Search

You may also like

Léiwer angschtafléissende Clown oder awer nees Hex?
Neiegkeeten

Léiwer angschtafléissende Clown oder awer nees Hex?

D‘Nächst Woch gëtt – wann ee schon net den Austrëtt

Spuenien verweigert sech!
Neiegkeeten

Spuenien verweigert sech!

Wat brauch een Accorden oder europäesch Verträg wann zu gudder

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?
Neiegkeeten

Huet d‘Covid19-Epidemie en Impakt op d‘Mënscherechter?

Fir de President vun der CCDH, Gilbert Pregno, war et

Sozialplang bei IBM beschäftegt Conciliateur

Sozialplang bei IBM beschäftegt Conciliateur

Nodeems virun engem Mount IBM Lëtzebuerg annoncéiert hat eppes iwwert 10% vum Personal ze entloossen, gouf sech säitens der Gewerkschaft op e Sozialplang agestallt. Et sollt awer nees net no verdréiglechen a verstännege Moossstief gehandelt ginn…

38 vun 313 Mataarbechter mussen sech dann elo op schwiereg Zäiten astellen, datt wëll et tëscht der Direktioun vun IBM Lëtzebuerg an dem LCGB bei der Verhandlung betreffend de Sozialplang keng Iwwerschneidungen huet. D‘Gewerkschaft bedauert de Manktem u gudde Wëlle säitens der Direktioun, an hat an dësem Kontext schonn de 26. Mäerz de Conciliateur (ONC) ageschalt.

Eng éischt Reunioun beim Conciliateur soll haut stattfannen. Et ass en éischten Echange, erwaarde sollt ee sech net allzevill, well IBM huet géintiwwer dem LCGB all Notioun vun „Aarbechtserhalt“ zeréckgewisen. Och de Mesuren (Fräiwëllegen Depart, Preretraite, asw.) schéngt ee feindlech gesënnt. Déi vun IBM ugebueden Entschiedegunge léichen zudeem wäit ënnert den Erwaardungen.

Bei der Consultatioun vum Personal (23. Mäerz) hat et am Virfeld Drock säitens der Direktioun op déi Beschäftegt ginn. Trotzdeem hunn eng 240 Mataarbechter dës Reunioun besicht. Et gouf sech majoritär géint d‘Propose vun der Direktioun ausgedréckt. Et dierf an dësem Kontext drop higewise ginn, datt IBM sech selwer als „Verantwortlechen Employeur“ gesäit an den Zinema net versteet.

Illustratioun: © Sam Pak / unsplash

Related topics Conciliateur, IBM Lëtzebuerg, LCGB, Restrukturatioun, Sozialplang
Next post Previous post