Search

You may also like

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!
International Neiegkeeten

Vakanzefoire 2019: Doheem ass et am Schéinsten!

Um 17:30 Auer huet den Tourismusminister Lex Delles, zesumme mam

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt
International Neiegkeeten

Libyen: Trotzt russescher Vermëttlung nach kee Fortschrëtt

Nodeems et zu Moskau net zu valabele Gespréicher komm ass,

Aarbechtsminister hëlt d‘Kuerzaarbecht op de Leescht
International Neiegkeeten

Aarbechtsminister hëlt d‘Kuerzaarbecht op de Leescht

Säit elo bal engem Joer, gouf wéinst der Covid19-Pandemie a

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“

Houston verbitt d‘Ouverture vun engem „Roboter-Bordell“

D‘Amerikaner bedreiwen déi gréisste „Sex-Industrie“ op der Welt, a ginn sech awer esou Prüd, datt et Storye gëtt, déi nëmmen si schreiwe kënnen. Esou d‘Stad Houston am Bundesstaat Texas. Déi huet sech e Mëttwoch géint d‘Ouverture vum éischte Geschäft gewiert, dat Sexroboter-Poppen am Sortiment féiert. Fir de Buergermeeschter vun Houston, wier d‘Enseigne e „Bordell“.

KinkySdollS, eng kanadesch Entreprise mat Sëtz zu Toronto, wollt sech eng Filial zu Houston gënnen. D‘Entreprise vum Yuval Gavriel kommerzialiséiert déi sougenannt „Sex-Bots“. Poppen déi, esou d‘Entreprise, mat kënschtlecher Intelligenz ausstafféiert sinn, wat et hinnen erméiglecht, mat de „Besëtzer“, déi op der Sich no enger Partnerin sinn, an Interaktioun trieden ze kënnen.

Elo ass et och am Texas net verbueden sech eng „Popp fir bestëmmten Zwecker“ ze kafen an ze benotzen. An eisem Fall ass et awer de Fait, datt dem „Client“ d‘Méiglechkeet ageraumt gëtt, seng „Wuer“ virum Kaf ze probéieren – wat bei Präisser ab 2.300 US-Dollar verständlech ass – deen den Autoritéiten net gefält. Fir si ass esou eng Praxis „Proxenitismus“ an d‘Geschäft de facto e Bordell.

Keng sexuell Aktivitéit mat „intelligente“ Poppen?

„Mir si kee Bordell“ huet sech de Proprietaire vu KinkySdollS géintiwwer der „Toronto Sun“ zur Polemik vun Houston ausgedréckt. „Mir sinn e Geschäft. Mir sinn do fir Poppen ze verkafen“, ënnersträicht de Yuval Gavriel. „Et misst engem dach aliichten, datt wann ee sech Produkt keeft, dat präislech am ieweschte Segment ugesidelt ass, een och wëll sécher sinn, datt et de Präis wäert ass“.

De Sylvester Turner, Buergermeeschter vun Houston an Harvard Absolvent, Member vun der „Brookhollow Baptist Church“, gesäit dat anescht a stellt dréche fest: „Et ass net déi Aart vu Geschäft déi ech an der Stad Houston wëll gesinn“. Den ausgebilte Jurist huet dofir en 20 Joer aalt Gesetz aus dem Tirang geholl, datt sech dem „Kommerz vu sexuellen Aktivitéiten“ unhëlt.

E Gesetz dat elo an där Form amendéiert huet misse ginn, datt och „technologesch Objeten“ dorënner falen. De Sylvester Turner, wëll awer d‘Poppe selwer net verbidden. „Déi sexualiséiert Poppen dierfe verkaf, mee net benotzt ginn. Dir dierft keng sexuell Aktivitéit mat engem lieflosen Objet hunn, dat vu KinkySdollS verkaf gëtt“, esou de Buergermeeschter.

mat AFP

Related topics Bordell, Houston, KinkySdollS, Sex-Roboter, Texas
Next post Previous post