Search

You may also like

Elteren op Facebook versus Educatiounsminister
International Meenung Neiegkeeten

Elteren op Facebook versus Educatiounsminister

Nodeems sech scho virun der Allerhellegevakanz esou zimmlech all Gewerkschaft

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“
International Meenung Neiegkeeten

E Buch vun a fir Iech: „Leo, de klenge Chameleon“

Houfreg presentéiert SO Graphiste säin neist Wierk „Leo, de klenge

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
International Meenung Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

„D’Narben vum Krich iwwerdauere Generatiounen“

E Statement vum Peter Maurer, dem President vum Internationale Committee vum Roude Kräiz

„D’Narben vum Krich iwwerdauere Generatiounen“

Dëse Statement ass entstanen, nodeems de Peter Maurer seng véier Deeg laang Rees am Afghanistan hannert sech bruecht huet.

„D’Narben vum Krich iwwerdauere Generatiounen. Zerstéiert Gebaier kënnen enges Dages erëm opgebaut ginn, mee futtis Kierperdeeler net. Kanner duerchliewen Traumaen nach laang nodeems d’Bommen roueg sinn. Doudeg Familljememberen hannerloossen eng eidel Plaz.

D’Mënschen am Afghanistan hunn 40 Joer laang Konflikter duerchlieft. A menge Joren als President vum Internationale Kommitee vum Roude Kräiz, hunn ech a ville Krichsgebitter Péng, Leed a Verzweiwlung erlieft. An ech kann net versichen auszedrécken, wéi déif véier Joerzéngte Krich enger Natioun schueden. Dofir sinn d’Erausfuerderungen am Afghanistan esou grouss.

Déi gutt Noriicht ass, datt humanitär Moossnamen zur Stabiliséierung vun der Gesellschaft bäidroen. Matgefill an Empathie hëllefen d’Wonne vum Krich ze heelen. Suen, déi fir Gesondheetsvirsuerg, proppert Waasser a Schoule séchergestallt ginn, kënnen afghanesch Familljen aus hirem Misär huelen.

Et ass vun entscheedender Bedeitung, datt déi international Gemeinschaft Léisunge fënnt, och wa se nëmmen provisoresch sinn. Mee et muss eng kontinuéierlech Finanzéierung séchergestallt ginn. D’Bedierfnesser vun den afghanesche Familljen, kënnen d’Léisung vum politesche Wandel kaum erwaarden.

Fir effektiv ze sinn, muss humanitär Aarbecht inklusiv sinn – fir Fraen, Meedercher an ethesch Minoritéiten. Aus dësem Grond stellt den Internationale Committee vum Roude Kräiz sécher, datt Fraen am Afghanistan Zougang zu eisen Déngschter hunn – der medezinescher Versuergung an Rehabilitatioun.

Dës weidere stelle mir kloer, datt mir weiblecht medezinescht Personal an eisen Ekippen hunn. Ech encouragéieren d’Autoritéiten, weiderhin Zougang zu Gesondheetsdéngschter fir Fraen zu ginn – awer och Zougang zur Bildung. An engem Land, an deem nëmme 50 Prozent vu de Fraen an enger Gesondheetsariichtung mat professionellem Personal accouchéieren, ass et vun entscheedender Bedeitung, datt Afghanistan iwwert méi ausgebilten Dokteren an Hiewanne verfüügt.

Wärend mengem Openthalt am Afghanistan, hunn ech den Mullah Baradar sou wéi aner Talibancheffen begéint. Ech hunn déi neutral, onparteiesch an onofhängeg Aarbecht vum Roude Kräiz ervirgehuewen a festgestallt, datt mir zanter méi wéi 20 Jore, vu Konflikter betraffen Afghanen ënnerstëtzen. An datt mir elo net domat ophale wäerten.

Eis laang Geschicht am Land seet eis, datt d’Krichsaffer am Afghanistan jorelaang Hëllef an Rehabilitatioun brauche wäerten. Eleng den Tribut vun den jéngsten Attacke ass enorm. Méi wéi 41.000 Krichsblesséiert goufen vun Juni bis August an Ariichtungen vum Roude Kräiz behandelt, dat sinn 80 Prozent méi wéi am leschte Joer. Eng qualitativ héichwäerteg medezinesch Versuergung, ass afghanesche Familljen ee wichtegt Uleies.

Am vergaangene Mount huet den Internationale Kommitee vum Roude Kräiz hir Gesondheetsariichtunge vu 46 op 89 Klinicken a mobil Ekippen verduebelt. Dozou kommen nach zwee weider Spideeler – eent zu Kandahar, dat anert zu Kabul. Dës gi vun der Afghanistan Red Crescent Society geleet.

Mir wëllen den medezineschen Zougang – zemools fir schwanger Frae verbesseren. Leider verzeechne Klinicken awer och, datt a leschter Zäit méi dacks Kanner behandelt musse ginn, déi duerch Minnen blesséiert goufen. D’Minne mussen onbedéngt geraumt ginn – schonn eleng am Interessi vu virwëtzege Kanner, déi villäicht enges Dages eng Minn oprafen an esou en Aarm oder Been verléieren – oder hiert Liewen.

Zanter eiser Aarbecht am Afghanistan (1988) hunn déi orthopedesch Déngschter vum Roude Kräiz méi wéi 210.000 kierperlech behënnerte Patiente gehollef. Pro Joer gesinn mir ongeféier 150.000 Patienten. Mir hëllefen hinnen erëm ze goen. Mee genee sou wichteg ass, datt si erëm vollwäerteg an d’Gesellschaft integréiert ginn. Mäi Besuch an eisem Zentrum zu Kabul huet mir e Laachen an d’Gesiicht gezaubert, wéi ech matkritt hunn, wéi houfreg an entschloss Afghanen sinn, wann et drëms geet erëm op d’Been ze kommen. Oder eng Aarmprothees auszeprobéieren.

Och d’Coronapandemie huet eng weider Erausfuerderung duergestallt. Wa Bomme falen a Kugele fléien, hunn d’Familljen net de Luxus sech ëm Masken a sozial Distanz ze suergen. A de Virus breet sech weider aus. D’Land huet net genügend Dosen un Impfstoffer erhalen an ech fuerderen d’Regierunge vun der Welt op, sécherzestellen, datt Afghanistan e gerechten Deel erhält. Wat hunn 40 Joer Krich afghanesch Familljen hannerlooss?

9 vun 10 Mënsche liewe vu manner wéi 2 Dollar den Dag. 10 Millioune Mënsche leiden ënnert enger héijer Ernierungssécherheet. Onbegleete Mannerjäreger goufen um Fluchhafe vu Kabul vun hire Famillje getrennt. D’Welt huet Afghanistan als e Land vun der Schéinheet, mee och vum Häerz kennegeléiert.

Mee de Krich huet Kierper a Séile futti gemaach a ganz Natiounen erféiert. Meng gréissten Hoffnung ass, datt mir elo all zesummen hëllefen, déi Blesséiert ze heelen, getrennte Familljen ze vereenen an datt bei zukünftegen Attacken sou vill Ziviliste wéi méiglech verschount bleiwen.“

Opmaacherbild: De Peter Maurer © CC BY-NC-ND / IKRK

Related topics Afghanistan, Gesondheetsariichtungen, Internationale Kommitee vum Roude Kräiz, Konflikt, Krich, Peter Maurer, Statement, Taliban
Next post Previous post