Search

You may also like

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020
Neiegkeeten

Eebunnsstrooss an der Hollerecher Strooss um 9. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt an d’Hollerecher Strooss, duerch Kranaarbechten,

Um Schantje vum CNIS zu Gaasperech geet et virun
Neiegkeeten

Um Schantje vum CNIS zu Gaasperech geet et virun

De nationale Brand- a Rettung-Zenter (CNIS) zu Gaasperech hëlt lues

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG
Neiegkeeten

Italienesch Justiz saiséiert d‘Schëff vu spuenescher ONG

En italienesche Riichter huet en Dënschdeg d‘Saisie vun engem Schëff,

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

HR Luxembourg Award: D’CFL gewënnt dräi Präisser

Ganz stolz annoncéiert de Grupp CFL, datt si bei der Gala vum „HR Luxembourg Award“ mat dräi Präisser geéiert goufen. D’Event ass den 20. November 2018 vu Farvest organiséiert ginn. Des Awards sinn d’Bestätegung vun der Aarbecht an dem Engagement vun alle Collaborateure vun der CFL.

Den éischte Präis mam Numm „Onboarding Excellence Award“ huet de Grupp fir seng gutt Handhabung mam „Onboarding“ kritt. D’Membere vum Jury hunn ënnerstrach, datt d’CFL hei ee Programm ubitt, den ee groussflächegt Fundament ubitt mat enger klorer Visioun vun der Entwécklung. De Service „Recrutement & Mobilité“ begleet hei nei Mataarbechter a sengen neie Missiounen an hëlleft, d’Persoun an déi nei Equipe ze integréieren.

Ee weidere Präis den si erhalen hunn ass „Employer Brand of the Year“, dat fir hire Projet fir hiert Engagement bei den Mataarbechter an de Collaborateure vum Grupp. Si all sinn Embassadeure vum CFL. De Programm gesäit ënner anerem och fir d’Employeren u sech ze bannen an och nei Kandidaten an d’Boot ze huelen. Mee och d’Wäerter vum Grupp solle prezis definéiert an ausgelieft ginn.

Den drëtte Präis ass dem Yves Baden, Direkter vun de Ressources Humaines beim CFL, iwwerreecht ginn. „HR Manager of the Year“ belount hie fir d’Verännerungen a leschter Zäit, d’Stäerkung vum Employeur an d’Reiung vun de RH an dem Geschäft.

De Grupp CFL wëll heimat all senge Mataarbechter Merci soen, ouni déi d’Projeten nimools esou erfollegräich hätten ëmgesat ginn.

Related topics CFL, Farvest, Präisiwwerreechung, Yves Baden
Next post Previous post