Search

You may also like

Chemnitz verbitt Antifa-Konschtausstellung
International Kultur Neiegkeeten

Chemnitz verbitt Antifa-Konschtausstellung

Déi fir haut (15. August) geplangten Erëffnung vun der vun

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!
International Kultur Neiegkeeten

Douanesgewerkschaft: Ongerechtegkeeten féieren zur Onzefriddenheet!

Am Mee an Dezember 2018 hunn 2 Entrevuë mat der

Ofschlossexamen fir Technique a Classique: 3.479 Schüler trieden un!
International Kultur Neiegkeeten

Ofschlossexamen fir Technique a Classique: 3.479 Schüler trieden un!

Um 20. Mee fänken déi schrëftlech Ofschlossexamen am Enseignement Classique

Human Rights Watch Film Festival 2020 – Wou Mënscherechter ënnert d’Lëns geholl ginn

Human Rights Watch Film Festival 2020 – Wou Mënscherechter ënnert d’Lëns geholl ginn

New York – Den Human Rights Watch Film Festivals (HRWFF) huet virun kuerzem säin 30. Joresdag gefeiert, an weist den Ament Filmer an iwwer 20 Stied ronderëm déiganz Welt. Et geet ëm Mënscherechtsverletzungen a Form vun Erzielungen an Filmer, déi een Forum fir couragéiert Leit op béiden Säiten vun der Lëns opstelle wëllen.

Human Rights Watch

Dobäi gëtt probéiert dem Publikum ze vermëttelen, datt perséinlechen Engagement en Ënnerscheet bewierke kann. An 30 Joer hunn si schonn 720 Filmer op hiren weltwäiten Festivaller gewisen, woubäi se dat ganzt Joer iwwer Filmer an iwwer 20 Stied op der ganzer Welt presentéieren.

Human Rights Watch

From Here © Human Rights Watch Film Festival

Säit méi wéi 40 Joer verdeedegt Human Rights Watch Mënschen, déi engem Mëssbrauch ausgesat sinn. Si ënnersichen dës Mëssbräich gewëssenhaft, decken Fakten op an drängen d’Muechthaber op Verännerung, an d’Rechter endlech ze respektéieren. D’Mataarbechter vu Human Rights Watch ënnersiche Fäll a ronn 90 Länner um ganzen Globus. Si fungéieren dobäi als Ermëttler, Journalisten an Affekoten.

Den HRWFF beméit sech, d’Diversitéit vun den Inhalter an Perspektiven an den gewielten Filmer an dorun uschléissenden Gespréicher ze virun ze féieren. Dësen Austausch no der Virféierung vun den Filmer gëtt ënnerstëtzt vun den Regisseuren, Filmfiguren oder awer och Mënscherechtsaktivisten.

Doduerch kritt de Publikum d’Méiglechkeet gebueden, sech nach méi déif mat den ënnerschiddlechen Themen ze befaassen. Raum gëtt gebuede fir Identitéiten, Standpunkten, Expertisen an Erfarungen, déi an der Filmindustrie, den Noriichten oder allgemeng an den Medien entweder guer net mol geäussert ginn oder marginaliséiert ginn.

Human Rights Watch

Radio Silence © Human Rights Watch Film Festival

Seelen gouf et sou eng aussergewéinlech Zäit wéi den Ament, wou d’Leit op der ganzer Äerd eng an déi selwecht Erfarung zesummen duerchliewen, wie elo wärend der Covid-19-Pandemie. Dofir erweidert de Festival sech dës Joer iwwert d’Reechwäit vun New York eraus.

Zousätzlech sinn déi éischt 8 Filmer annoncéiert ginn, déi hir Premiere beim United States Digital Festival hunn an landeswäit online zur Verfügung stinn. D’Editioun 2020 vum Festival riicht der Welt hir Opmierksamkeet op nei Wierker, déi Krisen am Zesummenhang mat der Stroofjustiz, der Rassengläichheet, der Ëmwelt, der Privatsphär an der Pressefräiheet stellen.

Human Rights Watch

Maxima © Human Rights Watch Film Festival

Den Optakt mécht dëst Joer dem Erika Cohns säin Film Belly of the Beast. Portraitéiert gëtt dobäi d’Rees vu Fraen, déi géint reproduktiv Ongerechtegkeeten kämpfen. Et weist een Team vu staarken Heldinnen, déi an engem juristeschen Drama déi modern eugenesch Praktiken opdecken.

Opmaacherbild: © Human Rights Watch Film Festival / Facebook

Related topics Belly of the Beast, Diskriminatioun, Erika Cohns, Gläichberechtegung, Human Rights Watch Film Festival 2020, Mënscherechter, Mëssbrauch, Mëssstänn
Next post Previous post