Search

You may also like

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen
Neiegkeeten

Pandemie: D’VDL informéiert iwwer Ofsoen an Ännerungen

Am Kontext vun der aktueller Lag vun den Infektiounszuelen deelt

Aktiv Stierfhëllef och fir Kanner
Neiegkeeten

Aktiv Stierfhëllef och fir Kanner

Et ass en Tabuthema, a ganz besonnesch déi klerikal Kräften,

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech
Neiegkeeten

Mäi Mondschutz, meng Oueren an ech

Mëttlerweil gëtt et Mondschutzflicht an de Butteker an iwwerall wou

Si haten ee Gesetzvirschlag matbruecht

Den Horesca-Secteur drängt sech op d‘Dagesuerdnung vun der Chamber

Si haten ee Gesetzvirschlag matbruecht

Et war en interessanten Dag, dee wuel an de Memoire vum Chamberpresident Fernand Etgen (DP) wäert Erwänung fannen. Am Cercle – wou d‘Chamber wéinst der Pandemie siegéiere muss – huet d‘Francine (LSAP) Closener eng Drénglechkeetsfro (3603) zougestane kritt. Bei dëser wollt si vum Mëttelstandsminister wëssen, wéi et mat der Iwwernam vun de Loyere vum Horesca bestallt ass.

Si huet an dësem Kontext op d‘Manifestatioun virum Cercle de Vetrieder vum Kollektiv „Don‘t forget us“ (Vergiesst eis net) higewisen. De Lex Delles, huet nach emol bestätegt datt dëse Secteur, wéi och den Evenementiel besonnesch betraff sinn. Esou heescht et, datt „Bei der Aide „Frais non couverts“ sinn d‘Loyere mat ofgedeckt. Hien huet och nach emol un d‘Proprietairen en Appell geriicht, och en Effort ze maachen a bei de Loyeren den Exploitanten entgéint ze kommen.

Horesca© Chambre des Deputès

Et gouf nach eng Motioun deponéiert, eng „question elargie“ behandelt, an du konnt sech dem Gesetzprojet (7332) zur Schafung vun engem Nationalen Observatoire vun der Gesondheet gewidmet ginn. D‘Piraten hunn an dësem Kontext nach emol déi „besonnesch Lieserlechkeet“ ervirgehuewen. De Sven Clement monéiert zudeem, datt et nees Inhalter huet, déi enger eegener Legislatioun bedierfen. Well dat Ganzt awer schonn éiweg schleeft, hunn se all d‘Gesetz ugeholl.

Wärend där Zäit op der Plëss

Wärend am Cercle debattéiert gouf huet de Kollektiv „Don‘t forget us“ d‘Plëss an de Parvis a Beschlag geholl. Si hate Banner Plakater a virun allem eng „Soundanlag“ um Kiosk opgeriicht, woumadder séchergestallt war, datt si am héijen Haus och géife gehéiert ginn. Eng Partie Deputéierter vun alle Fraktiounen an och de Chamberpresident, sinn de Manifestanten entgéint getrueden. Aus den „hënneschte“ Reie gouf et wéi gesot ënnerschiddlech Sloganen.

Horesca© Chambre des Deputès

Fir d‘Organisateure war et dann awer och en éischte Kontakt, a si waren net mat eidelen Hänn komm. Déi haten ee Gesetzprojet matbruecht, deen hiren Affekot Mê Frack Rollinger iwwerreecht huet. Maximal vertruede war d‘CSV, woubäi d‘ADR Covid19-Verletzungsbedéngt onfräiwëlleg ënnerrepresentéiert war. Op sech den Dikrecher Serveur mat senger Initiativ esou eng Attentioun erwaart hat? Warscheinlech net, enttäuscht dierft hien allerdéngs elo och net sinn…

Woubäi no 330 Deeg – dovunner eng 160 als Fermeture – ageschränkten Aktivitéiten, wou wéi et gewosst ass kee Sou an d‘Kees ginn huet, fänkt d‘Roserei un ëm sech ze gräifen. D‘Stëmmung war entspriechend an d‘Sloganen, wéi „Bréngt de Virus ëm, net eise Secteur“ en Hiwäis op déi ëmmer gréisser Perspektivlosegekeet vun de Beschäftegten an der Gastronomie. Mee wat maachen? De Fernand Etgen huet jiddefalls versprach, datt ee sech dem Gesetzprojet géif ugemiess unhuelen.

Foto: © Chambre des Deputès

Related topics Chamber, Fernand Etgen, Gesetzprojet, Horesca-Secteur, Kollekiv Don‘t forget us, Plëss
Next post Previous post