Houltz: Piff kontaminéiert d’Noutemerbaach

Duerch en technesche Problem bei engem landwirtschaftleche Betrib zu Houltz ass Piff an de Waasserlaf vun der Noutemerbaach geroden. D’Waasserverwaltung an de CGDIS waren op der Plaz fir géint d’Ëmweltverschmotzung unzekämpfen.

D’Noutemerbaach leeft vun Holtz iwwert déi belsch Grenz an Nothomb op Grendel, wou d’Baach mat der Atert zesummefléisst fir sech schliisslech zu Nidderkolpech nees op Lëtzebuerger Terrain a Richtung Ell a Réiden virun ze beweegen. Aus dësem Grond huet op Lëtzebuerger a belscher Säit bei zwee Waasserleef misse gehandelt ginn.

Piff kontaminéiert d'Noutemerbaach
© Waasserverwaltung

An der Noutemberbaach hunn d’Agente vun der AGE an d’Pompjeeë vum CGDIS en natierlecht Absorbéierungsmëttel agesat, en Deel vum Waasser gouf och ofgesaugt. Zesumme mam SIDEN sinn an der Atert Waasserbelëfter genotzt ginn, fir esou den Impakt op d’Flora an d’Fauna am Waasser ze reduzéieren.

Op der Plaz waren och d’Police an de Parquet vum Krees Dikrech. D’Lëtzebuerger Wort schwätz vun 100.000 Liter Piff, déi ausgelaf solle sinn. Wéi héich de Schuet ass, ass bis ewell net gewosst.

Dernières nouvelles