Search

You may also like

Wie kann eis Foussgängerzone retten?
International Neiegkeeten

Wie kann eis Foussgängerzone retten?

Et kënnt engem bal vir, wéi wann d’Diskussioun all puer

Back to live: D’Philharmonie lackelt mat super Concerten!
International Neiegkeeten

Back to live: D’Philharmonie lackelt mat super Concerten!

Um 12. Mäerz huet d’Philharmonie duerch d’Pandemie fir ongewëss Zäit

Syrien huet gewielt
International Neiegkeeten

Syrien huet gewielt

A Syrien, dem demokrateschste Biergerkrichsland vun der Welt huet et

Huawei baut 12 europäesch Stied no – dorënner och Lëtzebuerg

Huawei baut 12 europäesch Stied no – dorënner och Lëtzebuerg

Datt an Asien schonn emol Kleedung an Technik kopéiert ginn, ass keng Seelenheet. Elo geet déi realitéitsgetrei Reproduktioun awer esou wäit, datt den chineseschen Telekommunikatiouns-Gigant HUAWEI 12 europäesch Stied nobaue wëll. Och de Groussherzogtum ass hei mat der sougenannter „Luxembourg Zone“ vertrueden.

Vum Tiermchen mat (respektiv hei ouni) der Opschrëft „Mir wölle bleiwe wat mir sin“, iwwert déi enk charmant Stroosse vun der Alstad bis hin zu de steile Fielswänn huet de Konzern mat Sëtz zu Shenzhen sech all Méi gemaach, fir eist d’Haaptstad ze kopéieren. Awer net just mir sinn bei dësem risege Projet an Asien imitéiert ginn.

Um Ox Horn Campus um Südufer um Songshan-Séi an der Provënz Guandong sinn op enger Fläch vun 1,4 Quadratkilometer ganzer 12 Stied aus Europa replikéiert ginn. Am ganze schaffe 25.000 Mataarbechter op der Plaz. Verbonne sinn déi eenzel Stied duerch en Tram, sou datt d’Touristen a kierzester Zäit en Tour duerch hallef Europa meeschtere kënnen.

Huawei

Huawei Malaysia / Twitter

Am Joer 2012 huet Huawei déi international Ausschreiwung fir de Mega-Projet lancéiert. Do, wou de Fuerschungs- an Entwécklungszentrum vum Konzern ënnerbruecht ass, fënnt een mëttlerweil awer keng trist Bürosgebaier, mee ënnert anerem en zweet Paräis, Verona, Oxford, Freiburg oder Granada. Virun allem geet et dorëm, dat europäescht Liewensgefill hautno ze spieren.

Op de soziale Medien kënnt d’Kopie vu Lëtzebuerg méisseg un. Et kéint een net einfach en europäesche Patrimoine reproduzéieren, d’Replique wier net realitéitsgetrei an och de Grond, wisou een esou ee Projet ëmsetzt, ass ville Leit net ersiichtlech.

Huawei

Schonn 2006 ass no u Shanghai mat „Little London“ de gregorianeschen a viktorianesche Stil, mat de Pubs an dem englesche Flair déi britesch Haaptstad kopéiert ginn. Säit 2007 fënnt een an der Provënz Zhejang en Nobau vum Eiffeltuerm an och déi däitsch Stad Hannover ass zu Changde kopéiert ginn.

Opmaacherbild © Cedric Letsch / Unsplash

Related topics Asien, China, Guandong, Huawei, Klon, Kopie, Lëtzebuerg, Luxembourg Zone, Mega-Projet, Nobau, Ox Horn Campus, Replique, Telekommunikatioun
Next post Previous post