Search

You may also like

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht
Neiegkeeten

Venezuela: Attentat op den Nicolas Maduro, eng Iwwersiicht

Zwou Explosiounen, siwe Verletzter, sechs Verhaftungen: dat sinn déi Elementer

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso
Neiegkeeten

Tierkescht Geriicht erdeelt Wikipedia eng Ofso

AFP-Informatiounen no huet en tierkescht Geriicht eng Demande vu Wikipedia,

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)
Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A13, tëscht dem

Déi Beschäftegt am Horesca-Secteur prioritär Impfen?

Déi Beschäftegt am Horesca-Secteur prioritär Impfen?

Ee Freideg gëtt an der Chamber déi nächst Versioun vum Covid19-Gesetz zur Ofstëmmung bruecht, an d‘Staatsbeamtekummer, huet nawell zolidd Awänn, och hisiichtlech dem Horesca-Secteur. Deen awer huet, wat de Gesetzprojet 7820 ugeet elo manner Problemer. De Secteur huet aner, wann net wierklech nei Suergen, a fuerdert datt déi Mënsche wou am Secteur schaffen, solle geimpft ginn.

Dëse Secteur bereet sech jo den Ament nees drop vir, och Konsumente bannen am Etablissement ze empfänken, dat ënnert besonneschen Oplagen – dorënner deen ominéise Schnelltest – déi awer nach ëmmer net verständlech sinn. Beim Test kann all Wiert/Gastronom et handhabe wéi hie wëll, ob elo virun der Dier oder bannent dem Geschäft, wichteg ass virun allem datt den Test gemaach gëtt.

Dem Beruffsverband wier et dann och genehm, wann sech Gesondheetsministère an -direktioun elo kéinten drop verstännege, datt wann de Konsument an engem éischten Etablissement säi séieren Test gemaach huet, hien dësen dann um selwechten Dag net soll musse bei all weidere Besuch vun engem Etablissement dësen Test widderhuele muss. Dës Tester géif et jo schliisslech net ëmsoss…

Richteg: fir Näischt ass just der Dout an dee kascht d‘Liewen. Wat elo de Schnelltest ubelaangt, esou huet et do Bedenke wat de Seriö an d‘Kredibilitéit ubelaangt. De Schnelltest ass méi Lotterie wéi en zouverlässegen Indicateur, an et wäert och éischter ëm dat oft sollicitéiert Sécherheetsgefill goen, wéi dat sech hei eeschthaft iwwer sanitär Komplikatioune géif Suerge gemaach ginn.

Et huet keen Impfprivileg

Am beschte wier et wuel, wann de Konsument sech all drëtten Dag géif engem PCR-Test, oder all Dag ee Schnelltest bei engem berufflech unerkannte Fachmann, ënnerzéien. Dat géif de Bedreiwer an dem Personal wuel méi, wéi nëmmen d‘Gefill vu Sécherheet ginn. D‘Betriber krute gëschter ee Schreiwes, an deenen hinne matgedeelt gëtt, wou si hir Tester, fir d‘Personal ze testen, hierkréien.

Wat elo d‘Fuerderung vun der Beruffskummer ubelaangt, d‘Leit aus hirem Secteur prioritär impfen ze loossen, esou ass déi mindestens esou berechtegt, wéi d‘Fuerderung vun der CGFP, all Beamten deen direkte Kontakt zu Leit huet, oder dem OGBL deen d‘Salariéeën am Eenzelhandel wëll séier Impfe loossen. Kann d‘Regierung elo dëser Fuerderung nokommen? Dat wäert séier gewosst sinn.

Et dierf een an dësem Kontext och nach emol drop hiweisen, datt d‘Impfung keen 100% Schutz bitt, mee de Krankheetsverlaf wier wesentlech méi erdréiglech. Et gëtt och ëmmer méi ersiichtlech, datt ee wuel all Joer muss geimpft ginn, firwat e franséische Lobbyist scho vun den Impfstoffer vun der 2. Generatioun schwätzt, a sech bei Pfizer/Biontech (bis 2023) 300 Milliounen Dose bestallt huet.

Illustratioun: © Jeff Siepman / unsplash

Related topics Covid19-Gesetz, Gesetzprojet 7820, Horesca-Secteur, Impfstrategie, PCR-Test, Schnelltester
Next post Previous post