Search

You may also like

Der Reform vum Loyersgesetz feelt et u politeschem Courage
International Neiegkeeten

Der Reform vum Loyersgesetz feelt et u politeschem Courage

Mam Gesetzprojet 7642, soll d‘Gesetz vum 21. September 2006 betreffend

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)
International Neiegkeeten

E Kollektivvertrag fir d‘Luxtram S.A. (kommentéiert)

No 3 Joer hunn sech déi Damen an Hären déi

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!
International Neiegkeeten

1. Mee beim LCGB: selbstbewosst ewéi nach ni!

Et war nach roueg um Mëttwoch de Moien zu Réimech

Keng humanitär Hëllef fir Syrien?

Den UN-Sécherheetsrot ass sech och an de leschte Stonne virum auslafe vum UN-Hëllefsprogramm net eens ginn – Trotz dem iwwerschreide vun der Frist soll weider verhandelt ginn

Keng humanitär Hëllef fir Syrien?

Am UN-Sécherheets (UNSC) konnten sech d‘Memberen op neits net zu engem Kompromëss fir d‘Verlängerung vun der humanitärer Hëllef fir noutleidend Syrer duerchréngen. No enger laanger Woch a vill mouvementéierten Diskussiounen, hunn um Owend (Lokalzäit) China a Russland hire Veto géint den iwwerschaffte belsch-däitsche Resolutiounsentworf ageluecht.

Mat dëser Resolutioun, sollten Hëllefsliwwerung an dee vun de Rebelle beherrschten Nordweste vum Biergerkrichsland oprecht erhale ginn. Iwwer zwee tierkesch Grenziwwergäng, sollt déi fir d‘Bevëlkerung bestëmmten humanitär Hëllef, fir weider sechs Méint séchergestallt ginn. Dat ass weder am Sënn vun der Regierung zu Damaskus, nach vu Moskau, dat den Regimm stäipt.

Russland hat wuel eng eege Propose virgeluecht, mee déi ass erwaardungsgeméiss och verworf ginn. Elo leeft dat bestoend Mandat awer um Mëtternuecht (Lokalzäit New York) aus, an esou lues fänkt et un ze presséieren. Berlin a Bréissel, wéi d‘Majoritéit am UNSC halen un de Liwwerungen iwwert déi zwee tierkesch Grenziwwergäng – Bab al-Salam a Bab al-Hawa – fest.

Schonn um Dënschdeg hate China a Russland d‘Resolutioun mat hirem Veto blockéiert. E Recht dat hinnen als permanent Membere vum US-Sécherheetsrot zousteet. An der korrigéierter Resolutioun, hat d‘Belsch an Däitschland den Zäitraum vu virdru gefuerderten 12 Méint op 6 Méint reduzéiert, wat een elo och net wierklech kann als e groussen Amendement vum Text bezeechnen.

Keen Auswee aus der Sakgaass

Russland wëll de Korridor fir Hëllefsliwwerungen elo net ganz zoumaachen, mee just nach de Grenziwwergang vu Bab al-Hawa zouloossen. Eng éischt Propos vu Moskau, déi gläichfalls op 6 Méint begrenzt war, gouf zréckgewisen. D‘Russen hunn dunn 1 Joer ugebueden, mee all déi aner wëllen zwee Grenziwwergäng, firwat dann och dëse Virschlag just de Chinese gefall huet.

D‘Argument vun de Russen, de Grenziwwergang vu Bab al-Salam zouzemaachen, bezitt sech op de Fait, datt déi ganz Regioun nërdlech vun Aleppo och aus dem syreschen Inland ka mat humanitärer Hëllef versuergt ginn. Dat gëtt vun den Hëllefsorganisatioune bestridden an och déi aner Membere vum UNSC schéngen d‘Siicht vun dësen ONGen ze deelen. Elo dreet alles gestoppt ze ginn.

De leschte Stand: Russland proposéiert weiderhin 1 Joer fir de Grenziwwergang Bab al-Hawa an 3 Méint fir Bab al-Salam, duerno misst dësen zougemaach ginn. De russeschen UN-Ambassadeur Dmitri Poljanski huet däitlech gemaach, datt méi net dran ass, a sollten déi aner Memberen dëse Virschlag zréckweisen, missten si och mat de Konsequenzen eens ginn. Dann ass d‘Grenz zou.

mat indymedia/nyc

Foto: Aleppo kéint aus der Siicht vu Moskau, als Transit fir Hëllefsgidder genotzt ginn, déi aus dem syreschen Inland a Richtung Norden transportéiert ginn. Eng Iddi déi vun den ONGen op der Plaz als net realistesch Verworf gëtt. © Aladdin Hammami / unsplash

Related topics Aleppo, China, Hëllefsgidder, humanitär Hëllef, Russland, Syrien, UN-Sécherheetsrot, UNSC, Veto
Next post Previous post