Search

You may also like

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!
Neiegkeeten

What the Fakt – Wisou de Gréngen Donneschdeg fir ze kräischen ass!

Pünktlech zum Enn vun der chrëschtlecher Faaschtenzäit an esou kuerz

Geschwënn ass nees Autofestival
Neiegkeeten

Geschwënn ass nees Autofestival

Vum 25. Januar bis den 8. Februar heescht et nees

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt
Neiegkeeten

Bei der ADR geséich een et gären, datt sech d‘CSV vun hirem „C“ trennt

Mam chrëschtleche Selbstverständnes, esou wéi dat d‘ADR gesäit, besonnesch wann

Visitt vun ArcelorMittal zu Déifferdeng

S.A.R. den Ierfgroussherzog an de Wirtschaftsminister Franz Fayot hunn de 4. Mäerz 2021 de Site vun ArcelorMittal zu Déifferdeng besicht. D’Manager vun Konzern hunn an dësem Kader déi jéngste Groussinvestioune presentéiert. Ausserdeem gouf d’Ëmsetzung vun engem neie Prozess fir d’Hëtzbehandlung vu Stol virgestallt.

Zënter méi wéi engem Joerhonnert huet den Déifferdenger Site e weltwäite Ruff opgebaut. An dat fir d’Hierstellung vun de schwéiersten, héchsten a breetsten Träger vun der Welt. Se gi fir de Bau vu Wollekekrazerte genotzt. De Projet gouf 2018 initiéiert, mat der Ariichtung vun enger neier Maschinn – déi d’Qualitéit vun den Träger, déi op der Plaz produzéiert ginn, erhéijen kann – gouf 2020 d’Entrée an d’Industriephas realiséiert. Dës nohalteg Investitioun kascht ArcelorMittal bal 40 Milliounen Euro.

ArcelorMittal
© ArcelorMittal / Emmanuel Claude

Déifferdeng begréisst en Moderniséierungsprogramm,deen zum Deel vum Wirtschaftsministère kofinanzéiert gouf. Dat ass ee verbessert, thermomechanescht Behandlungsverfaren, wat d’Bauen vun Trägeren, vun aussergewéinlecher Qualitéit erméiglecht. Dat neit Verfare gëtt Stolprofiler en héije Elastizitéitslimit an eng exzellent Schweessbarkeet. Doduerch ka Gewiicht agespuert ginn. Dës Investitioun huet ArcelorMittal 8,5 Milliounen kascht.

Duerch d’Pandemie gouf d’Stolindustrie mat schwéiere Bedéngunge konfrontéiert, zemools well d’Aktivitéiten an der Automobil- a Bauindustrie zeréckgaange sinn. Aus dësem Grond goufen am September 2020 am Kader vun enger Tripartite Gespréicher opgeholl.

ArcelorMittal
(v.l.n.r.) Roland Bastian, Country Head ArcelorMittal Luxembourg; S.A.R. den Ierfgroussherzog; Franz Fayot, Wirtschafsminister; Michel Wurth, President vun ArcelorMittal; Thomas Georges, CEO vun ArcelorMittal Déifferdeng © ArcelorMittal / Emmanuel Claude

De 25. Januar 2021, um Enn vun der Tripartite, gouf tëscht der Regierung, den Sozialpartner an ArcelorMittal en Accord mam Numm LUX2025 geschloss. Dësen Accord beseet, datt ArcelorMittal an d’Entwécklung vu senge Produktiounssitten investéiert, fir d’Nohaltegkeet vun den Aktivitéiten am Grand-Duché ze garantéieren. Et si weider Investitioune geplangt.

De Wirtschaftsminister Franz Fayot seet dozou: „ArcelorMittal investéiert zu Déifferdeng weider nohalteg a méi modern Ariichtungen, fir Energieaspuerungen ze erméiglechen. Fir déi nohalteg Entwécklung vun der Lëtzebuerger Wirtschaft ze ënnerstëtzen, setzt sech de Ministère dofir an, d’Lëtzebuerger industriell Acteuren am digitalen an ökologeschen Iwwergang z’ënnerstëtzen. ArcelorMittal hëlt eng ganz besonnesch Plaz an dësem Kontext.“

De Roland Bastian vun ArcelorMittal fënnt, datt de Besuch vu S.A.R dem Ierfgroussherzog a vum Wirtschaftsminister e grousst Encouragement fir d’Mataarbechter sinn, déi all Dag schwéier schaffen, fir de Cliente ronderëm d’Welt ze déngen.

Billergalerie © ArcelorMittal / Emmanuel Claude

Related topics ArcelorMittal, Déifferdeng, Franz Fayot, Ierfgroussherzog Guillaume, Moderniséierung, nei Maschinn, Stolindustrie, Träger, Visitt
Next post Previous post