Search

You may also like

surprise
Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?
International Neiegkeeten

Ass Lëtzebuerg prett fir en neie Referendum?

Wann een iwwert Politikverdrossenheet schwätz, gi gäre gewësse Léisungen ëmmer

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems
International Neiegkeeten

Bei der Reorganisatioun vum RGTR stinn d‘Gemengen op der Brems

Säit elo gutt dräi Joer gëtt un der Reorganisatioun vum

Tacheles: Schlofe géint de Stau
International Neiegkeeten

Tacheles: Schlofe géint de Stau

D‘Iwwerschrëft vun dësem Text kléngt e bësse komesch. Wéi soll

Impstoffpoker: huet Bréissel geblufft?

No unhalendem Dissens beim Approvisionnement mat Vaccinen, huet d‘Kommissioun Feeler ageraumt

Impstoffpoker: huet Bréissel geblufft?

Nodeems den éisträichesche Kanzler zesumme mat fënnef Gläichgesënnte fir eppes Gedauschs am europäeschen Haus gesuergt an en Impf-Sommet gefuerdert huet, gëtt déi „zweet Rei“ virgeschéckt. Et war dem Vizepresident vun der Kommissioun vergënnt, Positioun ze ergräifen. Eng Aufgab déi gutt zum Frans Timmermans passt, well de ganze Personnage ass eng schlecht Nouvelle…

De Sebastian Kurz, zesumme mat sengen Homologen aus Bulgarien, Kroatien, Lettland, Slowenien an Tschechien, haten an engem Bréif un de Charles Michel an d‘Ursula von der Leyen opmierksam gemaach, datt wa weiderhin esou schluddereg geschafft gëtt, et bis zum Summer zu immensen Ongläichheeten ënnert de Memberlänner kënnt. Dänemark, Holland a Malta, wiere „Profiteuren“.

Als éischt haten ee puer „Technokraten“ op d‘Awänn vum politesche Sextett reagéiert. „Zirkuléiert, et gëtt näischt ze gesinn“, esou kann een dëse resuméieren. Och en extrae Sommet, war an engem éischten Ament zeréckgewise ginn, vu datt et ee regulären EU-Sommet Enn vum Mount huet. An do steet den Diskussiounspunkt „Koordinatioun vum Kampf géint d‘Pandemie“ op der Agenda.

E Sonndeg dann d‘Ageständnis vum Frans Timmermans, datt et bei de Bestellunge vun all den Impfstoffer esouwuel zu Bréissel wéi och an de Memberlänner zu „Feeler“ komm wier. Wéi eng Roll de Frans Timmermans, ëmmerhin EU-Kommissiounsvizepresident, am Kontext vun dëse „Bestellungen“ gespillt huet wësse mir net, mee d‘Länner hunn d‘Prozedur eestëmmeg ugeholl.

Berlin ass Schold

Et ass lästeg ëmmer nees mussen drop hinzeweisen, datt Politiker net anescht kënne wei ëmmer mussen ee Schëllege fir dat eegent Versoen, a ganz besonnesch déi eegen Onfäegkeet fannen. Esou ergëtt et sech, datt elo Däitschland de ganze Misär soll erbäigefouert hunn. Gutt, wéi zu Bréissel huet missen eng Decisioun geholl ginn, haten d‘Germanen d‘EU-Presidence. Hunn se also versot?

Streng geholl, muss een dat mat „jo“ beäntwerten, woubäi een domadder ënnerschloe géif, datt déi aner 27 Flaachzangen datt jo alles mat ugeholl hunn, wat hinne virun d‘Mask gehale gouf. An esou funktionéiert een als Ekipp: et gewënnt oder et verléiert een, datt awer ëmmer „zesummen“. Blöd natierlech, wann et an der EU nëmmen dann Zesummenhalt huet, wann et Goss ze kraze gëtt.

Nach méi Blöd gëtt et, wa béis an domm Mënschen, eenzeg mam Zil sech politesch ervirzedoen, aus Chaos an Onmutt Kapital schloe mussen. Esou huet de liberale Vizefraktiounschef Michael Theurer (FDP) gemengt, datt et Säitens der Kanzlerin an dem Gesondheetsminister, wann se schonn net zerécktriede wéilten, mindestens eng Entschëllegung fälleg ass. D‘AfD wëll just de Récktrëtt.

Kuerz zréckgebléckt

Vun den (mëttlerweil) véier an der Unioun zougeloossen Impfstoffer, goufen alles an allem 1,4 Milliarden Dose bestallt. Dat sollt eigentlech fir déi ronn 450 Milliounen EU-Bierger duer goen. Allerdéngs ware Länner a Kommissioun eppes liichtfankeg, an hunn d‘Versprieche vun den Hiersteller einfach weiderginn. Datt et zu Retarden an Enkpäss komme kéint, jo dat „iwwerrascht“.

Do si mir nees bei der Politik, an déi geet Hand an Hand mat de Konzerner. Déi hu jo och als éischt d‘Aufgab vill Geld kuerzfristeg fir ganz wéineg Profiteuren (jo dozou gehéieren och d‘Politiker wéi d‘Masken-Affär vun der CDU/CSU beweist) ze generéieren. An eppes ze verkafe wat kee wierklech novollzéien oder iwwerpréiwe kann, erzwéngt eppes Fantasie a vill gutt ausgeschaffte Ligen.

D‘Pharmakonzerner woussten, datt déi ausgehandelt Terminer sech net géifen opgoen (vu klenge Geschäfter ënnert dem Dësch emol ofgesinn), mee am Business ass den éischte vir. Si haten och näischt ze befierchten, si woussten datt hir politesch Handlaanger eng gelleg Knautschzon hunn a spéider jo och nach wëllem hir Zouwennunge genéissen. Et geet ëmmer ëm déi eegen Interessen.

Mat ëmmer méi Vaccinen déi op de Maart drängen, sollt sech de Knuet awer zimmlech séier léise loossen. Ob et bis zum Summer besser, also méi zügeg mat den Impfunge virugeet, kee weess et. Et geet ëm deraart vill Geld an et huet keng 20 éierlech Volleksvertrieder an der ganzer Unioun. Vun den EU-Beamten, de Lobbyiste wéi och de Staats- a Regierungscheffen guer net ze schwätzen.

mat indymedia/bru/ber

Illustratioun: Datt d‘Politik sech bannent 12 Méint net konnt drop astellen, datt wann et dann een Impfstoff huet, dëse muss produzéiert an transportéiert ginn, et zudeem eng richteg Organisatioun brauch fir d‘Vaccinatioun ze koordinéieren… © Reproductive Health Supplies Coalition / unsplash

Related topics Covid19-Impfstoff, Covid19-Pandemie, EU-Kommissioun, Frans Timmermans, Kapitalismus
Next post Previous post