Situatioun am Venezuela weiderhin ugespaant
Eis däitsch Noperen, déi hir wirtschaftlech Interessen a Südamerika verdeedege
Eis däitsch Noperen, déi hir wirtschaftlech Interessen a Südamerika verdeedege
De Comité Altad a.s.b.l. organiséiert fir d’Émaischen 2021, e Concours
D’Maria ass Polizistin, Eenzelkand, elengstoend Mamm. D’Griichin huet mat Geldproblemer ze kämpfen, no sengem Meedche kucken a seng Mamm betreien. Ee weidere Coup kënnt, wou hatt, zur Zäit vun der griichescher Kris, seng Aarbecht zu Athen verléiert. Elo ass d’Maria gezwongen ee Posten op der Insel Lesbos an der Regioun vun der Nërdlecher Ägäis unzehuelen.
I Will Cross Tomorrow vum Sepideh Farsi
Zur selwechter Zäit ass de jonke Syrer Yussof op der Flucht virum Krich. Op der drëttgréisster Insel vu Griichenland kënnt hien an engem Flüchtlingslager un, wëll awer weider duerch Europa zéien. Bei sengem Wee iwwert Athen trëfft hien op d’Maria, dat op der Sich no sengem verschwonnene Meedchen ass.
Et ass ee Moment, dee vum Schicksal bestëmmt ass. Et mierkt ee schnell, datt d’Situatioun am eigentlech friddleche Griicheland, dach net esou vun Harmonie bestëmmt ass, an grad déi Persoun vun hinnen zwee, déi méi Fräiheete schéngt ze hunn, besëtzt der awer vläicht manner, wéi erwaart.
I Will Cross Tomorrow vum Sepideh Farsi
Gebuer am Teheran (Iran), huet de Sepideh Farsi 1984 seng Etüden an der Mathematik zu Paräis ugefaangen. No enger Rëtsch Joren an der Fotografie ass hatt op de Goût vu Kuerzfilmer an Documentaire komm. Virun allem Téhéran san autorisation (2009) an Harat (2017) hunn et der talentéierter Fra ugedo. Déi éischt Spillfilmer aus eegener Fierder, Rêves de sable (2003) a Le regard (2005) goufen direkt zu Rotterdam ausgewielt. Knapp 5 Joer méi spéit huet d’Farsi La Maison sous l’eau realiséiert, gefollegt vum Documentaire Cloudy Greece (2012).
Besonnesch ervirhiewe muss een awer säi Wierk Red rose, dat um Toronto International Film Festival vun 2014 seng Première feiere konnt. Mat I Will Cross Tomorrow presentéiert d’Sepideh Farsi säi jéngst Meeschterweirk.
Den Drama I Will Cross Tomorrow ass ab dem 25. Mäerz 2020 och zu Lëtzebuerg am Kino ze gesinn. De Film dauert 81 Minutten, gëtt op Griichesch, Arabesch an Englesch mat franséischem Ënnertitel gewisen. Tarantula Luxembourg huet aktiv un der franséisch-griichesch-hollännesch-Lëtzebuerger Koproduktioun deelgeholl.