Search

You may also like

money
Cargolux besteet Sécherheets-Audit
International Neiegkeeten

Cargolux besteet Sécherheets-Audit

Um Fluchhafen hunn se bei der Cargolux nees all Grond

Filmfestspiller vu Cannes: Eng weider Lëtzebuerger Produktioun gouf selektionéiert!
International Neiegkeeten

Filmfestspiller vu Cannes: Eng weider Lëtzebuerger Produktioun gouf selektionéiert!

De Film „Where is Anne Frank“, dee vum Jani Thiltges

Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald ab e Freideg
International Neiegkeeten

Aarbechten am Tunnel Cents an Tunnel Houwald ab e Freideg

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt dëse Weekend den Tapis am Tunnel

UN-Sécherheetsrot beschléisst humanitär Wafferou fir Syrien

UN-Sécherheetsrot beschléisst humanitär Wafferou fir Syrien

No iwwer 500 Doudeger a 7 Deeg am ëstleche Ghuta, huet den UN-Sécherheetsrot gëschter schlussendlech eng humanitär Wafferou duerchgesat. Den Text deen no ongezielten Amendementer um Samschdeg ugeholl ginn ass, verlaangt datt all d‘Parteien d‘Kampfhandlungen astellen a fir mindestens 30 Deeg um Stéck anhalen.

Sënn an Zweck vun dëser Wafferou ass et „eng reegelméisseg Liwwerung vun humanitärer Hëllef, Déngschtleeschtungen ze erlaben an déi schwéier krank a blesséiert ze evakuéieren“. De schwedeschen Ambassadeur Olof Skoog huet allerdéngs betount: „Et ass kee Friddensofkommes fir Syrien. De Text ass eenzeg humanitär“.

Zudeem sinn Ausname virgesinn. Ugrëff géint dschihadistesch Gruppe sinn „erlaabt“. Woubäi den Text kontradiktoresch Interpretatiounen zouléisst. Damaskus bezeechent als Terroristen d‘Rebellen déi vum Westen ënnerstëtzt ginn, an esou muss gefaart ginn, datt déi Wafferou aleatoresch ass. Mee et ass elo emol en Ufank, an et bleift ze hoffen datt sech jiddereen drun hält.

Um fréie Sonndegmueren huet et aus dem Elysée geheescht, datt de President Emmanuel Macron an d‘Kanzlerin Angela Merkel, sech nach am Laf vum Dag mam Vladimir Putin wäerten ënnerhalen. Heibäi wäert et ëm d‘Wafferou goen, an d‘Anhalen dovunner. Et ass och virgesinn, den franséischen Ausseminister Jean-Yves Le Drian um Dënschdeg op Moskau ze schécken.

Den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet gebieden, datt d‘Wafferou direkt ugewannt gëtt. Den UN-Sécherheetsrot huet dann och eng weider Reunioun a 14 Deeg virgesinn, fir iwwert d‘Situatioun ze beroden. D‘Resolutioun fuerdert zudeem d‘Enn vun der Belagerung vun de bewunnten Zonen: déi ëstlech Ghuta, Yarmouk, Foua a Kefraya.

De Message ass nach net ukomm

D‘Loftwaff an d‘Artillerie vum syresche Regime hunn och um Samschdeg, fir de 7. Dag an der Folleg bombardéiert, deelt de syreschen Observatoire fir Mënscherechter (SOHR) mat. Vun hinnen heescht et och, datt sech déi russesch Loftwaff un den Ugrëff géif bedeelegen, wat vu Moskau dementéiert gëtt.

Laut dem SOHR wieren um Samschdeg 41 Zivilisten, dorënner 8 Kanner, béi Loftschléi déi an der Nuecht stattfonnt hunn, ëm d‘Liewe komm. Den Direkter vum SOHR, Rami Abdel Rahmane, huet der AFP matgedeelt, datt a 7 Deeg 519 Zivilisten, dorënner 127 Kanner, bei de Kampfhandlunge verstuerwe sinn.

Zäitlech begrenzte Waffestëllstänn huet et a Syrien och schonn an der Vergaangenheet ginn. D‘Erfahrung weist, datt et ëmmer eppes dauert bis esou eng Wafferou a Kraaft trëtt, an och vu „béide“ Säite respektéiert gëtt. Déi selwecht Erfahrung huet bis ewell awer och ëmmer gewisen, datt esou eng Wafferou ëmmer nees gebrach gëtt.

An den SOHR behaapt dann och, datt no der Ukënnegung vum UN-Sécherheetsrot, Fliger vum Regime a sengem russeschen Alliéierten, Loftschléi géint eng Stad an der Ghuta geflu sinn. Zwee AFP-Korrespondenten an der Ghuta hu gläichfalls bestätegt, datt iwwert hire Secteure Fliger ënnerwee waren.

Hoffnung gesäit anescht aus

D‘Mënschen an der Enklav hu wuel matkritt, datt eng Wafferou vun der UNO bestëmmt ginn ass, mee trauen dinn se der Saach net. „Et kann ee weder de Russen, nach dem Regime vertrauen. Mir sinn un hire Verrot gewinnt“, esou de Abou Mazen, en Awunner vun Douma, dee sech zanter Deeg an engem Keller ze schütze versicht.

De 50 järege gleeft dann och net drun, datt dës Entscheedung ugewannt gëtt. „Se gëtt weder vum Regime nach vu Russland respektéiert. (…) Mir hunn d‘Konditioune scho méi wéi eng Kéier héieren. Humanitär Hëllef kënnt an d‘Bombardementer halen op, well mir an enger Zon vun der Deseskalatioun wieren. An awer sinn all Dag Leit duerch Loftschléi gestuerwen“.

Wafferou

Si haten näischt gefrot, stoungen op kenger Säit, an sinn et awer, déi de Präis an engem Konflikt bezuelen, an deem se als Geisel zum Affer gi sinn. Déi Kanner déi hei zu Douma, der gréisster Stad vum der ëstlecher Ghuta, ëmbruecht goufen, wäerten net déi lescht sinn. © Hamza al-Ajweh/AFP

Et muss dann awer och bestätegt ginn, datt säitens de Rebellen, als Äntwert op d‘Loftschléi, stänneg Rakéiten op Damaskus ofgeschoss ginn. Och déi hunn eng déidlech Wierkung, an offizielle Quellen no, sinn duerch dëse Rakéitebeschoss schonn 20 Persoune verstuerwen. Nach um Samschdeg soll et duerch d‘Rakéite sechs Verletzter zu Damaskus ginn hunn.

Am Fall vun der Ghuta, lescht Rebelle-Bastioun, huet déi jéngst Campagne den 18. Februar ugefaangen. D‘Loftschléi an de Beschoss duerch d‘Artillerie, sinn dann och just d‘Ukënnegung vun engem breet ugeluechter Buedemoffensiv. Dem Baschar al-Assad seng Truppe wëllen onbedéngt d‘Regioun vum ëstleche Ghuta zeréckerueweren.

Laut dem UN-Generalsekretär Antonio Guterres, hätt dann och an de leschten zwou Wochen, kee Member vum UN-Sécherheetsrot d‘Initiativ ergraff, fir dëser „Hell op der Äerd“ en Enn ze bereeden. Den internationalen Drock huet sech dann och tatsächlech eréischt an de leschten 48 Stonnen entwéckelt.

Keen Eenzelfall

Den Zeenario wéi e sech hei an de Ghuta duerstellt ass net nei. Dat hat et 2016 schonn zu Aleppo ginn. Och do waren d‘Rebelle belagert a bombardéiert ginn, bis se sech erginn hunn. An der Ghuta ass et dann esou, datt déi wichtegst Rebelle-Gruppen, Jaich al-Islam a Faylaq al-Rahmane, den Zivilisten d‘Flucht verweigeren, an déi esou faktesch Geisele sinn.

An Damaskus ass net gewëllt d‘Regioun vun der ëstlecher Ghuta an den Hänn vun de Rebellen ze loossen. Mat allem wat dem Regime zur Verfügung steet, gëtt op d‘Enklav, déi vun de Rebelle besat gëtt, geschoss. Dat mat enger Intensitéit, déi esouguer fir e Land datt zanter 2011 vum Krich zerstéiert ass, seelen ass.

De syresche Vertrieder bei der UNO, Baschar Jaafari, hat dann och um Donneschdeg d‘Positioun vun der Regierung däitlech duergestallt: „Jo, déi ëstlech Ghuta gëtt et neit Aleppo“. An Damaskus ass dann och aktuell an enger Positioun, dank der Ënnerstëtzung duerch Russland, nees d‘Kontroll iwwert säi gesamt Staatsgebitt ze kréien.

A Wat nach 2011 mat der Repressioun vu pazifistesche pro-demokratesche Manifestatiounen ugefaangen hat, ass an e Konflikt tëscht Regierung a Rebellen iwwergaangen. Richteg komplizéiert ass et du ginn, wéi sech islamistesch an dschihadistesch Gruppéierungen agemëscht hunn. Endgülteg oniwwersiichtlech hunn zum Schluss dann d‘Weltmuechte gemaach.

mam Philippe Rater an dem Hasan Mohammed zu Douma/AFP

Foto: De schwedeschen UN-Ambassadeur Olof Skoog huet säi Bäitrag zu der Wafferou geleescht. Wéi séier déi elo ëmgesat gëtt, an op se 30 Deeg duerchhale kann, dat muss een da gesinn. © Don Emmert/AFP

Related topics Olof Skoog, Russland, Syrien, UN-Sécherheetsrot, Wafferou
Next post Previous post