verluerenen Dag. Dofir: Bleift ALL DOHEEM!!!“

Coronavirus

All Informatiounen zur aktueller Situatioun, wéi och d’Moossnamen vun der Regierung fannt Dir op der Internetsäit vun der Santé. Weist ee schwéier Symptomer vum Coronavirus op, gëlt nach ëmmer d’Consignen vun der Santé ze befollegen. Bei Noutfäll hëlleft d’Hotline 8002 8080.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Dr. Cyril Thix, Dr. Emile Bock, Dr. Gregor Baertz, Fleegepersonal, Gesondheetssystem, Hôpitaux Robert Schuman, Hypothees, Impfung, Krankheet
Next post Previous post