Search

You may also like

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?
Business Neiegkeeten

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?

Zanter elo bal 14 Deeg erhéijen d‘Firspriecher vun enger Reouverture

Argentinescht Parlament rifft de Liewensmëttelnoutstand aus
Business Neiegkeeten

Argentinescht Parlament rifft de Liewensmëttelnoutstand aus

En Donneschdeg hunn déi argentinesch Deputéiert quasi eestëmmeg de Liewensmëttelnoutstand

dislikesurprise
Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht
Business Neiegkeeten

Haushaltsspär an den USA: Kee Budget, keen ëffentlechen Déngscht

Op den Dag genee no engem Joer Trump-Presidentschaft, mussen d‘USA

Dem politesche Pharisäer läit den Horesca-Secteur um Häerzen

Dem politesche Pharisäer läit den Horesca-Secteur um Häerzen

Am Kontext vun der Froestonn un d‘Regierung, ass sech um Dënschdeg och mat de Suerge vum Horesca-Secteur beschäfteg ginn. Fir de LSAP-Fraktiounschef Georges Engel – dat ass deen, wou sech fir d‘Schoulkantinnen asetzt, ouni déi ganz vill Kanner am Land géifen Honger leiden, oder zumindest näischt Waarmes um Teller hätten – ass et op en Neits eng Häerzensugeleeënheet.

E Samschdeg hate jo eng 200 Vertrieder vun der Branche an der Stad demonstréiert (a wëllen dës Aktioun de nächste Samschdeg widderhuelen) well si un d‘Limitte geroden, vun deem wat engem zouzemudden ass. De Slogan „Horesca Lives Matter“ ass dem Sozialist, dee sech selwer fir all déi d‘Aktivitéite vum Horesca-Secteur verbiddent Mesuren agesat huet, also zu Häerze gaangen?

Net wierklech, well Sënn an Zweck vun der Fro war et eigentlech, der Regierung d‘Geleeënheet ze ginn ze demonstréieren, datt net si, mee d‘Acteuren aus dem Secteur schold dorunner hunn, wann d‘Hëllefen net esou fléissen, wéi een sech dat unhand de schéine Rieden a Gesetzer (déi schlecht verständlech sinn) esou ausgemoolt hat. Woubäi ee muss soen, datt dat och kee Sens-Unique ass.

An dësem Kontext kann déi vum Deputéierte vun der Piratepartei, Sven Clement, opgeworfe Fro: „Wann ee weess, datt et an engem Secteur Problemer huet, wier et do net ubruecht, ee spezifesche Guichet Unique, fir den Horesca-Secteur opzemaachen?“, ervirgehuewe ginn. Dat och oder grad wëll sech de Beruffsverband mat den éischter „Klengen Haiser“ schéngt richteg schwéier ze dinn.

An d’Independanten?

De CSV-Deputéierte Marc Spautz huet op duerch gemaachten Aussoen a engem RTL-Interview Dissonanzen higewisen, a vum Mëttelstandsminister Präzisioune verlaangt. Och wat d‘Hëllef fir Independante betrëfft, bréicht et Kloerheet. Dat gesäit och den ADR-Deputéierte Jeff Engelen esou a weist gäre vum Minister, wéini dëse gedenkt hei appropriéiert Moossnamen an Ugrëff ze huelen.

De Mëttelstandsminister Lex Delles huet sech natierlech iwwert d‘Fro(en) gefreet, huet nach emol iwwerschloe wéi vill Betriber an Entrepreneuren aus dem Horesca-Secteur hëllefe kritt hunn, a wéi et derzou kënnt, datt et awer Reklamatiounen huet. Wann eng Demande erakënnt, dauert et an der Reegel 14 Deeg bis dës verschafft ass, an ass déi ugeholl ginn, sinn an 3 Deeg d‘Suen um Kont.

Leider wiere vill Demande feelerhaft, an et misst feststellen, datt eligibel Entreprise guer keng Demande gemaach hunn. Wat de Guichet Unique fir dës Branche betrëfft, esou gëtt et eng kloer Ofso. Mat „guichet.lu“ wier all digital anzegesinn, wat et un hëllefe gëtt, wéi eng Ënnerlagen der Demande musse bäigefüügt ginn, an zur Nout kann ee jo och eng Hotline uruffen, esou d‘Äntwert.

Wat d‘Independante betrëfft, esou géif et sech hei änlech verhalen. Zudeem hätten déi jo awer déi grouss Chance, sech kennen un d‘Haus vum Entreprenariat ze wennen, wou et Spezialisten an/oder Experte géif ginn, déi hinnen hëllefen, d‘Demande auszefëllen. Hien erënnert dorunner, datt ee Cumul vun den Hëllefen net méiglech ass, mee een ëmmer déi kritt, déi am virdeelhaftsten ass.

Et gouf nach emol drop higewisen, datt schonn eng 265 Milliounen opgewannt goufen, an datt et sech vum selwe versteet, datt de Staat schonn eng gewësse Kontroll muss ausüben, firwat net all Demande esou wéi se erakënnt kann ugeholl ginn. A jo zuweilen ass den administrativen Opwand eppes komplizéiert, firwat ee gutt beroden ass sech mat enger Fiduciaire zesummenzesetzen.

Illustratioun: © Andrew Seaman / unsplash

Related topics Chamber, Finanzhëllef, Horesca-Secteur, Independanten, Lex Delles
Next post Previous post