Search

You may also like

money
UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie
Neiegkeeten

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

Dräi Rechtsprofessere vun der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit vun Hong

Wat ass gréng a liicht am Däischteren?
Neiegkeeten

Wat ass gréng a liicht am Däischteren?

2020, ee Joer dat eis nach laang wäert an Erënnerung

Bullseye: Eng Premiere fir de Bristol-Darts zu Uewerkuer
Neiegkeeten

Bullseye: Eng Premiere fir de Bristol-Darts zu Uewerkuer

Et war eng Premiere: Den éischte Festival, deen d‘Lëtzebuerger Darts

Den Ierfgroussherzog besicht de Krautgaart zu Stengefort

Gëschter huet S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume de „Krautgaart“ zu Stengefort besicht. Zesumme mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider an dem Marc Weyland, Direkter vun der ASTA huet sech de klengen interesséierte Grupp den agro-ekologesche Gaart, deen am Joer 2015 opgeriicht ginn ass, emol méi no ugekuckt.

Iwwert e bësse méi wéi een Hektar zitt sech d’Wierk vun de jonke Baueren, déi an hire Parzellen ouni Pestiziden, mineraleschen Dünger a grouss Maschinne schaffen. Hei ass Handaarbecht ugesot. An och wann et vläicht méi laang dauert wéi gewinnt, kënnt een der Ëmwelt mam néidege Respekt entgéint. Esou ginn net nëmmen d’Strukturen an d’Organisme geschützt, och d’Qualitéit vun der Produktioun gëtt positiv beaflosst.

Mëttlerweil ass dës Aart vun der Bewirtschaftung duerch solidaresch Bauere méiglech, déi sech géigesäiteg Vertraue schenken an esou och dem Konsument e gutt Gefill ginn. Eng lokal Produktioun kann iwwert de ganz Produktioun garantéiert ginn.

Méi zum Krautgaart gitt Dir op krautgaart.com gewuer.

Uewe fannt Dir eng Billergalerie zur Visitt © Cour grand-ducale / Sophie Margue

Related topics agro-ekologesche Gaart, ASTA, Guillaume, Handaarbecht, keen Dünger, keng Pestiziden, Krautgaart, Landwirtschaftsminister, Marc Weyland, Parzellen, Romain Schneider, S.A.R. den Ierfgroussherzog, Solidaresch Baueren, Stengefort
Next post Previous post