Search

You may also like

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit
International Neiegkeeten

Presidentschaftswahl a Polen: Den Duda verpasst d‘absolutt Majoritéit

Den nationalkonservativen an homophoben Andrzej Duda huet bei enger Wahlbedeelegung

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“
International Neiegkeeten

Rapport zur Sëtzung vum Regierungsrot bleift „schlicht“

Am Communiqué zum Resumé vun der Sëtzung vum Regierungsrot vun

dislike
Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten
International Neiegkeeten

Syrien: Ankara schéckt Panzer iwwer d‘Grenz fir Kurdemiliz auszeschalten

Tierkesch Panzer an Infanterie sinn um Sonndeg an de Norde

Amerikaner setzen Huawei wéinst Spionagevirworf massiv ënner Drock

Amerikaner setzen Huawei wéinst Spionagevirworf massiv ënner Drock

Fir de chinesesche Smartphone-Hiersteller an Netzwierkausrëschter Huawei gëtt et esou lues enk. D‘FCC (Federal Communications Commission) huet entscheet, datt Huawei an och ZTE, eng aner chinesesch Entreprise aus dësem Technologiesecteur, eng Gefor fir déi national Sécherheet géife bedeiten.

Dat bedeit elo, datt all Provider an de ländleche Géigende vun den USA, déi bei de „Chinesen“ Material, Ausrëschtung oder Déngschtleeschtunge kafen, keng Subventiounen aus Bundesmëttel kréien. D‘Entreprise ginn zudeem „verflicht“ déi scho kaaften an/oder benotzte Produite vun Huawei an ZTE ze ersetzen. Präis fir dës „Operatioun“: 2 Milliarden US-Dollar.

Déi amerikanesch Provider, déi op déi präiswäert Produiten aus China ugewise sinn, sollen sech scho bei de Skandinavier Nokia an Ericsson erkënnegt hunn, ob et Alternative gëtt. Schonn am Mee hat d‘US-Regierung – am Kontext vum Handelssträit – bal allen US-Entreprisen eng Kooperatioun mat Huawei verbueden, well déi ze enk mat der kommunistescher Regierung verknäppt wier.

Washington werft Huawei onverblimmt vir, Spionage am Optrag vu Peking ze bedreiwen. Dat weist de chineseschen Elektronikkonzern vu sech. Zanter Mee huet et dann och ëmmer nees „Ausname“ ginn, dat allerdéngs ëmmer am Kontext vum politeschen „Hin an Hier“ am Handelssträit. Un deem gëtt jo weiderhi gedoktert, woubäi sech elo och nach de Protest vun Hong Kong „agelueden“ huet.

Huawei

Och an Däitschland mobiliséiere sech „Politiker“ géint Huawei. Um Parteidag vun der CDU soll eng Resolutioun géint d‘Bedeelegung vun Huawei um 5G-Mobilfunknetz virgeluecht ginn. Zu Berlin heescht et, datt d‘Bundeskanzlerin (nach) net bereet ass, Huawei auszeschléissen, wat hir Kritik vun der Basis awer och aus dem méi enken Ëmfeld abréngt. Zu Lëtzebuerg dozou kee Wuert.

mat indymedia/was/nyc

Foto: © Giz

Related topics FCC, Handelskrich, Huawei, Mobilfunknetz 5G, Spionage, USA
Next post Previous post