Search

You may also like

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)
Neiegkeeten

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)

Déi geziilten „Neutraliséierung“ vum iranesche Generol Quassem Soleimani duerch d‘Amerikaner,

Coronavirus: Roum uerdert d‘Schléissung vun allen net noutwennegen Entreprisen un
Neiegkeeten

Coronavirus: Roum uerdert d‘Schléissung vun allen net noutwennegen Entreprisen un

An Italien, mat eent vun den am schlëmmste, vun der

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt
Neiegkeeten

HaxoGreen 2018: Vun Atari Chiptunes bis Date-Klo, den Tüftler iwwert d‘Schëller gekuckt

Fir Leit déi näischt mat Technik um Hutt hunn, sinn et villäicht

D’Regierung reagéiert op IDAHOBIT Erklärung

D’Regierung reagéiert op IDAHOBIT Erklärung

Den 19. Mee 2021 huet d’Regierung op d’Regierung op D’IDAHOBIT Erklärung geäntwert, déi am Kader vum internationalen Dag géint Homophobie, Biphobie, Interphobie an Transphobie vun der Organisatioun Rosa Lëtzebuerg verëffentlecht gouf.

Dësen Dag fënnt all Joer de 17. Mee statt, en déngt zur Sensibiliséierung zur Bekämpfung vu Gewalt an Diskriminéierung géigeniwwer vu lesbeschen, schwulen, bisexuellen, trans- an intergeschlechtleche Mënschen.

Déi domat verbonnen Erklärunge ginn dem Europarot virgeschloen, de Kader ass dobäi den IDAHOT Forum. Duerch déi sanitär Gesondheetskris huet dëse Forum, dee vu Groussbritannien an Zypern organiséiert gëtt, virtuell stattfonnt. D’Familljeministesch Corinne Cahen huet an dësem Zesummenhang virgeschloen d’Engagement vun der Regierung ze bekräftegen an all Form vun Diskriminéierung vu LGBTIQ-Mënschen ze bekämpfen, d’Ministesch ass d’Koordinatorin fir d’Rechter vun dëse Mënschen ze fërderen.

Dobäi huet si begréisst, datt d’Erklärung ugeholl gouf, si erënnert un d’Beméiunge vun der Regierung fir d’Gläichstellung vun den LGBTIQ Persounen ervirzehiewen. Déi éischt EU-Strategie zu dësem Thema gouf am November 2020 vun der Europäescher Kommissioun virgestallt.

Allerdéngs huet d’Ministesch Corinne Cahen betount, datt iwwerall Ustrengunge mussen ënnerholl ginn, zemools elo an der Krisenzäit.

„Lëtzebuerg ënnersträich, datt d’Gläichstellung vu LGBTIQ-Persounen an d’Net-Diskriminéiere Grondwäerter vun der Europäescher Unioun sinn. All Mënsch muss sech fräi fillen an a Fridden a Sécherheet liewe kënnen, ouni Angscht virun Diskriminéierung a Gewalt opgrond vun der sexuellen Orientéierung, der Geschlechtsidentitéit oder enger Variant vun de geschlechtsspezifesche Mierkmoler.” (Auszuch aus der Regierungserklärung)

Lëtzebuerg, en europäesche Virreider

De 17. Mee huet ILGA Europe (vereent méi wéi 600 Verbänn a setzt sech fir LGBTI-Rechter an) déi 12. Editioun vun der Rainbow Map verëffentlecht. An dëser „Map“ gi Gesetzer a Richtlinnen zur Gläichstellung vu LGBTIQ-Mënsche bewäert, 49 europäesch Länner ginn ënnert d’Lupp geholl. Dobäi ginn si op enger Skala vu O bis 100% agestuuft. Mënscherechtsverletzungen, schwéier Diskriminéierung, dat spillt alles eng Roll.

Dobäi gëtt no 6 Kategorië bewäert:

Gläichstellung an Net-Diskriminéierung, Famill, Haassverbriechen u -rieden, rechtlech Unerkennung vum Geschlecht a kierperlech Integritéit, Raum vun der Zivilgesellschaft an Asyl.

Lëtzebuerg ass dëst Joer op e Gesamtresultat vun 72% komm. Schonn zënter dräi Joer beleet d’Land déi 3. Plaz an der Ranglëscht. Et feelt also net méi vill – da sinn déi 100% erreecht. Mat Solidaritéit, Toleranz a Respekt misst dach nach e bessert Resultat méiglech sinn.

Illustratioun: © Ian Taylor / unsplash

Annex: Den IDAHOT (erkläert)

Related topics IDAHOT, LGBTIQ, Mënscherechter, Regierung, Rosa Lëtzebuerg, Toleranz
Next post Previous post