Search

You may also like

Onerwënscht slowenesch EU-Presidence
Meenung Neiegkeeten

Onerwënscht slowenesch EU-Presidence

Haut soll de Premierminister Janez Jansa am EU-Parlament säi Programm

Intimement Barbara – Dëse Weekend am Théâtre Le 10
Meenung Neiegkeeten

Intimement Barbara – Dëse Weekend am Théâtre Le 10

De grousse Gesangsspektakel Intimement Barbara, mam Agnès Ravaux an dem

surprise
De Gilles Leyers ass beschte Pilot beim Lëtzebuerger Karting-Championnat zu Mirecourt
Meenung Neiegkeeten

De Gilles Leyers ass beschte Pilot beim Lëtzebuerger Karting-Championnat zu Mirecourt

Am Kader vum Championnat vun der „Ligue Karting Grand Est“

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?

Nogeduecht: Vläicht awer nach eppes Fréi fir d‘Restauranten opzemaachen?

Zanter elo bal 14 Deeg erhéijen d‘Firspriecher vun enger Reouverture vum HORESCA-Secteur den Drock op d‘Regierung. Déi awer ass den Ament net dovunner iwwerzeegt, datt et scho sollt un der Zäit sinn dëse Schratt ze woen. Sécher, d‘Lag vun der „Covid19-Front“ ass roueg, d‘Situatioun ass esouwäit ënner Kontroll, an ab ee Méindeg geet och d‘Schoul fir d‘Butzen nees lass.

Weider Lackerungen si virgesinn, besonnesch d‘Kierchemänner vun alle representative Reliounen zu Lëtzebuerg, wëllen hir Haiser nees fir déi Gleeweg opmaachen. An dësem Kontext hat de Premier Xavier Bettel um Freideg eng Entrevue de Representante vun de Kulten, mee ob et zu engem Accord komm ass, wäert ee wuel eréischt déi nächst Woch an enger Pressekonferenz gewuer ginn.

horescaAn esou ass et da sécher och ganz Legitim, besonnesch säitens de Restaurateuren a Cafetieren, ze fuerderen, datt wann d‘Leit dierfen op d‘Schaff, d‘Kanner an d‘Schoul an déi Gleeweg an den Tempel, een sech och nees sollt dierfen am Restaurant bekäschtege loossen oder den Humpe beim Wiert genéissen. Hei spillt awer leider nees de wirtschaftlechen Aspekt d‘Haaptroll.

Wärend et op der Aarbecht, an der Schoul wéi logescherweis och an den Tempelen am Land ouni Problem méiglech ass, dëser „Aktivitéit“ mat enger Mask um Gesiicht nozekommen, esou kann een dovunner ausgoen, datt eng Mask wärend dem Iesse jo éischter behënnerlech ass, an den Ofstand zu aneren als „Gest Barrière“ net wierklech ausräichend dierft sinn. Virsiicht bleift hei gebueden.

Siwen Infektiounen a 50 Leit a Quarantaine

Natierlech gëtt déck op d‘Tromm geschloen, datt de Restaurantsbesuch bei eise germanesche Frënn längst nees méiglech ass, an et jo esou wéineg Neiinfektiounen zu Lëtzebuerg gëtt, datt een et hinne längst hätt kënnen nomaachen. Déi Fuerderung hat et an dësem Sënn jo och fir d‘Coiffeure ginn an do huet jo d‘Regierung dann och noginn, esou wéi dat ab e Méindeg och fir Kosmetikstudioe gëllt.

horescaA wann et jo nëmmen ëm de Risk vun all deene Leit géif goen, déi sech bereetwëlleg exposéiere wëllen, kéint et engem un a fir sech egal sinn. Wann een also doheem nach ëmmer am beschten opgehuewen ass, ee seng Deplacementer mat beduecht sollt wielen, dat well d‘Distanz de facto dee beschten an einfachste Schutz fir sech an déi aner ass, sollt een der „Gedold“ de Virzuch ginn.

Firwat? Ma hei ee Beispill: An Niedersachsen kann een zanter dem 11. Mee nees an ee Restaurant, e Bistro, wéi och an de Béiergäert senge kulinaresche Passiounen nolafen. Jo et gëtt och hei eng Rei Oplagen déi anzehale sinn, mee am grousse Ganze rullt den HORESCA-Secteur nees. Dat allerdéngs huet elo Folgen, wéi eis bericht ginn ass. Éischt Fäll vun Neiinfektioune sinn do.

horesca

Laut dem Inneministère vun Niedersachsen, hunn sech bei engem gastronomeschen Ausfluch am Landkrees Leer siwe Persoune mam Covid19 infizéiert. Et wier wuel den Ament net kloer, op et hei Reegelverstéiss ginn huet, mee mindestens 50 Kontaktpersoune mussen sech zousätzlech zum Personal vum Restaurant a Quarantaine beginn. A dat mécht richteg Problemer wéi erkläert gouf.

Wann et relativ einfach war, de Persounekrees deen am Restaurant war festzestellen – datt well een muss seng Kontaktdaten hannerloosse wann een dann och wëll zerwéiert ginn – esou gëtt et eppes méi komplizéiert fir d‘Kontakter vun den ermëttelte Kontaktpersounen ze ermëttelen. Stellt sech dann elo d‘Fro wie bereet ass dofir d‘Verantwortung, wann och nëmme moralesch, ze iwwerhuelen.

mat indymedia/ham

Illustratioun. © Shawn Ang / unsplash

Related topics Covid19, Gastronomie, HORESCA, Kierchen, Neistart Lëtzebuerg, Relance, Reouverture, Tourismus
Next post Previous post