Search

You may also like

Handwierk erkennt Erausfuerderung vum Digitalen
Neiegkeeten

Handwierk erkennt Erausfuerderung vum Digitalen

Ronn 7.000 Handwierksbetriber gëtt et zu Lëtzebuerg an déi mussen

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul
Neiegkeeten

Däitschland: Schüler op der Demo statt an der Schoul

No de Studenteprotester zu Bréissel „Youth 4 Climate“ wou um

Caritas aktivéiert seng Truppen
Neiegkeeten

Caritas aktivéiert seng Truppen

An dëse schwéieren Zäite verséchert d‘Caritas de Beneficiaire vun hire

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen

Beim nationale Verband vun der Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren (HORESCA) war een net iwwerrascht, datt d‘Regierung déi Moossnamen ergraff huet, déi elo schwéier an eisen Alldag agräifen. De klenge „schwaarzen“ an och den Humpen, alles dat wäert esou séier net méi iwwert de Comptoir gereecht ginn. Elo heescht et sech op dës Situatioun astellen an de Schued ze begrenzen.

Restauratiounsbetriber hu seele genuch finanziell Reserven, an si spille géint d‘Zäit. Wann et no der Kris och nach soll gastronomesch Betriber, a virun allem Bistroe soll ginn, da muss elo alles an d‘Wee geleet ginn, fir dës Entreprisen esouwäit wéi méiglech ze schützen, esou d‘Siicht vum Patronatsverband HORESCA. Woubäi och hei gëtt et ënnerschiddlech Virgoensweisen…

D‘Bistroe sinn zou an d‘Iessen am Restaurant ass zur Stonn net méi méiglech. D‘Restaurateuren awer dierfe Platen preparéieren an ausliwweren, respektiv ofhuele loossen. Dat ass zudeem och dat wat de Verband senger Membere réit, wie mat Livraisoune schaffe kann, sollt dat onbedéngt maachen. Och dat kann derzou bäidroen datt déi vill Aarbechtsplazen am Secteur net verluer ginn.

Am Horeca-Secteur, esou d‘Informatioun vum Verband, si ronn 14.000 Salariéeë vum partielle Chômage betraff, a vill vun hinnen si Grenzgänger. Wéini de normale Betrib nees kann opgeholl ginn, ob an zwee oder eréischt an dräi Méint, ass net gewosst. Wéi de finanziellen Impakt sech fir d‘Land herno duerstellt wot keen sech auszemolen. An awer fuerdert och d‘HORESCA Mesuren.

Esou stellt den HORESCA-Generalsekretär François Koepp fest, datt bis zu 80% vun de Fraise solle rembourséiert ginn, de Verband awer enger 100% Entschiedegung fuerdert, schliisslech huet d‘Regierung jo d‘Schléissung ordonéiert. Si géife schonn esou villes aus eegener Kraaft iwwerhuelen, wéi beispillsweis onverkaafte Wueren. Dobäi sinn d‘Chargen esou schonn erdréckend.

Ouni Ëmsaz, gëtt et fir vill Betriber schwiereg, d‘Chargen ze iwwerhuelen. Vum Loyer iwwert de Stroum, Gas an d‘Waasser a méiglecherweis e Bankkredit; wéi soll een dëser Belaaschtung Rechnung droen, wann d‘Aktivitéiten net stattfannen? Dat a villes méi, sinn d‘Froen, déi déi Affiliéiert Entreprise vun der HORESCA, gestallt hunn. A si sinn net déi eenzeg déi Suergen hunn.

Illustratioun: © Florencia Viadana / unsplash

Related topics Coronavirus, Covid19, François Koepp, HORESCA, Sanitär Kris, SARS-CoV2
Next post Previous post