Search

You may also like

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus
Kultur Neiegkeeten

G20-Sommet: Eenegkeet gesäit anescht aus

Den Donald Trump an de Xi Jinping un e Samschdeg

San Francisco: FBI verhënnert Attentat
Kultur Neiegkeeten

San Francisco: FBI verhënnert Attentat

Um Samschdeg hunn sech d‘Enquêteure duerch d‘Vergaangenheet vum Ex-Marine gewullt.

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei
Kultur Neiegkeeten

Haut iwwerhëlt den Erdogan d‘Tierkei

Um haidege Méindeg leet de Recep Tayyip Erdogan säin Eed

Nei bei Hydre Editions: Die Mutationen

Nei bei Hydre Editions: Die Mutationen

Die Mutationen vum Francis Kirps: Dat si siwe Geschichten an ee Gedicht, bei deem jeeweils ee klasseschen Text als Virlag an Ausgangspunkt gedéngt huet. Vu Routkäppchen bis Virginia Woolf huet sech den Auteur Francis Kirps duerch bekannte Wierker duerchgedrongen a seng eegen Äntwert drop ginn.

D’Stuffeméck Leon Sumsa erwächt un engem Moien an huet sech an een ongeheiert Wierbeldéier, also ee Mënsch verwandelt. De Léif aus dem Kurt Tucholsky senger Satir „Der Löwe ist los!“ mutéiert zum Äisbier, deen sech eng Visitt am hippe Berlin gënnt. De Model vun der Venus-Statue aus dem Prosper Mérimée sengen Erzielunge „La Venus d’Ille“ schafft als jonk Sklavin an engem Betrib, dee komesch Parallelen zur haiteger Aarbechtswelt opweist.

Wärenddeem gëtt dem Kleist seng „Anekdote aus dem letzten preußischen Kriege“ an d’Zukunft verluecht, wou déi lescht véier Mënsche géintenee kämpfen. Donieft ass et dem Ingeborg Backmann säin „Anrufung des großen Bären“, déi mam Lovecraft sengem Cthulhu-Mythos gekräit gëtt. D’Resultat ass ee Gedicht, wat speziell nom Gottfried Benn kléngt.

Zum Auteur Francis Kirps

De Francis Kirps lieft a schafft zu Lëntgen. No senger Premiere huet hie Psychologie zu Stroossbuerg studéiert, an uschléissend ass et ënnert anerem mat Schoulpsychologie an dem Beruff als Schoulmeeschter weider gaangen. Am Joer 2000 an 2001 huet de Francis Kirps jeeweils den zweete Präis vum Concours Littéraire National gewonnen. Zënter 2003 trëtt hie reegelméisseg bei Liesbühnen a Poetry Slams am ganzen däitschsproochege Raum op.

Hien ass Matbegrënner a Veranstalter vun der eenzeger Liesbühn zu Lëtzebuerg, déi hien 2011 zesumme mam Claudine Muni a Christian Happ an d’Liewe geruff huet. Vun 2005 bis 2015 war de Francis Kirps Redakter an Matverleeër vum däitsche Magasin EXOT.

Säin éischt Buch „Planet Luxemburg“ ass 2012 am Verlag Andreas Reiffer erauskomm. Ab 2014 huet hien ugefaange reegelméisseg Kolumnen fir d’Satiresäit vun der taz ze schreiwen. De Roman „Die Klasse von 77“ (Verlag Andreas Reiffer) ass am Oktober 2016 erauskomm.

D’Buch „Die Mutationen“ huet 220 Säiten. ISBN: 978-2-9199541-3-1

Opmaacherbild: © Hydre éditions

Related topics Buch, Die Mutationen, Francis Kirps, Hydre Editions, Literatur
Next post Previous post