LIH: Den OGBL kritt eng Rei Fuerderunge fir d‘Personal duerchgesat
Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert
Den OGBL, als eenzeg Gewerkschaft déi an der Personalvertriedung representéiert
Vergaangene Sonndeg hunn déi Ierfgroussherzoglech Koppel mam Prënz Charles d’Mënsbecher
An deene leschten Deeg goufen och déi lescht vun deene
Nodeems um Dënschdeg eise Premierminister mat der Gesondheetsministesch ugekënnegt hunn, datt een unhand de wuel net aussokräftegen Zuelen an Erkenntnisser, elo awer ee puer gefuerdert Lackerunge méiglech sinn, war gewosst: d‘Wiert an d‘Restaurateure sinn hei net gemengt.
Haut awer muss d‘Chamber de Gesetzprojet 7743 unhuelen, mat deem dann nees Schoul, Sport an allgemeng Akafen oder Déngschtleeschtungen an Usproch geholl dierfe ginn. Och d‘Ausgangsspär gëtt nees vun 21 op 23 Auer no hanne verluecht. Esouguer Kultur ass nees méiglech, mee et kann nach ëmmer net de Comptoir gestäipt, an d‘Mëttegstonn am Restaurant verbruecht ginn.
Elo hunn d‘Paulette Lenert (LSAP) an de Xavier Bettel (DP) hir Siicht verständlech gemaach an et bleift derbäi: iwwerall do wou ee sech ze no kënnt a keng Mask unhuet, besteet maximal Gefor sech ze infizéieren. Folgerichteg ass den Horesca-Secteur – beim Konsum vu Flëssegkeeten an anere Liewensmëttel stéiert d‘Mask éischter – vun den „Erliichterungen“ ausgeschloss ginn.
Interessant hei d‘Feststellung, datt et den ADR ass, dee bis ewell de gréissten Opwand bedreift fir dëse Secteur ze verdeedegen. An dësem Kontext huet den ADR-Deputéierte Jeff Engelen kuerz viru Chrëschtdag eng Fro un de Mëttelstandsminister geriicht. An dëser bezitt sech den Deputéierten op eng vum Minister um Mikro vu Bertelsmann/RTL getätegt Ausso, déi net oninteressant ass.
Laut dem ADR-Deputéierte soll de Minister Lex Delles gesot hunn: „D‘Fermeture déi d‘Regierung beschloss huet ass net aleatoresch, et hat ganz Prezis Grënn“. Dem Jeff Engelen ass dann opgefall, datt de Staatssender och nach eegen Interesse verfollegt. Den international aktive Mediegrupp huet sech op eng Conclusioun vum hollänneschen Institut fir ëffentlech Gesondheet beruff, wier do ze behaapten, datt „oppe Restauranten a Bistroe keen negativen Effet op d‘Infektiounszuelen huet“.
Wann dann eng am Staatsoptrag operéierend Medienentreprise, mat zweiwelhafte politeschen a wirtschaftleche Verbindungen, d‘Aussoe vun der Regierung quasi esou séier diskreditéiert wéi si laang virun de Pressekonferenze schonn den Inhalt vun dëse verëffentlechen, kann ee verstoen, datt dem Horesca-President François Koepp vu den Affiliéierten immens ënner Drock gesat gëtt.
An dat ass novollzéibar, well och wann et sécherlech grouss Efforte säitens dem Minister gëtt, fir dem Secteur mat Finanzhëllefen ënnert d‘Äerm ze gräifen, léisst sech net verhënneren, datt déi meeschte Wiert a Restaurateuren op hir Käschte sëtze bleiwen an net méi weider wëssen. Vill Entrepreneuren aus dem Horesca-Secteur hu sech misse verschëlden (zousätzlech zu deem wat d‘Banke scho geléint hunn) just fir dat nach „Luucht“ brennt. Eng Léisung awer ass dat elo net.
Doriwwer eraus wëllen si keng „Hëllefen“, mee einfach nëmme schaffen. Si haten zesumme mat hirem Verband all déi verlaangte Mesuren an nach villes méi op sech geholl, fir de Leit déi géisst méiglech Sécherheet ze bidden. A bis op déi zwéngend Ausnamen, huet et jo iwwerall ganz gutt geklappt an och bei de Kontrollen, konnte kaum Reklamatioune virbruecht ginn. An dann dat…
Et sollt een awer elo net mengen datt si rose wieren datt d‘Geschäfter, hei och d‘Coiffeuren, Barber a Kosmetikssalone asw. oder Kino an Theateren dierfen opmaachen. Nee si verstinn net wou de Problem läit. Laut der Gesondheetsministesch awer gëtt et dës „Erkenntnisser“ wuel, mee et wäert ee mussen d‘Äntwert op dem ADR-Deputéierten seng Fro musse waarden, fir och eppes zu dësen „Erkenntnisser“ gewuer ze ginn. Et gesäit allerdéngs net gutt aus, a mir wäerten der vill vermëssen.
Illustratioun: © Jesus Santos / unsplash