Search

You may also like

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

Spa-Francorchamps: Technesch Problemer verhënneren e méigleche Podium fir den Dylan Pereira

No engem Mount „Vakanz“ ass d‘Saison vum Porsche Mobil 1

Pipo Peng: Agent 007
International Neiegkeeten

Pipo Peng: Agent 007

Virwuert: All Sonndeg gëtt eng Kuerzgeschicht aus dem Liewe vum

Elo ass de Moment: D’Broschür fir eng sécher Pensioun!
International Neiegkeeten

Elo ass de Moment: D’Broschür fir eng sécher Pensioun!

All Persoun sollt d’Recht op eng sécher Pensioun hunn an

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft

Houston: Trauerfeier mat Symbolkraaft

E Méindeg gouf de Sarg mam Läichnam vum George Floyd, deen duerch exzessiv Policegewalt verstuerwen ass, a senger „Heemecht“ Houston opgeboert. Honnertdausende Mënschen hunn un Undeel geholl. Amerikanesch Fändelen hunn de Wee zur „Fountain of Praise“ Kierch gezeechent. De Mann, deen de Slogan „Black Lives Matterweltwäit gepräägt huet gëtt haut begruewen.

De 46 järegen Afroamerikaner ass zu Houston opgewuess, a soll haut zu Pearland bäigesat ginn. Säin Dout huet an der ganzer Welt Masseprotester ausgeléist. Zu Minneapolis, wou d‘Dot stattfonnt huet, wëll een de Policeapparat opléisen an vu Grond op nei opstellen. Den Täter, de Polizist Derek Chauvin stoung ee Méindeg déi éischte Kéier viru Gericht. Seng Kautioun bedréit 1, 25 Milliounen US-Dollar. Op een ënnert dësen Ëmstänn bereet ass dat Geld virzestrecken? Wuel éischter net.

Zanter iwwer enger Woch hëlt de Protest net of, woubäi erfreelech ass, datt dat ganzt Geraibers an d‘Plëmme vu Geschäfter wéi och soss Vandalismus, kaum nach stattfënnt. D‘Demonstratioune lafen „eesäiteg“ friddlech of, den Ament sinn et virun allem d‘Sécherheetskräften, déi fir onschéi Biller suergen. An dat leider net nëmmen an den USA, wéi Berichter aus Däitschland et ënnersträichen.

Datt den US-President Donald Trump eng droleg Aart a Weis mat sensibelen Themen ëmzegoen, ass gewosst. Hien huet wuel op seng flappseg Fassong de Dout vum George Floyd veruerteelt an och d‘Recht op de friddleche Protest net a Fro gestallt, mee näischt zur Deseskalatioun bäigedroen. Versteesdemech fir d‘Roserei iwwer déi institutionaliséiert a systemesch Ënnerdréckung huet de Milliardär mat rassisteschen a misogyne Zich, net iwwerzeegend vermëttelt kritt.

mat indymedia/hou

Foto: © Courtney Sacco

Related topics Black Lives Matter, George Floyd, Houston, Rassismus, Trauerfeier
Next post Previous post