Search

You may also like

Frankräich: Eng onofhängeg Enquête iwwer d‘Pedophilie an der Kierch?
International Neiegkeeten Stories

Frankräich: Eng onofhängeg Enquête iwwer d‘Pedophilie an der Kierch?

E Grupp vu Perséinlechkeeten, dorënner reliéis Würdenträger, ex-Politiker, Affekoten an

dislike
Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris
International Neiegkeeten Stories

Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris

Am däischteren a stëllen Hangar vun engem klengen hollännesche Bauerenhaff:

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten
International Neiegkeeten Stories

Italienesch Autoritéite leeë Rettungsschëff un d‘Ketten

Iwwer Facebook hat den italieneschen Transportminister, Danilo Tonelli, bekannt ginn,

Wann Idioten d‘Welt beherrschen

Léiwer e schlecht Atomofkommes wéi eng gutt Handelsbezéiung tëscht China an dem Iran

Wann Idioten d‘Welt beherrschen

Wéi 2015 den US-President Barack Obama, no zéie Verhandlunge mat den Ajatollahen, zesumme mat eigentlech verlässleche Partner d‘Atomofkommes (JCPOA) op de Wee bruecht hat, hätt ee sech geduecht: „et gëtt besser“. Schliisslech dréit den Handel jo derzou bäi, datt sech méi oft an ënnert anere Viraussetzungen ausgetosch gëtt. Handel brauch de Fridden…

Leider féieren zuweile gewësse Geschäfter derzou, datt et emol fir unzefänken een zolitte Konflikt brauch. Wann et richteg ass, datt et tëscht Washington an Teheran zanter de 70er Joren an „aus Grënn“ net méi esou déi grouss Léift ass, esou ass d‘Ënnerstëtzung vu Saudiarabien am Jemen-Konflikt als éischt ee Kaddo un de Militärkomplex. A jo dat ass och ee Stellvertriederkrich.

Gëschter dann endlech emol nees esou eppes wéi en Hoffnungsschimmer. Nodeems en 80 järegen nees de stärebedeckte Fändel um Globus zum neiem Glanz verhëllefe wëll, déi traditionell Partner vun den USA nees wëll d‘Gefill sollen hunn, datt si méi verbënnt wéi just de Goss, gouf zu Wien d‘Méiglechkeet vun engem neien Atomofkommes beroden. D‘Amerikaner hu just nogelauschtert.

Et ass jo gewosst, datt d‘Ofkommes am Mee 2018 vum sengerzäit amtéierenden US-President eesäiteg an ouni Récksprooch mat den anere Signatairen zerrappt gouf. A Saudiarabien war een deraart begeeschtert, datt een direkt vir véier Milliarde Krichsmaterial akaf huet. Dat gouf dann och prompt am Jemen agesat, woubäi virun allem Fraen a Kanner vun de Saudien ëmbruecht goufen.

Leider huet de saudesche Krounprënz en Dissident a fir d‘Washington Post agéierende Kolumnist an der saudescher Ambassade zu Istanbul dout maache gelooss, wat eppes Diskussioune ginn huet. Washington huet seng Relatioun mat Riad missen eppes iwwerdenken. Et wier een ënnert gewësse Konditioune bereet d‘Ofkommes mam Iran nach emol op de Leescht ze huelen, esou d‘Message.

Net Kredibel, net Vertrauenswierdeg

Elo hunn d‘Amerikaner awer ee wierklech grousse Problem. Si stinn net nëmmen am Verdacht eege virgeluechte Verträg onverhofft ze briechen, si zéien dat demonstrativ an virun den erstaunten Ae vun der Weltgemeinschaft ganz oppen duerch. Et ass jo net nëmmen den Accord mam Iran, deen de Virgänger mat doudegem Hond op der Glatz, bei der Däiwel gekéiert huet. Dat ze korrigéieren…

Woubäi… streng geholl huet och den 80 järege Joe Biden näischt guddes am Sënn, wann hie vum 82 järege spirituelle Leader Ali Hossein Khamenei schwätzt. Och hie sënnt nach ëmmer no enger Revanche fir de Stuerm op d‘US-Ambassade wärend der islamescher Revolutioun. Mee do sinn d‘Europäer, déi gäre Rou an a Stabilitéit an der Regioun hätten, an esouguer Handel dreiwe wëllen.

Däitschland a Frankräich hunn dann och hirersäits drun erënnert, datt de deen 2015 zu Lausanne ausgehandelte Vertrag zum Zweck hat, Teheran vum Bau vun enger Atomwaff ofzehalen. Et war den Iraner an Aussicht gestallt ginn, datt sollten si sech um nukleare Rimm rappen, een dann iwwer Handelsbezéiungen an Ophiewung vun de Wirtschaftssanktiounen nodenke kéint. „Nodenken“?

Jo tatsächlech ass wierklech just driwwer nogeduecht ginn, well d‘Amerikaner hunn all Regëster gezunn Handelsbezéiungen onméiglech ze maachen. Déi Europäesch Unioun huet wuel versicht dergéint unzegoen, konnt sech schlussendlech net duerchsetzen. Domadder war d‘Ofkommes da Geschicht, an d‘Ajatollahen waren net méi un den Deal gebonnen an hunn nees lassgeluecht.

An da sinn do och nach…

Eng Ganz Rei un aner Paradigmen, déi d‘Amerikaner, d‘Britten an déi Europäesch Signataire wuel manner interesséiert hat, wéi d‘Atomofkommes denoncéiert ginn ass, ass d‘Roll vun de Russen an de Chinesen, déi och Signataire waren, an drolecherweis zesumme mat de Fransousen an de Germanen den Accord rette wollten. Déi sti grad net esou wierklech an der Gonscht vun den USA.

Mat de rezente Sanktiounen déi Washington an d‘Membere vun der Unioun géint Russland an och China verhaangen hunn, dierft et Diplomaten hunn, déi sech ee Spaass dorausser maachen, hir politesch Géigner ze zëssen an ëffentlech virzeféieren. Wärend sech Moskau mat Popcorn an kille Softdrinks agedeckt huet, hunn d‘Chinesen sech net fléiwe gelooss an emol e puer Jalone gesat.

Enn Mäerz hu China an den Iran ee Kooperatiounsofkommes ënnerzeechent. Et gëtt dobäi ëm wirtschaftlech a strategesch Bezéiungen. Dat huet zu Washington fir eppes Häerzklappe gesuergt an dierft bei de „Verhandlungen“ eng gewësse Roll spillen. Fir den Ament hunn d‘Ajatollahen dann och kee Gespréichsbedarf mat den USA. De Russe gefält gëtt, an de Problem bleift bestoen.

mam Helge Topfledder (IM-vie) an dem Lisa Blacksmith (IM-nyc)

Illustratioun: © Mathieu Stern / unsplash

Related topics Atomofkommes, IAEA, Iran, JCPOA, Verhandlungen, Wien
Next post Previous post