Search

You may also like

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!
Neiegkeeten

CGDIS: Feier op der Place Guillaume II!

Wéi de CGDIS matdeelt sinn de Mëtteg um 16:20 Auer

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz
Neiegkeeten

D’Schoulen an de Coronavirus: D’Situatioun vum 8. bis de 14. Mäerz

Och an de Schoule kann een sech mam Coronavirus infizéieren.

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht
Neiegkeeten

135 Joer Escher Pompjeeën: D‘Buch zu der Geschicht

Um Freideg Nomëtteg hunn d‘Auteure Michel a Jeanny Krieps-Dell dem

Professionell Foire fir Personalressourcen : klenge Réckbléck

Professionell Foire fir Personalressourcen : klenge Réckbléck

Ufangs vum Joer, de 25. Januar 2019 fir méi genau ze sinn, huet déi éischt professionell Foire fir Personalressourcen – HR Lux Trade Fair – am European Convention Center zu Lëtzebuerg stattfonnt. EiviLux, Beroderfirma wann et ëm Personalfroe geet, bléckt net nëmmen op déi éischt Editioun zeréck, ma se gëtt alt schonn den Datum fir den nächsten Treff bekannt – de 17. Januar 2020 dréit sech nees alles ëm “Ressources Humaines”.

Iwwer 300 Responsabeler aus dem Beräich Personalressourcen hunn de 25. Januar 2019 u 14 Konferenzen deelgeholl a sech mat 36 Experten iwwert verschidde Schwéierpunkten aus dësem Themefeld ausgetosch. Vun de Participante ware ronn zwee Drëttel aus dem Personalwiesen. De Rescht ware Leit aus der Direktioun.

Op der éischter Oplo vun dëser Zort professioneller Foire hu sech virun allem Personalcheffen aus dem Banken- a Finanzsecteur souwéi Leit vun Assurancen afonnt. D’Secteure vun der Informatik, Telekommunikatioun, Energie, Ëmwelt a Commerce waren allerdéngs och gutt vertrueden. Während de Groussdeel vun de Participanten aus Firme mat iwwer 100 Mataarbechter koum, waren et bei de Membere vun der Direktioun haaptsächlech Vertrieder vu méi klengen a mëttelgrousse Strukturen.

Fir déi zweet Editioun, de 17. Januar 2020, ka jidder Interesséierte sech alt umellen.

Opmaacherbild: © HR Lux Trade Fair

Related topics EiviLux, HR Lux Trade Fair, Personal, Personalressourcen, Ressources Humaines
Next post Previous post