Search

You may also like

dislike
Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?
Meenung Neiegkeeten

Wouhinner féiert de Sergio Mattarella Italien?

Am volle politesche Chaos, bereet sech den italienesche President, Sergio

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden
Meenung Neiegkeeten

Kanadesche Finanzminister iwwerraschend zeréckgetrueden

An enger kuerzfristeg ugemellter Pressekonferenz huet de Bill Morneau säi

En Adventskalenner mol bëssi anescht
Meenung Neiegkeeten

En Adventskalenner mol bëssi anescht

Um internationale Festival vun den Chrëschtdagsfilmer zu Berlin 2020 ginn zënter

Win-win-Situatioun: D’Hotelszëmmeren de Sans-Abrisen ubidden

Win-win-Situatioun: D’Hotelszëmmeren de Sans-Abrisen ubidden

Duerch d’Reservéiere vun Hotelszëmmere fir Sans-abrisen, kann d’Regierung dem HORECA-Secteur hëllefen a gläichzäiteg d’Leit an dësen äisegen Temperature vun der Strooss kréien.

D’Piraten ënnerstëtzen d’Iddi, déi schonn a verschiddene Stied am Ausland ëmgesat gouf, staatlech finanzéiert Hotelszëmmere fir Leit ouni Daach iwwert dem Kapp bereet ze stellen – hëlleft se dach béide Säiten. An dëse ganz kalen Deeg a Nuechte brauchen d’Sans-abrisen eng Plaz, wou se sech kënnen opwiermen a wou se net de Risk lafen, ze erfréieren.

Gläichzäiteg kämpfen d’Hotelieren am Land nach ëmmer mat der Covid-Kris an hunn am Moment kaum Clienten, well den Tourismus flaach läit an nëmme Room Service erlaabt ass. De Leit ouni Dag iwwert dem Kapp wärend dem Wanter staatlech finanzéiert Hotelszëmmeren zur Verfügung ze stellen, kéim den Hotelieren an och de Bedierftegen ze gutt.

D’Caritas organiséiert säit Jore mam Familljeministère d’Wanteraktioun. Leider befannen sech déi dofir ageriichte Foyeren nëmmen um Findel a sinn ze wäit ewech, fir déi Sans-abrisen, déi sech ausserhalb vun der Stad duerchschloen. Dës Aktioun gëtt zudeem vu ville Leit genotzt an ass dofir oft iwwerlaascht.

Mir fuerderen dofir vun der Regierung, dass se sech mat den Hotelieren an de Leit um Terrain, wéi der Caritas, der Stëmm vun der Strooss oder de Steet Angels, zesumme sëtzt a séier kuckt, fir déi Leit ënnert Daach ze kréien, déi Hëllef brauchen, a gläichzäiteg den Hotelieren esou ënnert d’Äerm gräift.

Matgedeelt vun der Pirate-Partei

Opmaacherbild: © Alex Block / Unsplash

Related topics eidel Zëmmeren, Horesca-Secteur, Hotelszëmmeren, Piratepartei, Sans-Abri, Tourismus, Win-Win
Next post Previous post