Search

You may also like

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen
International Neiegkeeten

Impeachment: Den US-President huet kee Bock op Unhéierungen

An engem Bréif un de Virsëtzende vum Justizausschoss vum Representantenhaus,

Schnelltester a verschidden Apdikten ab haut méiglech
International Neiegkeeten

Schnelltester a verschidden Apdikten ab haut méiglech

Zertifiéiert Schnelltester ginn ab haut a verschidden Apdikten ugebueden. Ab

money
Vu Liquidatiounen a Faillitten
International Neiegkeeten

Vu Liquidatiounen a Faillitten

Datt d‘Covid19-Pandemie en zolitten Impakt op d‘Wirtschaft géif hunn, dat

Lëtzebuerg verstäerkt seng humanitär Hëllef am Afghanistan

Lëtzebuerg verstäerkt seng humanitär Hëllef am Afghanistan

D’Situatioun am Afghanistan ass schlëmm. An dësem Konext huet de Büro vun de Vereenten Natioune fir d’Koordinéierung vun humanitären Affairen (UNOCHA), den 13. September eng Rotssëtzung a virtueller Form aberuff.

De Minister fir Zesummenaarbecht an humanitär Hëllef, Franz Fayot (LSAP) huet Lëtzebuerg representéiert. An der besoter Sëtzung huet de Minister eng zousätzlech Finanzsprëtz vu 500.000 Euro zougesot. Domat ass d’Zomm elo op 3 Millioune fir d’Joer 2021 opgeronnt ginn. Dat Geld soll humanitär Moossnamen an all weider Entwécklungsprojeten, esou wéi d’Gesondheetsvirsuerg am Afghanistan assuréieren.

Nom Ofzuch vun den US-amerikaneschen Zaldoten an den NATO-Partner, huet sech d’Situatioun am Land drastesch verschlechtert. All Dag ass e Kampf ëm Iessen, Gesondheet, Liewen an Doud. Dee laange Konflikt huet seng Spueren hannerlooss. Dat gëtt ëmmer méi offensichtlech. Zwee Drëttel vun der Bevëlkerung liewen an absoluter Aarmut, dorënner sinn 3 Millioune Kanner, déi ënnert Ënnerernierung leiden. Et ass onmënschlech. An dofir ass et richteg, datt dat Lëtzebuerger Land d’Afghanen an hirer Nout ënnerstëtzt an dat och weiderhi wëlles huet.

Afghanistan© UN OCHA

Dat nennt ee Solidaritéit. Dës Ënnerstëtzung wäert enk mam Vëlkerrecht sou wéi der Uechtung vun den humanitäre Grondsätz verbonne ginn. Et bleift ze Hoffnung, datt Afghanistan dës Ännerung iwwerlieft. An no all deene Konflikter och versteet, datt och si d’Recht op en richtegt Liewen hunn.

Foto: © Violaine Martin / UN Photo

Related topics Afghanistan, Antonio Guterres, Finanzéierung, Franz Fayot, humanitär Hëllef, Konditiounen, Lëtzebuerg, Mënscherechter, Taliban, Transparenz, UNO
Next post Previous post