Search

You may also like

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!
Geek Neiegkeeten

Fit4Start: 10 jonk Start-Ups goufen ausgewielt!

Et ass ewell déi 8. Editioun vu Fit4Start säit dësen

dislikesurprise
De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen
Geek Neiegkeeten

De 24. Juni gëtt et an der Tierkei virgezunne Walen

Den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan huet um Mëttwoch ugekënnegt,

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?
Geek Neiegkeeten

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?

Un enger Modellrechnung hunn US-amerikanesch Fuerscher elo berechent, wat de

geek

ICT Spring 2019: de grousse Rendez-vous vun der „Tech-Community“

Acteuren aus dem Secteur vun den neien Technologië suergen um Kierchbierg fir gutt Laun

72 Länner, eng 5.000 Decideuren aus de Beräicher: IT, Finanz, Marketing, Web an och eng Partie Investisseuren an Entrepreneuren, esou wéi Start-ups hu sech fir zwee ganzer Deeg um Kierchbierg am Konventiounszenter (ECCL) op der ICT Spring zesummegedoen, fir déi neisten Trends an Innovatioune virzestellen, driwwer ze diskutéieren a geleeëntlech op der Plaz auszeprobéieren.

ICT Spring

Eise Premierminister Xavier Bettel gesäit vill Opportunitéite fir de Standuert Lëtzebuerg – © Martine de Lagardère/moien.lu

Vum „Gaming“ iwwert „Mining“ bis hin zur Telefonie, alles wat sech „binär“ exploitéiere léisst huet seng Plaz op der ICT. Vill vun den uwiesenden Acteure sinn sech „komplementar“ an esou bitt dësen Event eng gutt Opportunitéit fir seng Geschäftsrelatiounen ze verdéiwen an/oder neier mat interessante Partner anzegoen. E sëlleche Konferenze ronnen d‘Offer vun der ICT Spring 2019 of.

Lëtzebuerg, dat sech jo virgeholl huet, sech am IT-Beräich besser opzestellen an de Start-ups eng nei Heemecht ze sinn, kann houfreg op den Zousproch sinn, deen dës „Foire“ vun den Experten aus der Branche kritt. Op der ICT Spring gëtt dann och primär eng auslännesch Clientèle ugeschwat, déi och tatsächlech um der Lëtzebuerger „Datenautobunn“ an dem Standuert interesséiert ass.

Lëtzebuerg huet dat gewëssent „Eppes“

Wéi wichteg d‘ICT och wirtschaftspolitesch fir eist Land ass, léisst sech duerch d‘Aluedung vum Wirtschaftsministère un 33 Start-ups aus der ganzer Welt ënnersträichen. D‘Selektioun heifir war dem Reseau vun den aacht „Luxembourg Trade an d’ Investment Offices“ (LTIO) opgedroe ginn.

ICT Spring

Wann et em déi intellektuell Propritéit geet, sollt e gutt virbereet sinn – © Martine de Lagardère/moien.lu

Déi international Clientèle war dann och en Dag virum Event vum Wirtschaftsministère an d‘House of Start-ups ageluede ginn, wou hinnen déi vill finanziell an programmatesch Avantage vum Land erkläert goufen. Op der ICT selwer huet de Premierminister dann nach emol op d‘Virdeeler vum Standuert Lëtzebuerg higewisen. D‘Digitaliséierung léisst sech jo och net méi ophalen…

ICT Spring

MIXvoip: op PME oder Konzern, si hunn déi op d’Mooss zougeschnidde Léisung – © Martine de Lagardère/moien.lu

Mee och fir national Acteuren, wéi um Beispill vu MIXvoip, eng Entreprise aus dem Beräich „Internet & Telecom Provider“ déi 2018 hiren 10. Jubiläum gefeiert huet a mëttlerweil och an der Belsch an Däitschland seng Service mat Erfolleg ubitt, gëtt ersiichtlech datt d‘Vernetzung seng Friichten dréit. Mat engem individuellen, op de Client zougeschnidde Produit, huet sech dës Entreprise eng zolidd Renommée op- an ausgebaut. De „Made in Lëtz“ huet och eng Zukunft…

Foto: Martine de Lagardère/moien.lu

Next post Previous post