United for Climate Justice: De Klimastreik vun haut
Am Kader vun der Climate Action Week, déi vum 20.
Am Kader vun der Climate Action Week, déi vum 20.
Nom Fligeraccident um internationale Fluchhafe José Marti zu Havanna (Kuba),
D‘Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Sozialminister Romain Schneider si wuel
D‘Aktioun „Grouss Botz 2019“ gëtt organiséiert vun der Stad Iechternach an Zesummenaarbecht mat der Administratioun vun der Natur an de Bëscher, esou wéi der Asbl „Asazzenter Iechternach“. Heizou ass dann och all Mënsch häerzlech agelueden, woubäi et duer geet sech dem Wieder entspriechend ze kleeden, fir de Recht ass virgesuergt.
Fir Eltere mat „klenge Butzen“ déi wëlle matmaache geet eng „Bëschcrèche“ ageriicht. Hei dierften d‘Krapperten an d‘Knetzele vu kompetentem Personal encadréiert ginn, esou datt déi sech och net langweilen. Wéi e gesäit ass säitens der Organisatioun un alles geduecht ginn, an eigentlech misst d‘Aktioun géint der Mëtteg erfollegräich ofgeschloss ginn. Ëmmerhin ass dann Zäit fir den Apero.
Den Nomëtteg geet et dann eppes méi kulturell weider. Ab 12 Auer gëtt beim „Naturhaous“ um Séi de „World Disco Soup Day“ zelebréiert. Dëse gëtt vu „Slow Food Youth Luxembourg“ an enker Zesummenaarbecht mam Klimateam Iechternach organiséiert. Et ass den éischten Event senger Aart, deen op Initiativ vum „Slow Food Network“ an d‘Liewe geruff ginn ass.
De Mouvement „Slow Food Youth Luxembourg“ gëtt ze bedenken, datt et nach vill Géigenden op der Welt gëtt, an deenen d‘Mënschen un Ënnerernierung leiden a stierwen. Wa gewosst ass, datt all Dag 1,3 Milliounen Tonne Liewensmëttel an d‘ Dreckskëscht ginn, musse Moossnamen ergraff ginn. Dofir maacht mat a schlot iech de Bauch voll, amplaz d‘Poubellen ze fëllen.
Wat d‘Aktioun betrëfft, esou huet si hir Originnen zu Berlin, wou viru fënnef Joer mat enger „Schnippeldisko“ géint d‘Verschwendung vu Liewensmëttel protestéiert ginn ass. Um éischten Event haten sech gutt 8.000 Leit bedeelegt. Den aktuelle System fërdert d‘Verschwendung an deem wëll sech d‘Community „Slow Food“ entgéintstellen.