Search

You may also like

Editorial: D‘Kausa Assange an d‘Pressefräiheet
Neiegkeeten

Editorial: D‘Kausa Assange an d‘Pressefräiheet

Datt gëschter d‘Distriktriichterin Vanessa Baraitser d‘Ausliwwerung vum WikiLeaksgrënner Julian Assange,

Lëtzebuerger Rout-Kräiz sicht Bluttspender
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Rout-Kräiz sicht Bluttspender

Am Blutttransfusiounszenter vum Roude Kräiz ass d‘Stëmmung bedréckt. D‘Spideeler brauche

dislike
Verspillte Massen
Neiegkeeten

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

Hospilux S.A.: Den Nicolas Henckes gëtt den neien Direkter

Hospilux S.A.: Den Nicolas Henckes gëtt den neien Direkter

Ab dem 1. Januar 2022 huet Hospilux S.A. een neien Direkter. Den Nicolas Henckes wäert dann d’Direktioun vum offizielle Fournisseur vun der Santé leeden an iwwerhëlt d’Nofolleg vum aktuellen Direkter, dem Claude Bindels. Ma, hie bleift den eenzegen Aktionär vun der Entreprise an ass och weiderhin als Apdikter fir Hospilux täteg.

Den Nicolas Henckes bréngt mat senge 46 Joer bestëmmt frësche Wand an nei Iddien an d’Entreprise eran, hien huet op der Paräisser Universitéit studéiert a war als Affekot fir de Paräisser Barreau täteg. No der Grënnung vum erfollegräiche Startup Legitech sárl huet den Nicolas Henckes do eng Positioun als Direkter bezunn.

„Ech wousst schonn ëmmer, datt ech enges Dages d’Positioun vum Direkter iwwerhuele wäert, dat läit a menger DNA. Hospilux S.A ass eng floréierend Entreprise an engem Secteur mat Zukunft. De Gesondheetssecteur, deen ech gutt kennen, ass och e Secteur mat héijer moralescher Verantwortung. Ech freeë mech op dës nei Erausfuerderung, an dat mat enger ganz professioneller an engagéierter Ekipp“, seet hien iwwert seng nei Plaz.

Och de Claude Bindels fënnt, datt säi Nofolger den ideale Kandidat ass fir d’Entreprise ze leeden, sou deelen déi zwee déi gläich Wäerter – a fir hien, war dëst no 25 Joer an der Entreprise e wichtege Punkt.

„Den Nicolas Henckes wäert fäeg sinn d’Digitaliséierung sou wéi d’Moderniséierung vun der Entreprise virunzebréngen a gläichzäiteg déi wirtschaftlech Entwécklung virundreiwen, fir datt Hospilux den nächsten Erausfuerderungen ënnert beschtméigleche Bedéngunge begéine kann“, ënnersträicht hien.

Foto: Nicolas Henckes / LinkedIn

Related topics Claude Bindels, Fournisseur, Gesondheetssecteur, Hospilux S.A., neien Direkter, Nicolas Henckes, Santé
Next post Previous post