Search

You may also like

ADEM – Wann een emol ee Frang méi an der Täsch well hunn
Kultur Neiegkeeten

ADEM – Wann een emol ee Frang méi an der Täsch well hunn

Wéi d’ADEM gëschter an engem Schreiwes matgedeelt huet soll ee

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt
Kultur Neiegkeeten

Brasilien huet sech e Faschist zum President gewielt

Hie war Offizéier an der Arméi an huet vun enger

déi Lénk: Femizid ass keng Gewalt, wéi déi aner
Kultur Neiegkeeten

déi Lénk: Femizid ass keng Gewalt, wéi déi aner

Um 12. Dezember 2019 hunn déi Lénk eng parlamentaresch Fro

iBeacon: Fir d’Iwwerraschungsmomenter beim Wanderen

iBeacon: Fir d’Iwwerraschungsmomenter beim Wanderen

An Zesummenaarbecht tëscht dem Naturpark Öewersauer, der Naturverwaltung (ANF) an dem regionalen Tourismusverband Éislek (ORT) kritt Dir dat neit interaktiivt Erliefnis um Rondwanderwee „Natur Pur?“ presentéiert. Mat der Éislek-App an iBeacon ginn Iech an den iwwerraschendsten Amenter interessant a spannend Informatiounen zu enger bestëmmter Plaz op Äre Smartphone zougeschéckt.

De Ronderwanderwee „Natur Pur?“ start um Parking vun der Misärsbréck an zitt sech entweder iwwert 7 oder 1,7 Kilometer. A Kombinatioun mat der Éislek App an iBeacon gëtt den Trëppeltour digital erliefbar.

iBeacon

© Visit-Éislek

Wéi funktionéiert dat?

Bei dëser neier Aart vun der Entdeckung sollt ee sech als éischt emol déi gratis Éislek-App eroflueden an d’Push-Noriichten aktivéieren. Ënnerwee sinn 9 iBeacons verstoppt, wat graff erkläert kleng Sensore sinn, déi iwwert Bluetooth mat Ärem Smartphone kommunizéieren. Gidd Dir laanscht ee verstoppten iBeacon, kritt Dir eng Noriicht mat Informatiounen zum Wee, der Natur an der Ëmgéigend geschéckt.

Meeschtens handelt et sech dobäi ëm Videoen, an deenen den ANF-Fieschter Serge Hermes Iech iwwert de Wee guidéiert. Dir als Visiteur wësst dobäi ni, wéini déi nächst Noriicht kënnt.

Dës Initiative gehéiert zur Campagne „Summer an den Naturparken“. A Kombinatioun mat der Info-Broschür gëtt den Rondwanderwee zu engem richtegen Erliefnis, voller Iwwerraschungsmomenter.

Aktuell existéieren d’Videoen just op Lëtzebuergesch. Den Naturpark Öewersauer schafft awer un der Iwwersetzung op weider 4 Sproochen (EN, DE, FR, NL).

Related topics ANF, Éislek-App, iBeacon, Interaktiv, Natur Pur?, Naturpark Öewersauer, Naturverwaltung, ORT, Rondwee, Serge Hermes, Visit Éislek, Wanderen
Next post Previous post