Search

You may also like

Irland huet (endlech) eng nei Regierung
International Neiegkeeten

Irland huet (endlech) eng nei Regierung

Véier Méint huet sech déi politesch „Patt-Situatioun“ gehalen. Elo endlech

Mindpatrol: Haarde Metal aus Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Mindpatrol: Haarde Metal aus Lëtzebuerg

Datt Lëtzebuerg eng lieweg Metal-Zeen huet, ass keng Nouvelle. Mindpatrol

Duerchsetzungsfäeg Sensibilitéit
International Neiegkeeten

Duerchsetzungsfäeg Sensibilitéit

Laut den Orakel an hiren Interpretatioune vu „representativen“ Sondage stinn

Stuerm „Iota“: Lëtzebuerg spent 100.000 €

Stuerm „Iota“: Lëtzebuerg spent 100.000 €

Nom fuerchtbaren Hurrikan „Iota“ zielt Zentralamerika op mannst 30 Doudesaffer an pur Zerstéierung. Zéngdausende Mënschen hunn hir Haiser misse verloossen, an dobäi hat ee grad eréischt de Stuerm „Eta“ hannert sech.

Nom Appell vun der internationaler Federatioun vun de Societéite vum Roude Kräiz an dem Rouden Hallefmount huet de Franz Fayot, Minister fir Kooperatioun an humanitär Aktioun e Beitrag vun 100.000 € als Hëllef fir d’Affer versprach.

Mat dëser finanzieller Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg soll de vulnerabele Persounen den néidege Schutz gebueden an d’Kapassitéite vum Roude Kräiz zu Nicaragua gestäerkt ginn.

De Hurrikan „Iota“ gëllt als stäerksten Stuerm, deen Nicaragua jeemools getraff huet. Ganzer 3,6 Millioune Persoune si vun de Suitte betraff.

Opmaacherbild: © John Middelkoop / Unsplash

Related topics 100.000 Euro, Doudesaffer, finanziell Hëllef, Franz Fyaot, Hurrikan Iota, Nicaragua, Rout Kräiz, Stuerm, Zentralamerika
Next post Previous post