Search

You may also like

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!
Neiegkeeten

DEAN LEWIS um 20. Juni am Atelier!

Mat „Be alright“ huet den australesche Sänger Dean Lewis säin

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!
Neiegkeeten

6 kreativ Käpp -1 Iddi: The Brips ass gebuer!

Do muss een emol drop kommen! Nieft der innovativer Iddi

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!
Neiegkeeten

Aweiung vun der BnL: 1,8 Millioune physesch Wierker erwaarden Iech!

Um leschte Septemberdag ass um Kierchbierg dat neit Gebai vun

Den Horesca-Beruffsverband deet sech schwéier

Den Horesca-Beruffsverband deet sech schwéier

Beim Beruffsverband vun de Cafetieren an de Restaurateuren huet ee wuel Versteesdemech fir déi puer Honnert Memberen, déi ee Samschdeg scho fir d‘zweet manifestéiert hunn. Et kéint een dësen Onmutt allerdéngs net gutt halen.

Et ass dann och de Generalsekretär François Koepp, deen säin Allerwäertesten tëscht de Still huet. Zanter dem Ausbroch vun der Pandemie an den aussergewéinleche Fuerderungen un de Secteur, ass de gudde Mann ronderëm d‘Auer – och Sonndes – um Dill, fir et alle Recht ze maachen, wat esou gesinn der Quadratur vum Krees gläich kënnt. Et dierft kee ginn, deen ënnert dëse Viraussetzunge bereet ass mam Horesca-Generalsekretär ze tauschen.

Datt et scho keng mince Affär ass, sech mat den fir de Secteur zoustännegen Instanzen op Reegelen an Oplagen ze eenegen, dat gouf nom Etat de Kris méi wei ersiichtlech. Woubäi et net esou wier, wéi wann de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) sech net och ganz couragéiert an engagéiert fir de Secteur géif asetzen. Jo et leeft net alles esou wéi ee sech et virgestallt huet an sécherlech wier et net vu Muttwëll sech de reelle Problemer unzehuelen.

Anersäits ass et a gewësser Mooss onfair, dem François Koepp virzewerfen, hie géif d‘Hänn an de Schouss leeën. Esou ergëtt et sech, datt den Horesca-Generalsekretär zuweile stramm ugegraff, jo carrement beleidegt gëtt. Do gëtt eng Linn iwwerschratt, déi och beim beschte Verständnis fir d‘Lag vun de Betraffenen, esou net tolerabel ass. Et brauch eben ëmmer ee Stoussnéckel, an dësem Fall trëfft et awer entschidden dee falsche Kandidat.

Doleance richteg interpretéieren

Ee Samschdeg huet et ënner den eppes méi wéi 200 Demonstranten och Mësstéin ginn, déi fir de Generalsekretär gemënzt waren. An der Haaptsaach awer stoung d‘Fuerderung am Raum nees dierfen ze schaffen. D‘Cafetieren an d‘Restaurateuren hunn sech allen Ufuerderungen an Oplagen ugeholl, deels esouguer mat héijen Investitiounen. Dann awer a gewësser Mooss vun der Politik als „Héich-Risikogebitt“ agestuuft ze ginn ass eng batter Pëll.

Wann d‘Fixkäschten een erdrécken, sech méiglecherweis vu Personal muss getrennt ginn, oder een als „Familljebetrib“ net méi sécher ka sinn, op et déi aner Woch nach eppes am Frigo huet… dann deet et engersäits gutt eppes Loft ofzeloossen. Vill méi wichteg awer – an dat dierft eigentlech den Zweck sinn – ass et de leit am Land virun Aen ze féieren, datt sech hannerwands eng Tragedie ofspillt, déi mat engem „Soutien aux Cafetiers“ net ze léisen ass.

Net ze veräntwerten

Fir de Beruffsverband ass et, esou zumindest d‘Duerstellung vum Horesca-Generalsekretär, wuel novollzéibar firwat d‘Leit op d‘Strooss ginn, de Mouvement ënnerstëtze kéint een awer net. Zum engen ass keng vum Beruffsverband organiséiert Aktioun, an dat mannst wier et gewiescht, déi da mat hinnen ofzeschwätzen. Et wier net domadder gedoen, d‘Leit iwwert déi sozial Netzwierker zur Participatioun ze motivéieren, et bréicht och den Dialog.

Bei esou „wëllen“ (wann och ugemellten) Demonstratiounen, kéint et jo och séier zu Iwwergrëff kommen. De Beruffsverband wëll awer weder muttwëlleg Zerstéierung oder méiglech Blesséierter veräntwerten. D‘Verantwortung vum Horesca-Beruffsverband läit bei der Verhandlunge mat der Regierung. Hei géif keen Dag, jo keng Stonn verschwent, mat den zoustännege Service no Pisten a Léisungen ze sichen. Den Ament ass dat net einfach.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Gesetz, Finanzhëllef, François Koepp, HORESCA, Manifestatioun
Next post Previous post