D‘Spuerkeess soll d‘Schléissung vun den Agence aussetzen
Opgrond der Ugekënnegter Schléissung vun 11 Filiale vun der Staatsbank-
Opgrond der Ugekënnegter Schléissung vun 11 Filiale vun der Staatsbank-
Opgrond vun der Ausgangsspär am Kampf géint de Coronavirus huet
Dierfe mir virstellen: KWAÏDAN ass de jéngste musikalesche Bijou aus
D‘Fondatioun IDEA, den „Think Tank“ vun der Handelskummer, déi sech nach virun engem Mount mat Gedanken zum Mindestloun geäussert hat, huet sech nach emol de Pensiounssystem op d‘Long gezunn. Esou huet de Muriel Bouchet an der „Iddi vum Mount N°21“ konkret Propose zur Reform vun eisem Rentesystem virgeluecht.
Et ass dann och net den éischte Versuch vun der Fondatioun IDEA. Scho mat der „Iddi vum Mount N°19“ aus dem November 2017, ass sech d‘Fro gestallt ginn, wéi eng Reforme mussen ergraff gi fir de lëtzebuergesche Rentesystem méi performant ze gestalten. De Muriel Bouchet stellt do fest, datt de „Lëtzebuerger“ ëmmer méi al gëtt, déi sougenannten „Baby-Boomer“ an d‘Pensioun ginn, an och d‘Grenzgänger iergendwann eng zegutt hunn.
An dëser neier Ausgab awer, geet den Ekonomist op konkret Virschléi fir eng dréngend noutwenneg Reform vum Rentesystem an. De Fransous ass zudeem iwwerzeegt, dat hien de Stee vum Weise fonnt huet. Zumindest entsteet dësen Androck, bei senger Behaaptung, datt déi Moossnamen, déi hei vun IDEA proposéiert ginn, eppes wéi e „Schlësselfäerdege Projet“ fir d‘Regierung sinn. Freet sech elo just nach, op dat um Krautmaart och esou gesi gëtt.
Interessant ass d‘Rhetorik déi ugewannt gëtt. Esou leet de Muriel Bouchet grousse Wäert drop, datt d‘Leit sech bewosst musse sinn, datt et hei ëm Moossname geet, déi verhënnere sollen, datt d‘Ausgabe fir Pensiounen, net géintiwwer dem Bruttoinlandprodukt (BIP) aus dem Rudder lafen. An hien hält poch nach ëmmer dru fest, datt dësen all Joers misst ëm 5% klammen, wann eis dru geleeë wier dëse System esou wei en ass, oprecht ze erhalen.
Dofir sollten déi vun der Denkfabrick virgeschloe Moossnamen a betruecht geholl ginn, well déi et méiglech maachen, datt de Rentesystem, och mat enger BIP-Progressioun vun „nëmmen“ 3% am Joer, haltbar ass. Hei dierf ee festhalen, datt den ugefouerte Prozentsaz vun der BIP-Progressioun, deem Mëttelwäert entsprécht, wéi en zanter elo bal zwee Joerzéngten zu Lëtzebuerg notéiert gëtt. E gewëssent Wuesstemspotential ass an d‘Berechnung agefloss.
Dat ass et awer nach net ganz. Do wou sech den Hond an de Schwanz bäisst, ass dat wat vum IDEA Ekonomist, ënnert der Bezeechnung „Plang 50 + 1“ ze verstoen ass. Heibäi geet et ëm näischt anescht wéi den proportionellen Undeel ze reduzéieren, an de Forfait ze erhéijen. Dat verlaangt elo eng Erklärung:
De proportionellen Undeel: dat ass de cumuléierte Revenu vun de Beruffsjoren, multiplizéiert mat engem festgeluechte Koeffizient;
de Forfait: dat ass de Montant pro Mount (aktuell läit dëse bei 490,20 Euro) deen enger Persoun déi 40 Joer laang geschafft huet, zousteet. Dozou muss d‘Zoulag vum Joresenn, déi am August op 779,52 Euro gehéicht ginn ass, ugerechent ginn.
Dës Pendelbeweegung ergëtt sech iwwer Joerzéngten, verséchert den Ekonomist, deen zougesteet, datt hei eigentlech just d‘Gesetz vum Dezember 2012 iwwerholl ginn ass, an „e puer Ajustementer“ virgeholl goufen.
An iert elo all Mënsch op d‘Barrikade geet, muss gewosst sinn, datt de Muriel Bouchet zertifiéiert, datt dës Reform (no sengem Muster) „sozial“ wier. D‘Argument: Eng Persoun déi d‘Mindestrent (dat sinn aktuell 1.824 Euro) behält déi och. Et ass bei den „décke Renten“ wou ugesat gëtt, an dat ouni Ënnerscheed tëscht Privatsecteur an ëffentlechem Déngscht.
Et géif sech, esou den Ekonomist, hei net ëm en Uschlag op d‘Errongenschafte vun den aktuelle Pensiounen handelen. De Plang 50+1 géif jo och keng Verännerung vum Rentenantrëttsalter mat sech bréngen, dee den Ament nach bei 65 Joer läit. Villméi misst een dës Reform als gerecht, am Kader vun der „intergenerationeller Gerechtegkeet“ gesinn.
Dat ass sécherlech en ëffentlechen Debat wäert, an et dierf ee gespaant sinn, wéi eng Parteien déi vun der Fondatioun IDEA virgeluechte Proposen iwwerhuele wëllen. Et ass – zumindest politesch – e gliddegt Eisen, a wa Politiker eppes guer net gäre maachen, dann ass et sech d‘Fanger verbrennen.
Foto: Brauchen d‘Rentner vu muer e „Rettungsschierm“?