Search

You may also like

dislike
Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie
Business Money Neiegkeeten

Merkel: Wie Gewalt uwennt verspott d’Demokratie

Eng ustrengend Nuecht haten d’Polizisten zu Hamburg. Dat wat sech

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen
Business Money Neiegkeeten

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen

D‘Plattform „meng Landwirtschaft“ huet um Dënschdeg seng Fuerderunge fir d‘Chamberwahle

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché
Business Money Neiegkeeten

Cargolux bréngt 3000 Joer chinesesch Kultur an de Grand-Duché

Am Kontext vun engem kulturellen Austauschofkommes tëschent dem Henan Museum

money

Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg

Nach ass net iwwert d‘Gesetzesentwërf zu den Hëllefe fir den Horesca-Secteur ofgestëmmt ginn, mee et sollt een an d‘Gäng kommen, wann engem dru geleeën ass d‘Aarbechtsplazen ze erhalen.

Esou lues awer sécher gi se ongedëlleg

Engem ganze Secteur opzëerleeën seng Aktivitéiten op den allerstriktste Minimum ze reduzéieren, woubäi datt just fir d‘Gastronomie gëllt déi liwwert oder wou een et kann ewech huelen, kann een als eng richteg Mesure unerkennen, wann se dann och zu Enn geduecht ginn ass. Hei ass, esou huet een den Androck, nach net emol fundéiert iwwert d‘Schléissung vum Secteur nogeduecht ginn.

Zanter enger décker Woch elo, dierf een net méi bannent den Etablissementer iessen. Et gëtt grouss erkläert, datt ee sech beim Iesse mega séier ustieche kann, wëll ee sech mat enger Mask vrun der Schnëss d‘Forschett net an den Hals stieche kann. Kléngt op den éischte Bléck verständlech, an datt et keng wëssenschaftlech Grondlag huet, bezunn op déi grouss Ustrengungen déi vum Secteur ënnerholl goufen, stéiert jo esou gesinn anscheinend och keen. Mee esou einfach ass et leider net.

An esou gesäit een op de Parkinge vun de „Séier-Iess-Ketten“ wéi domm politesch Entscheedungen an der Praxis sinn. Sech zu fënnef am engem VW Polo eppes wéi ee „Mëttegiessen“ eranzéien, ass laut Bettel/Lenert an wuel och all hiren Experten, also déi méi „sécher Variant“ zum Iesse bannent dem Etablissement. Esou kräizdomm kann dach kee sinn? Oh dach, a si kënnen nach vill méi.

Esou gouf decidéiert „zou ze maachen“ an ugekënnegt „et gëtt jidderengem gehollef“. De Mëssel hei: Decisiounen, dat ass fir elo direkt; Ukënnegungen, dat ass geschwënn, deemnächst oder wann et grad Zäit huet. Blöd un dësem Prinzip: fir d‘Betriber ass esou eppes net duerchzestoen, net méi nom ganze Misär vun der sougenannter éischter Well. Wou bleiwen dann déi Gesetzer, déi de vill Bistroen a Restaurante solle Sécherheet bidden, wou bleiwen déi versprache Perspektiven?

Wa kee Liicht brennt, ass wuel och keen doheem

Op alles wat d‘Regierung esou decidéiert Sënn mécht, dierf jidderee fir sech entscheeden, a laut engem Sondage ass d‘Wielvollek jo mat dëser Koalitioun éischter zefridden. Datt een allerdéngs hätt kënnen (wuel éischter missen) d‘Gesetz zu den Hëllefen/Subventioune fir den Horesca-Secteur zäitgläich mam modifizéierte Covid19-Gesetz stëmmen, jo dat schéngt hinnen entfall ze sinn.

Eigentlech ass et domm an deels richteg geféierlech, well kee léisst sech gären an ouni Géigewier mam Réck géint d‘Mauer stellen. An natierlech sinn et an éischter Linn nees d‘Salariéeën déi als éischt d‘Pan klaken dierfen. Gutt dat si fir d‘Majoritéit alles Frontalieren an/oder Hongerleider déi souwisou net hei wielen, a wann da wuel och déi falsch Parteien. De Risiko fir d‘Regierung bleift esou iwwerschaubar, well de Stacklëtzebuerger mécht bekanntlech d‘Fauscht an der Täsch.

Säitens der DP-Fraktioun an der Chamber, an dëser Kausa vertruede vum Simone Beissel, heescht et lapidar: „Esou eppes brauch eben seng Zäit“. Um Mëttwoch wier alles an der Kommissioun vun de Parteie berode ginn, elo géif een op den Avis vum Staatsrot waarden. Dee sollt déi aner Woch virleien, firwat nach viru Chrëschtdag sollt kënnen ofgestëmmt ginn. Wéi gesot, et presséiert net.

An dat ass alles an allem jo och iergendwou logesch. Beschränkungen, Oplagen a Verbueter kann een an engem inkoherente juristesch net haltbare Gesetz bannent wéinege Stonnen ënnerbréngen a vun de Koalitiounspartner ouni Récksiicht op Verloschter duerch d‘Chamber joe loossen. Datt et awer hei ëm Existenze geet – an net nëmmen déi vun de Patronen – een dat als Regierung och wot ze ënnersträichen ouni sech virdru fir Léisungen entscheet ze hunn, dat ass scho krass, oder?

Illustratioun: D’Livraisounen an/oder den Take-Out eleng si keng Léisung a hëllefen net déi héich Fixkäschten ze drécken. An dat et sollt Sënn maachen, d‘Leit an der Mëttegstonn an enke Gefierer zesummenzebrénge fir eppes z‘iessen, ass esou gesinn och net verständlech. © Michelle Ziling Ou / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Finanzhëllefen, HORESCA, Paulette Lenert, Regierung, Xavier Bettel
Next post Previous post