Search

You may also like

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. Dezember 2019
Money Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. Dezember 2019

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

De Summer um Stauséi: Eise Ranger zitt e positive Bilan
Money Neiegkeeten

De Summer um Stauséi: Eise Ranger zitt e positive Bilan

Fir eng alleréischte Kéier ass um a ronderëm de Stauséi

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?
Money Neiegkeeten

Bréngt Fleeschverzicht der Ëmwelt wierklech eppes?

Un enger Modellrechnung hunn US-amerikanesch Fuerscher elo berechent, wat de

money

D‘Fondatioun IDEA weess wéi den Entreprisen ze hëllefen ass

D‘Fondatioun IDEA weess wéi den Entreprisen ze hëllefen ass

Am Oktober si Chamberwahlen, an den Think-Tank vun der Handelskummer, d‘Fondatioun IDEA, huet sech den allgemengen Zoustand vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg ugekuckt. Wann et esou schlecht net ass, esou misst et zu enger fiskalescher Reform kommen. A wie mat guddem Gewësse scheitert, deem muss eng zweet Chance bewëllegt ginn.

Wéi dat soll goen, erkläert den Ekonomist vun der Fondatioun an engem 20säitegen Dokument, datt fir d‘Kandidate vun alle Parteie bestëmmt ass. Interessant ass, datt den Auteur, Michel-Edouard Ruben, a senger Aleedung feststellt, datt et den Entreprisen zu Lëtzebuerg am grousse Ganze gutt geet, wat net gläichbedeitend domatter ass, datt näischt méi misst gemaach ginn.

Hien ass dovunner iwwerzeegt, datt fir eng kleng oppe Wirtschaft, déi staark vum internationalen Austausch beaflosst gëtt, Lëtzebuerg sech e generéise Pensiounsregimm gënnt, an sech och zolidd ëffentlech Ausgabe leescht. Wann een dat géif berécksiichtegen, misst engem aliichten, datt een ëmmer méi fir d‘Entreprise muss maachen, déi jo d‘Grondlag vun der Finanzéierung dofir sinn.

Ouni d‘Salariat kann et keng Entreprise ginn

Aus dem Dokument ass ze enthuelen, datt zu Lëtzebuerg, tëscht 2013 an 2017, insgesamt 47.000 Aarbechtsplaze geschafe goufen. De Michel-Edouard Ruben wëll zudeem wëssen, datt et der dëst Joer nach emol 15.000 sinn, déi derbäi kommen. Zuelen déi däitlech maachen, datt sech d‘Firmen, Betriber an Entreprisen zu Lëtzebuerg wuel fillen.

Den Terrain ass also gënschteg fir dee wou sech wëll lancéieren. Mat ëm déi 3.000 Neigrënnunge pro Joer, leit Lëtzebuerg gutt géintiwwer dem internationale Verglach. Laut IDEA, a mat engem Wuesstem deen ëm déi 3% d‘Joer läit, ginn et zu Lëtzebuerg geschwënn 40.000 Entreprisen. An déi brauche Mataarbechter, wëll ouni Salariéeë kann et och keng Entreprise ginn.

Fir de Schwong ze notzen, an esou nach weider Entreprisen op Lëtzebuerg ze zéien, an deenen déi do sinn den Ausbau ze erliichteren, huet den Ekonomist och e puer Propose parat. Als éischt Moossnam schléit de Michel-Edouard Ruben vir, eng Reform vun der Kierperschaftssteier virzehuelen déi, déi fiskal Konkurrenz an déi nei europäesch Verflichtunge berécksiichtegt.

En zolidd Fundament géissen

Geet et dem IDEA-Ekonomist no, da misst d‘Strategie vun der nächster Regierung déi sinn, eben dës Kierperschaftssteier vun elo 26,1 % op 20% erofzesetzen. Zousätzlech dozou, wier et gesond den reduzéierten Taux op Erträg ënnert 30.000 Euro ganz ewech ze loossen. Dofir géif et „keng wirtschaftlech Grondlag“, esou de Michel-Edouard Ruben.

An dësem Kontext, sollt d‘Kapitalertragssteier vun de Kollektivitéiten (IRC), déi kommunal Gewerbesteier (ICC) an déi ominéis Solidaritéitssteier (Isol) fir nei gegrënnten Entreprisen op der Säit gelooss ginn. Déi sollten dofir ugebuede kréien, hir Perten „no vir“, iwwert dat fënneft Joer ewech verleeën dierfen. Dat wier besonnesch fir jonk Entreprisen eng grouss Entlaaschtung.

E weideren, an och nach pertinente Virschlag am Bezuch op de Brexit an dem Konkurrenzkampf deen sech vill Länner a Punkto „Attraktivitéit“ liwweren, ass et den fiskale Regimm, deen op d‘Salariée vun enger Entreprise ugewannt gëtt, déi an d‘Land geholl ginn, unzepassen. En Update vun der Besteierung deen dëse Salariéeën eege wier, sollt onbedéngt gepréift ginn.

Kleng a mëttelstänneg Betriber no vir bréngen

Mat der Upassung vun de Steiere fir d‘Awanderer, géifen d‘Entreprisen entlaascht, déi en Deel vun de Käschten, vu hiren am Ausland rekrutéierte Mataarbechter, déi sech zu Lëtzebuerg néierloossen iwwerhuelen. Och sollt d‘Zuel vun de Mataarbechter déi eng Entreprise beschäftege muss, fir vun dësem Regimm ze profitéieren, no ënne revidéiert ginn. Aktuell läit déi bei 20 Salariéeën.

En anere Sujet ass d‘Iwwerdroe vun der Entreprise. Fir vill Patronen en Thema datt se net esou gären uschwätzen, fir den Ekonomist awer e wichtegen ass. Eng Entreprise weiderzegi kann och eng gutt Geleeënheet sinn, déi kleng a mëttelstänneg Betriber wuessen ze loossen. Et kéint esouguer derzou bäidroen, datt heirauser kleng „Gruppe“ entstinn.

Dat ass allerdéngs nëmmen dann och wierklech ze realiséieren, wa gewosst ass, wie gewëllt ass säi Betrib weiderzeginn, an dem eventueller Nofolger och Ënnerstëtzung gebuede gëtt. Fir den Ekonomist gëllt et hei esouwuel déi ze sensibiliséieren déi d‘Entreprise veräussere wëllen, wéi eben déi ze ënnerstëtzen déi bereet wieren d‘Entreprise weiderzeféieren.

Investissementer encouragéieren

E weidere Virschlag vum Ekonomist: déi sougenannten „business angels“, also Leit déi bereet sinn an eng nei Entreprise ze investéieren, mat Steiererliichterungen ze encouragéieren. Dat awer net blannemännerches. Hei sollt gepréift ginn, op de „business angel“ deem esou e Steiervirdeel gebuede gëtt, och genuch Erfarung huet a Member vun engem „business angels“ Reseau ass.

Méiglech wier nach d‘Investissement iwwert e Finanz-Intermediaire ze tätegen, wann dësen op Investitiounen a Start-ups spezialiséiert wier. Betriber déi heifir a Fro kommen, musse méi jonk wéi fënnef Joer sinn, dierfen net am Finanzsecteur aktiv, an och net op der Bourse kotéiert sinn. De minimum deen investéiert soll ginn, soll statt 100.000 nëmmen nach 10.000 Euro bedroen.

Iwwerhaapt wier déi nächst Regierung gutt beroden, d‘Entreprise besser ze behandelen. Esou géif scheiteren (faillite maachen) zu Lëtzebuerg nach ëmmer net toleréiert. Wien näischt mécht kann dann och net scheiteren, a wien sech éierlech beméit huet, muss eng zweet Chance erhalen. Hei missten entspriechend Mechanissem gräifen, déi et nach auszeschaffe gëllt.

Related topics Chamberwahlen 2018, Fondatioun IDEA, Handelskummer, Konjunktur, Steieren
Next post Previous post