Search

You may also like

USA a Saudiarabien vereent géint d‘Ajatollahen
International Neiegkeeten

USA a Saudiarabien vereent géint d‘Ajatollahen

No der Attack op saudesch Pëtrolsraffinerien, huet sech d‘Kinnekräich mat

money
EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst
International Neiegkeeten

EU-Steierpolitik: e Beschloss gefaasst

En Dënschdeg de 15. Januar huet d‘EU-Kommissioun zu Stroossbuerg den

Ausstellung NIGHT vs LIGHT – Wisou d’Nuecht esou wichteg ass
International Neiegkeeten

Ausstellung NIGHT vs LIGHT – Wisou d’Nuecht esou wichteg ass

Déi däitsch-franséisch Ausstellung NIGHTS vs LIGHT bitt de Visiteuren d’Méiglechkeet

Neies zum „Ibiza-Video“ vum Heinz-Christian Strache

Neies zum „Ibiza-Video“ vum Heinz-Christian Strache

D‘Lescht Joer war déi éisträichesch wéinst enger 2017 heemlech gefilmten „Entrevue“ mat enger gefakter russescher Oligarchin aus den Aangele gehuewe ginn. De Sebastian Kuerz huet zimmlech domm ausgesinn an de rietsradikale Vizekanzler Heinz-Christian Strache ass sech bis haut kenger Schold bewosst. Elo soll de Mann „hannert dem Video“ zu Berlin vun der Police verhaft gi sinn.

An dësem Video, dee bewosst zeréckgehale ginn ass, fir zu engem passenden Zäitpunkt och den erhofften Effet ze bréngen, ginn allerdéngs allgemeng gülteg Virgoensweise vun der Politik op de Leescht geholl. An der Villa op Ibiza, hat sech deen deemools nach net Vizekanzler vun Éisträich war, FPÖ-Politiker fir illegal Parteispende géint Staatsopträg fir russesch Entreprise agesat.

Et war awer eng Fal an déi deen eigentlech ganz éierlechen, toleranten a guttgleewegen Éisträicher geroden ass. Alles war gefuddelt, d‘Oligarchin, d‘Villa, de Video… esou den Heinz-Christian Strache, deen nach ëmmer alles bestreit an eigentlech an dëser ganzer Saach d‘Affer an net den Täter ass. Esou zumindest sollen d‘Mënschen an Éisträich dës schänterlech Opféierung gesinn.

Wierklech politesch ugeschloen ass den FPÖ-Chef net, an hie kéint elo och nees Sympathie vu senger Landsleit erwaarden. De Privatdetektiv, deen am Ibiza-Video als „Begleedung“ vun der angeblecher Oligarchin optrëtt, ass nees opgetaucht. Dësem gëtt ënnerstallt alles organiséiert ze hunn, Mikroen an d‘Kamera installéiert, an uschléissend de Video engem Affekot ginn ze hunn.

Hien ass en Donneschdeg zu Berlin am Bezierk Pankow vun enger Spezialeenheet vun der Police, „festgeholl“ ginn. Fir dës Aktioun huet et een europäeschen Haftbefehl ginn, d‘Festnam ass also rechtens. D‘Informatioun koum awer vun den däitschen Autoritéiten, déi gouf vun der Wiener Staatsanwaltschaft erausginn. Elo sollt sech déi däitsch Justiz sech zur Ausliwwerung äusseren.

mat indymedia/vie/ber

Illustratioun: Robert Lischka / Pixabay

Related topics Berlin-Pankow, Éisträich, FPÖ, Heinz-Christian Strache, Ibiza-Video, Privatdetektiv
Next post Previous post