Search

You may also like

money
ALFI: Grouss PE & RE Konferenz dëst Joer nëmme virtuell
Kultur Neiegkeeten

ALFI: Grouss PE & RE Konferenz dëst Joer nëmme virtuell

Am Dezember, esou wëll et d‘Traditioun, organiséiert de Lëtzebuerger Verband

12 Méint an 12 Geschichten: D’Johanna zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus
Kultur Neiegkeeten

12 Méint an 12 Geschichten: D’Johanna zur Selbststännegkeet bei Persoune mat Autismus

Si all hunn eppes gemeinsam: Si sinn Persounen am autistesche Spektrum.

Muse = Mute
Kultur Neiegkeeten

Muse = Mute

Eng Muse ass Inspiratioun. Si steet hannert der Iddi, déi

De Grusel fir Doheem: Horrorfilmer fir Halloween

De Grusel fir Doheem: Horrorfilmer fir Halloween

Halloween steet virun der Dier. Ma grouss Partye falen dëst Joer fir d’Sécherheet vun eis ze garantéieren an d’Waasser. Dofir kritt Dir hei e puer Horrorfilmer presentéiert, déi gemitterlech op der Fotell gekuckt kënne ginn. A wien weess, villäicht musst Dir d’Luucht fir ze schlofen uloossen.

Ech weess jo net ewéi et Iech geet, mä ech fannen de Filmgenre „Horror“ herrlech entspanend. Beim Ubléck vun duerchgeknallte Killer, Zombien an Hexe wierken déi eege Problemer kleng. Wéinstens fir e Moment.

All opgezielte Film ass vu mir perséinlech fir gutt befonnt ginn. Déi meescht Filmer fannt Dir bei Netflix oder Amazon Prime. Déi gutt al DVD mécht et natierlech och.

Der letzte Exorzismus (2010)

Bei der letzte Exorzismus gëtt een esou dacks duerchernee gemaach, datt een ufänkt u sengem Verstand ze zweiwelen. Dat mécht nawell Spaass a gëtt dem Spektakel uerdentleche Kick.

Begleet vun engem Kamerateam soll de Paschtouer Cotton Marcus dat jonkt Meedchen Nell vun engem Dämon erléisen.

The Cured (2017)

An Zombiefilmer hoffen ëmmer all, datt ee Géigemëttel fonnt gëtt, fir déi Ondoudeg nees mënschlech ze maachen. Genau dëst passéiert an dësem Film – et ass eng gelonge Mëschung tëscht Spannung an Drama.

Den Ex-Zombie Senan plot säi schlecht Gewëssen. Hien huet am Rausch säi Brudder ëmbruecht. En huet net nëmme mat sengen Erënnerungen ze kämpfen, mä och mat sengem Schöpfer Conor, engem psychopatheschen Narzisst.

Contracted (2013)

De Film ‘Contracted’ weist eis, ewéi et sech ufillt, lues awer sécher zum Zombie ze mutéieren. Wat sech fir d’éischt no engem ellene Hangover ufillt, entwéckelt sech fir d’Samantha zum Albdram. Hei stellt sech d’Fro: Wat hält méi laang? Geescht oder Fleesch?

The Boy (2016)

Horrorfilmer mat Poppe sinn e Genre fir sech. Mat ‘The Boy’ hunn d’Produzenten eppes Spezielles geschaf.

D’Greta, eng Babysitterin staunt net schlecht, ewéi hatt gesäit op wien hatt oppasse muss. De Brahms ass nämlech kee Jong, mä eng Popp. E soll awer ewéi en echte Mënsch behandelt ginn. Natierlech hält d’Greta sech net un d’Reegelen – an den Horror geet un. (Mëttlerweil ass och den zweeten Deel an de Butteker ze fannen.)

Mama (2013)

Wann kann nach méi grujeleg ewéi Poppe sinn? Ma Kanner! A wou Kanner an engem Horrorfilm sinn, sinn iwwersënnlech Elementer meeschtens net wäit. Wat d’Hannergrondgeschicht stëmmt, ass dat natierlech perfekt.

D’Gesëschter Victoria a Lilly ginn an enger Bëschhütt fonnt a vun hirem Monni adoptéiert. Ausser dem Wuert “Mama” schwätzen si net vill. Mat der Zäit mécht d’Mamm sech bemierkbar a si huet et guer net gär, wann een hier Kanner ewech hëlt.

The Visit (2015)

Nach méi grujeleg ewéi Kanner a Poppen ass d’Kombinatioun Kanner an hier Grousselteren. D’Gesëschter Tyler a Loretta verbréngen eng Woch bei de Grousselteren an der Vakanz – si hunn dës awer ni kennegeléiert. An iergendeppes schéngt mat deenen zwee net ze stëmmen, hiert Verhalen gëtt ëmmer méi komesch a bedreelech.

It Follows (2014)

‘It Follows’ ass déi perfekten Ofschreckung virun One Night Stands, well hei am Film gëtt esou e Fluch vun enger Persoun op déi aner weidergereecht. No dem Sex mat engem Frieme gëtt d’Jay vun engem mysteriéise Wiese verfollegt. Gutt, et ass lues, mä et bréngt den Dout. Dofir muss d’Jay sech elo iwwerleeën, ob hatt bereet ass, d’Liewe vun engem aneren ze opferen.

The Autopsy of Jane Doe (2016)

Hei ass echt Hexerei um Wierk. Dësen Horrorfilm vereent Spiritualitéit a Wëssenschaft. Den Austin a säi Papp Tommy hunn eng besonnesch Fra um Autopsiedësch leien. D’Organer si verkuelt, d’Zong ass erausgeschnidden an am Mo waart nach eng Iwwerraschung op si.

Get Out (2017)

Als Gaascht gefaangen an enger friemer Kultur …

Den Afroamerikaner Chris besicht déi éischte Kéier déi wäiss Famill vu senger Frëndin Rose. Wat hien net weess – an där elitärer Gesellschaft gi POC als Sklave gehalen. Wäert him d’Flucht geléngen?

D’Redaktioun wënscht vill Spaass beim Kucken. An de Popcorn net vergiessen!

Opmaacherbild: © Perchek Industrie / Unsplash

Related topics Amazone Prime, Angscht, Contracted, Exorzismus, Film Owend, Get Out, Halloween, Horrorfilm, It Follows, Mama, The Autopsy of Jane Doe, The Boy, The Cured, The Visit
Next post Previous post