Search

You may also like

De Message vum Escher Buergermeeschter
Neiegkeeten

De Message vum Escher Buergermeeschter

Matgedeelt vun der CSV, D’Meenung vun de Parteien ass hir

Etienne Mougeotte, Dout vun engem audiovisuelle Gigant
Neiegkeeten

Etienne Mougeotte, Dout vun engem audiovisuelle Gigant

Den Etienne Mougeotte ass am Alter vun 81 Joer u

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit
Neiegkeeten

Editorial: Wat e Gedeessems mat deem Brexit

Zu Salzburg, beim informellen EU-Sommet vun de Staatscheffen, do huet

Horesca-Demo: „Loosst eis schaffen!“

Et war schonn den zweete Samschdeg an der Folleg, datt sech Cafetieren a Restaurateuren an der Stad versammelt hunn, fir sech de Moossnamen ze erwieren, déi hinnen duerch d‘Covid19-Gesetz operluecht ginn.

Déi gréisste Kritik: déi annoncéiert Hëllefen – wa se da fléissen – géifen net duer goe fir déi net kompressibel Käschten ze kompenséieren. Si denoncéieren de Reproche, datt Demande net vollstänneg wieren an erklären, datt et och Betriber huet, deenen déi ganz Formalitéiten e Rätsel sinn, a dësen net déi eigentlech benéidegt Hëllef zougestane gëtt.

Horesca-Demo© Martine de Lagardère / moien.lu

Um Samschdeg hunn sech esou eng 200 Vertrieder vum Horesca-Secteur um Knuedler virun der Märei versammelt. Nodeems d‘Leit opgeruff goufen d‘Maskeflicht ze respektéieren an sech ze behuelen, goufen d‘Participanten agelueden, sech fir eng Foto virun der „Gëlle Fra“ ze vereenen. Uschléissend ass d‘Manifestatioun an d‘Stroosse vun der Uewerstad verluecht ginn.

No der Pressekonferenz ee Freideg, wou de Premier Xavier Bettel an d‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert hunn, datt d‘Lag sech wuel verbessert, een aus Grënn vun der Virsiicht allerdéngs entscheet hätt d‘Mesure bis mindestens den 21. Februar bäizebehalen, ass d‘Stëmmung am Horesca-Secteur nach ee Krack méi schlecht ginn.

D‘Hiem hu se hierginn… elo geet et ëm déi plakeg Haut

Mee déi leit aus dem Horesca-Secteur, wou hei an der Stad géint Mesuren demonstréieren, sinn net nëmme mat der Regierung rosen. Si schénge kloer vum eegene Beruffsverband enttäuscht ze sinn, deem si virwerfen, net genuch an hirem Sënn ze agéieren. Si hätten sech zudeem erwaart, datt de Verband sech hinnen uschléisst a mat géif op der Strooss demonstréieren.

Horesca-Demo© Martine de Lagardère / moien.lu

Dat ass a wäert ausbleiwen. Besonnesch den Horesca-President François Koepp dierft net gewëllt sinn, duerch eng Bedeelegung un enger schonn eppes frowierdeger Demonstratioun, onnéideg Dissonanzen erbäizeféieren. Seng Missioun ass et jo aktuell, de Schued esou geréng wéi méiglech ze halen, an esouvill Hëllef wéi méiglech ze erhalen.

Eng Bedeelegung un dëser Demonstratioun awer, kéint ganz gewëss Afloss op de bis heihinner gudden Dialog, tëscht dem Beruffsverband an dem Mëttelstandsministère hunn. Datt wier „kontraproduktiv an net ziilféierend“, esou déi knapp Ausso. Et bleift allerdéngs onbestridden, datt vill Betriber op Dauer net duerchhale kënnen, och net mat den Hëllefen…

Fotoen & Galerie: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Gesetz, Demonstratioun, Fermeture, Horesca-Secteur, Regierung
Next post Previous post